Search

You may also like

Buchpresentatioun vum Chris Carter sengem „Bluthölle“
International Neiegkeeten

Buchpresentatioun vum Chris Carter sengem „Bluthölle“

Schonn am emotionale Virwuert erkläert den Auteur Chris Carter, datt

What the Fakt – De Sputnik huet firun 61 Joer iwwert eise Käpp gekreest
International Neiegkeeten

What the Fakt – De Sputnik huet firun 61 Joer iwwert eise Käpp gekreest

Den éischte kënschtlechen Äerdsatellit Sputnik 1 gouf de 4. Oktober

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft
International Neiegkeeten

Iran: Danze verbueden, sechs Leit verhaft

Laut der Dageszeitung Jamejam sinn am Iran véier Männer an

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken

Ankara wëll déi wirtschaftlech Kooperatioun mat Frankräich stäerken

Vun der tierkescher Presidence gëtt matgedeelt, datt béid Presidenten, de Recep Tayyip Erdogan an den Emmanuel Macron, sech gëschter länger um Telefon ënnerhalen hunn. Dobäi wier ënnerstrach ginn, datt een déi wirtschaftlech Bezéiungen tëscht béide Länner misst stäerken.

Säitens enger onbestätegter Quell aus dem Ëmfeld vum tierkesche President gëtt preziséiert: „Déi zwee Staatscheffen hunn d‘Wichtegkeet vun enger staarker wirtschaftlecher Bezéiung ënnerstrach, an hire Wëlle bekannt ginn, déi géigesäiteg Investissementer tëscht Frankräich an der Tierkei, ze bekräftegen“. Eng Ausso, déi am Kontext vun der diplomatescher Kris mat den USA, ze gesinn ass.

Aus dem Elysée, gëtt d‘Telefonat zwar bestätegt, mee de Wuertlaut ass en aneren. „Den Emmanuel Macron huet säin Attachement fir eng stabil an erfollegräich Tierkei ënnerstrach, an dem President Erdogan an dësem Sënn, d‘Ënnerstëtzung vun der Republik zougeséchert“, esou déi offiziell Ausso.

Interessant, am Kontext vun enger zolitter Wirtschaftskris déi sech iwwert d‘Tierkei ausbreet, datt béid Presidenten sech eens sinn, datt hir Finanzministeren, dem Erdogan säin Eedem an de Bruno le Maire, sech solle gesinn. Iwwer wat ee sech mam Berat Albayrak ënnerhale kann, erschléisst sech engem op den éischte Bléck net, mee am Stuerm hält ee sech och un engem Stréihallem fest.

Amerikanesche Finanzterrorismus

De Recep Tayyip Erdogan muss sech dann och un allem „festhalen“ wat him an de Grapp leeft, wat engersäits dorunner Läit datt déi tierkesch Währung näischt méi wäert ass, an anersäits de NATO-Partner USA, wéinst engem „Sträit“ Ankara mat drastesche Sanktiounen ënner Zochzwang bréngt.

Wéi konnt et esouwäit kommen? Et ass d‘Uklo wéinst terroristeschen Aktivitéiten, géint d‘Persoun vun engem amerikanesche Paschtouer, Andrew Brunson, deen als Ausléiser genannt gëtt. Eng gutt Thees, mee laang net déi eenzeg Ursaach, firwat sech zwou Natiounen, déi eigentlech Alliéiert sinn an den Hoer léien. Och Syrien an „d‘Frëndschaft“ mat Russland, ass Washington en Dar am A.

Fir déi tierkesch Regierung sinn d‘Amerikaner kee „Géigner“ a si verséchert dann och ganz houfreg datt een nei Frënn an Alliéiert wäert fannen. Och dat eng Ausso, mat där ee weder d‘Mäert nach potentiell Investisseure ka berouegen, well alles drop erausleeft, d‘Kris mat den USA ze verdéiwen.

An nodeems ee vill Kritik géintiwwer der EU zum Ausdrock bruecht huet, an Ankara eigentlech, no eegener Ausso, Europa net brauch, kënnt een elo, wann och iwwert den Ëmwee „Paräis“, ugekroch. Frankräich (am Géigesaz zu Bréissel) hat jo am Januar, der Tierkei e Partenariat ugebueden. Op dat duergeet fir eng „Wirtschaftsallianz“ géint d‘USA ze bilden, näischt ass manner Sécher.

Den „Deal“ deen alles méiglech mécht

Datt sech béid Presidenten esou „frëndschaftlech“ sollen um Telefon ënnerhalen hunn, kënnt net vun ongeféier. De Macron huet „begréisst“, datt den Direkter vun Amnesty International, Taner Kiliç, a griichesch Zaldoten, déi an tierkescher Haft souzen, fräi gelooss goufen.

Et wier sech och laang iwwert d‘Situatioun a Syrien ënnerhale ginn, wou d‘Tierkei an de NATO-Partner USA ënnerschiddlech „Géigner“ hunn. De Franséische President ass besuergt, wat d‘Lag vun Idlib, déi lescht Rebellenhéichbuerg betrëfft. De Regimm vun Damaskus wëll déi Stad mat aller Gewalt zréckerueweren, an den Emmanuel Macron ass wéinst de Konsequenze besuergt.

Iert den Erdogan säi franséische „Partner“ ugeruff hat, war et en Telefonat mat der Bundeskanzlerin Angela Merkel, datt fir Opmierksamkeet gesuergt hat. Tëscht Berlin an Ankara ass d‘Stëmmung jo och net zum beschten, mee et huet ee sech op eng Entrevue, Enn September zu Berlin, gëeenegt.

Do ass dann och de Berat Albayrak mat derbäi. Deen huet sech um Donneschdeg mam Olaf Scholz um Telefon ënnerhalen. Et soll ee sech op eng Entrevue vun de Finanzminister, am Kader vum Merkel-Erdogan „Sommet“ den 21. September, gëeenegt hunn. Och hei geet et eenzeg an eleng drëms, d‘Wirtschaftsbezéiungen ze stäerken, a méiglechst Investisseuren an d‘Tierkei ze lackelen.

mat AFP

Related topics Ankara, Emmanuel Macron, Frankräich, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post