Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gëtt hei d’Regierung mat der Nazi-Diktatur verglach?
dating issues advice cha am dating

dating sites atlanta georgia

D’Lëtzebuerger Politik huet eng nei Facebook-Affär. Ma dës Kéier geet

best dating sites for older singles uk
dating issues advice cha am dating

Héije Besuch op der Pirmesknupp

Um Site Pirmesknupp bei Kauneref ginn archeologesch Ausgruewungen ënnerholl, an

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)
dating issues advice cha am dating

Parlamentaresch Froen op lëtzebuergesch: wou ass de Problem… (e Gedankesprong)

Datt et wuel – zumindest dagsiwwer wann net grad Kollektivcongé

Washington wëll Ankara wirtschaftlech platt walzen

No Trump-Tweet geréit tierkesch Lira an d‘Schleideren

Washington wëll Ankara wirtschaftlech platt walzen

Nodeems den Donald Trump via Twitter gedreet huet d‘Tierkei „wirtschaftlech ze zerstéieren“, sollt Ankara op déi domm Iddi kommen den alliéierte Kurden a Syrien d‘Liewen zur Hell ze maachen, ass et tëscht béide glanzvollen Natiounen net méi esou harmonesch, wéi een dat emol kannt huet.

Op dem US-Milliardär säin tweet huet den tierkeschen Ausseminister geäntwert: „Mir gesinn datt den Här Trump Schwieregkeeten huet. Divers Sécherheetsberoder setzen hien ënner Drock a roden him vun engem Ofzuch aus Syrien of. Strategesch Partner an Alliéierter kommunizéieren awer net iwwer Twitter (…). Mir sollte weiderhin direkt matenaner iwwert dës Froe schwätzen“.

An och de Spriecher vum tierkesche President, Ibrahim Kalin, huet säi Pefferkär bäigedroen: „D‘Tierkei erwaart, datt déi strategesch Partnerschaft net vun Terrorpropaganda gestéiert gëtt. Et wier e fatale Feeler, déi syresch Kurde mat der PKK an hirem syreschen Ofleeër YPG gläichzestellen“. Béid Organisatioune géifen als Terrororganisatiounen Agestuuft a bekämpft ginn.

Trotz de schaarfen Téin versicht et den tierkeschen Ausseminister, Mevlüt Cavusoglu, mat der Rou: „Mir hu widderholl zum Ausdrock bruecht, datt mir eis aus esou Dreeungen näischt maachen a keng Angscht hunn. Der Tierkei wirtschaftlech ze dreeën, féiert zu näischt. Mir sollten eis éischter drop konzentréieren, wéi mir dës Ugeleeënheete koordinéieren a léisen“.

D‘Mäert si sensibel a reagéieren direkt

Dat dem Donald Trump seng Dreeung net ouni „Wierkung“ sinn, zumindest wat déi international Mäert betrëfft, erkläert eis de Baris Soydan, Wirtschaftsexpert vun Istanbul: „Dës Dreeung weist, datt sech déi amerikanesch-tierkesch Bezéiungen, anescht wéi vläicht ugeholl, dann awer net verbessert hunn. Dat ass dann den Androck deen d‘Mäert hunn, an déi reagéieren entspriechend“.

ankara

Fir déi tierkesch Lira, war dat um Méindegmuere keng gutt Nouvelle, an si ass dann och direkt an de Keller gaangen, huet géintiwwer dem US-Dollar, zolidd d‘Läpper hänke gelooss. Déi tierkesch Staatsmedien hunn, dat gehéiert zum Geschäft derzou, och emol fir unzefänken, dat ganzt aus der Siicht vun der Regierung duergestallt. Op der Tëlee huet den Artunc Kocabalkan erkläert:

„Dës Woch wäert d‘Zentralbank och iwwer de Leetzëns entscheeden. Ausserdeem gëtt et hei och nach Onsécherheeten op den auslännesche Mäert, besonnesch betraff dovunner China. Vun do komme schlecht Wäerter, an dat fërdert negativ Ëmstänn. Elo och nach den Tweet vum Trump. No dësen dräi Negativ-Evenementer, ass et normal datt d‘Lira eppes de Kapp hänke léisst“.

Si sollten uecht dinn, dat hei ass kee Spaass

Déi Damen an Hären zu Ankara sollten allerdéngs uecht doen. Am leschte Summer, nodeems sech béid Natiounen zolidd an d‘Hoer kruten, wei den US-Paschtouer Andrew Brunson an der Tierkei mat den Autoritéiten unenaner gerode war a kuerzerhand am Prisong gesiess huet, gouf et zolidd Sanktiounen, an déi Tierkesch Lira ass agebrach. Si huet sech bis haut net richteg dovunner erholl.

Fir de Baris Soydan ass d‘Lag dann och wiesentlech schlechter wéi dat vum Regierungsexpert op der Tëlee verzaapt ginn ass: „Ech mengen, dës Dreeung huet d‘Potential fir richteg Problemer. Knapps datt dem US-President säin Tweet an d‘Welt erausgaangen ass, huet et ee ganz rapiden an net opzehalende Verloscht bei der tierkescher Lira ginn“. Esou séier kanns de näischt ënnerhuelen.

An et war Ankara schonn am Summer net gelongen dergéint ze steieren. Anersäits sollt een elo net doriwwer traureg sinn, datt d‘Tierkei et net op eng Eskalatioun ukomme léisst. Dat freet net nëmmen de Milliardär zu Washington, mee och d‘Finanzmäert gesinn dat éischter positiv. Woubäi fir déi tierkesch Bevëlkerung, ass e Wiessel vu 1 zu 5,50 keng zefriddestellend Léisen.

Ähnlech Sujeten Alliéiert, Ankara, Kurden, Lira, PKK, Syrien, Terror, Washington, YPGm
Nächsten Artikel Virrechten Artikel