Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn
International Neiegkeeten

Kalifornien ass duerchgerëselt ginn

En Äerdbiewe mat enger Stäerkt vu 6,4 op der Richterskala,

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op
International Neiegkeeten

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op

Haut op den Dag genau ass et 260 Joer hir,

De Mark Zuckerberg muss sech haut schwéiere Froe stellen
International Neiegkeeten

De Mark Zuckerberg muss sech haut schwéiere Froe stellen

De Mark Zuckerberg, Chef vu Facebook, gëtt haut am europäesche

Ankara versicht et mat Zensur

D‘Tierkei vergënnt sech e Gesetz zur Kontroll vun de soziale Medien

Ankara versicht et mat Zensur

Ufank Juli hat sech den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan, alt nees missen iwwert den schlechte Beholl vun de Mënschen an de sozialen Netzwierker opreegen. Hie wier wuel ee grousse Verfechter vun der Presse- a Meenungsfräiheet, mee wat sech do am Netz géif ofspillen, dat wier inakzeptabel. Hie misst seng Landsleit virun dësem onmoraleschem Inhalt schützen…

An esou huet sech dann och dat tierkescht Parlament dru gesat an e Gesetz ausgeschafft. Ee Gesetz mat deem d‘Bedreiwer enger méi strenger Kontroll ënnerzu ginn, gouf elo vun den Deputéierten ugeholl. Facebook, Twitter a YouTube, mee och all aner Plattform déi sech op méi wéi 1 Millioun tierkesch User beruffen, sollen elo un d‘Léngt geholl an de Maulkuerf ugedoe kréien.

Dës Plattforme mussen elo zwéngend eng Néierloossung an der Tierkei opmaachen, a fir sech ganz sécher ze sinn, mussen dës Plattformen an dësen Néierloossungen engem tierkesche Staatsbierger den Job vum Direkter ginn. Dës Filiale gëllen dann och als den exklusiven Uspriechpartner fir déi tierkesch Autoritéiten. Am Gesetz sinn dann och eng helle Wull u Virgaben an Obligatiounen dran.

Esou mussen d‘Plattformen am Fall vun enger „offizieller“ Ufro, bannent 48 Stonnen Inhalter am Netz läschen oder änneren. Maachen si dat net, da gëtt hire Service am Land ageschränkt, et gëtt entspriechend héich Geldstrofen an zur Nout sollen och Leit agespaart ginn. Meenungsfräiheet wier en héicht Gutt, mee et kann een et iwwerdreiwen, firwat dëst Gesetz zwéngend noutwenneg war.

Fundamental islamesch

Wéi gesot, et war de Sultan a Persoun, dee drop bestanen huet dëst Gesetz méiglechst séier an mat der entspriechender Häert ëmzesetzen. De Recep Tayyip Erdogan an déi konservativ-islamistesch AKP schéngen decidéiert – nodeems si aus engem Musée eng Moschee gemaach hunn – d‘Tierkei zu engem Gottesstaat ze maachen, an dat sollt engem bei engem NATO-Partner ze bedenke ginn.

De stellvertriedenden AKP-Fraktiounspresident Özlem Zengin huet dëst Gesetz am Parlament a géintiwwer de Medie verdeedegt, an sech hei voll a ganz der Rhetorik vum Sultan ugeholl. Sozial Netzwierker géife genotzt fir d‘Onmoral ze verbreeden. „Eis Zil ass et, d‘Beleidegunge wéi och d‘Belästegungen déi duerch den Internet weidergeleet ginn, ze beendegen“, esou de Politiker.

Tatsächlech dierft et awer emol drëms goen, d‘Verbreedung vun Informatiounen, déi iwwert dës Kanäl och an der Tierkei zur Meenungsbildung bäidroe kéinten, ze verhënneren. Reporter ouni Grenzen (RSF) statuéiert, datt d‘Regierung esou versicht de kritesche Journalisten am Land déi lescht Zouflucht ze huelen. Esou ginn dann elo net méi nëmmen déi traditionell Medie kontrolléiert.

mat indymedia/tlv

Illustratioun: © Ali Arif Soydas / unsplash

Ähnlech Sujeten Ankara, Facebook, Meenungsfräiheet, Özlem Zengin, Recep Tayyip Erdogan, Sozial Netzwierker, Tierkei, Twitter, Youtube, Zensur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel