Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 6
https://moien.lu/asian-dating-meme/ https://moien.lu/berlin-singles-dating/

telus internet hookup phone number

Och an dëser Ronn hu mer de Bléck iwwert d’Landkaart

best dating sites austria
https://moien.lu/asian-dating-meme/ https://moien.lu/berlin-singles-dating/

Déi Demokratesch Partei am Wahlkampfmodus

Et gëtt vill flott Säll am Land, wou een als

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch
https://moien.lu/asian-dating-meme/ https://moien.lu/berlin-singles-dating/

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch

Pünktlech zum Ufank vum Fréijoer gëtt d’Natur geéiert a virun

Ankara a Washington tausche „Frëndlechkeeten“ aus an d‘Lira geet an de Keller

Ankara a Washington tausche „Frëndlechkeeten“ aus an d‘Lira geet an de Keller

E Freideg huet d‘Tierkei versprach „zréckzeschéissen“ falls sech d‘USA dozou sollten entscheeden, wéi se gedreet hunn, hir Sanktiounen ze verschäerfen. Sanktiounen déi Washington sengem NATO-Partner operluecht huet, nodeems en amerikanesche Paschtouer „festgehale“ gëtt.

Grad am Ament wou déi tierkesch Regierung beméit war, d‘Finanzmäert am Bezuch op eng „zolidd Wirtschaft“ ze berouegen, huet den US-Finanzminister, Steven Mnuchin virgewarnt, datt d‘USA der Tierkei weider Sanktioune wäerten operleeën, sollt sech Ankara net derzou entscheeden, de Paschtouer Andrew Brunson fräi ze loossen.

„Mir hunn an de Limitte vun de WTO-Reegelen (op déi amerikanesch Sanktiounen) geäntwert, a mir wäerten dat och weiderhin esou maachen“, gëtt déi tierkesch Handelsministerin, Rushar Pekcan vun der tierkescher Agence Anadolu zitéiert.

Et ass een also nach wäit dovunner ewech, d‘Enn vun der diplomatescher Kris tëscht béiden NATO-Partner ze gesinn. Esou ergëtt et sech, datt déit tierkesch Lira, déi iwwert d‘Woch ewech nees „eppes Faarf“ erhalen hat, sech um Freideg nees an de Keller beginn huet. Géint 9.30 Auer eiser Zäit, hat déi tierkesch Währung weider 5% agebéisst, a fält op 6,1246 fir 1 US-Dollar.

Geisel oder Terrorist?

Matten dran am diplomatesche „Stuerm“ deen d‘NATO-Partner ausenanerdreift, de Paschtouer Andrew Brunson. Hien ass leschte Mount, no bal 18 Méint Prisong, an der Tierkei ënner Hausarrest gesat ginn. Him gi vun Ankara „Spionage an terroristesch Aktivitéite“ virgeworf, wat hie bestreit.

„D‘Tierkei huet während ville Joren Amerika ausgenotzt“, twittert den US-President Donald Trump um Donneschdegowend. „Si halen eise wonnerbare chrëschtleche Paschtouer fest. Dee muss ech elo froen eist Land als patriotesch Geisel ze vertrieden. Mir wäerten näischt fir d‘Befreiung vun engem onschëllege Mënsch bezuelen“.

E Mëttwoch hat en tierkescht Geriicht d‘Demande, den Hausarrest vum Paschtouer opzehiewen, verworf. Dem Andrew Brunson säin Affekot huet awer drop higewisen, datt dogéint Asproch erhuewe gëtt, an déi nächst héijer Instanz iwwert den Hausarrest statuéiere muss.

Familljebetrib

Den tierkesche Finanzminister an Eedem vum President, Berat Albayrak, war en Donneschdeg richteg an éierlech beméit déi international Finanzmäert ze berouegen. Aus dësem Grond hat et eng Telekonferenz mat e puer dausend Investisseure ginn. Deen huet de Finanzminister verséchert, datt d‘Tierkei gestäerkt aus der Kris wäert ervirgoen.

Et géif een dann och net, wéi et behaapt gëtt, mam internationale Währungsfong (IMF) iwwert e méiglechen Hëllefsprogramm schwätzen, an Ankara hätt och net vir d‘Kapital an der Tierkei ze kontrolléieren, heescht et aus dem Finanzministère.

Fir Capital Economics war dem Berat Albayrak seng „Performance“ wéineg iwwerzeegend. Bei Capital Economics ass eng Note un d‘Cliente gaangen: „D‘Autoritéite schénge wierklech nëmmen den noutwennege Minimum ze maachen. Während der Telekonferenz, huet den Här Albayrak net berécksiichtegt, firwat d‘Vertrauen an d‘Tierkei sech opgeléist huet“.

Finanzmäert hu vill Muecht

Ënnert den Ekonomiste bleift ee weider skeptesch, duerch den diplomateschen Disput tëscht Ankara a Washington, mee och ugesiichts der Tatsaach, datt den tierkesche President de Pouvoir iwwert d‘Wirtschaft huet. D‘Mäert hunn esou de Refus vun der tierkescher Zentralbank, den Zënstaux ze hiewen, obwuel d‘Währung an d‘Gette geet an Inflatioun sech breet mécht, sanktionéiert.

An de Recep Tayyip Erdogan bleift haart, un den Tauxe gëtt näischt verännert. Do dierft et him dann och entgéint komm sinn, datt sech de Qatar ugebueden, an eng global Investitioun an héicht vu 15 Milliarden US-Dollar versprach huet.

Erënnere mer nach kuerz drun, datt den Erdogan sech dës Woch mat der däitscher Bundeskanzlerin an dem franséische President um Telefon ënnerhalen huet. En Zeechen, datt d‘Tierkei nees eppes méi no un d‘EU réckele wëll. Dat no zwee Joer Gestreids a Verbindung mat der Verfassungsreform an der Mënscherechtssituatioun an dësem Land.

D‘Fräiloossung vun 2 griicheschen Zaldoten an dem President vun Amnesty International, ginn als „Zeeche“ gedeit. An well d‘Europäer elo och net iwwert dem US-Milliardär sengen diplomateschen Exzesser „laache“ kënnen, wier „e gutt Verhältnis mat Europa“ e clevere Schachzuch.

mam Luana Sarmini-Buonaccorsi/AFP

Foto: Den tierkesche Finanzminister Berat Albayrak ass beméit d‘Investisseuren an d‘Finanzmäert ze berouegen, wat him bis ewell net wierklech gelongen ass. Eenzeg de Qatar huet versprach bis zu 15 Milliarden US-Dollar an der Tierkei ze investéieren. © Yasin Akgul/AFP

Ähnlech Sujeten Berat Albayrak, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei, USA, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel