Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

geek
Iwwer 3 Milliarde Fake-Accounts bei Facebook geläscht
march dating site pagan matchmaking

https://moien.lu/job-dating-caen/

Mat engem Blogpost, huet Facebook gëschter d‘Community informéiert, datt d‘Entreprise

funny online dating puns
march dating site pagan matchmaking

Rockhal: Den Ian Paice an d’Klassiker vun Deep Purple

Um 23. November 2019 wäert den Ian Paice, legendäre Batteur

Asexueller hu keng Loscht op Sex – mee op Léift!
march dating site pagan matchmaking

Asexueller hu keng Loscht op Sex – mee op Léift!

Iwwert Asexualitéit gëtt net vill geschwat. Dobäi trauen sech Asexueller

Annapolis: Schéisserei an der Zeitung, fënnef Mënsche musse stierwen

Annapolis: Schéisserei an der Zeitung, fënnef Mënsche musse stierwen

An Der Redaktioun vun der „The Capital Gazette“ zu Annapolis, huet um Donneschdeg e Mann d‘Waff gezéckt an fënnef Mënschen ermuert. Eng Dot déi d‘Entsetzen an dës roueg Stad vum Maryland, kaum eng Stonn vu Washington ewech, bruecht huet.

De Chef vun der lokaler Police, Bill Krampf, huet erkläert, datt et sech hei e geziilten Ugrëff op d‘Zeitung handelt. Hien huet och matgedeelt, datt d‘Capital Gazette via sozial Netzwierker menacéiert ginn ass. De Polizist konnt dann awer net bestätegen, op et bei der Attack ëm d‘Zeitung am allgemenge gaangen ass, oder op prezis Employéeën d‘Zil vum Mäerder waren.

An dësem Kontext interesséieren sech d‘Enquêteuren un engem eventuelle Rechtssträit, deen den Auteur an d‘Zeitung matenaner solle gehat hunn. Den Täter ass laut de Police: e wäissen Erwuessenen deen op seng véierzeg duergeet. Laut de Medien, géif et sech beim Täter ëm den Jarrod Ramos (38) handelen. Et war gewuer ze ginn, datt hien net mat der Police kooperéiert.

En Artikel vun der Capital Gazette, deen um Site vun der Zeitung den 22. September 2015 verëffentlecht gi war, ernimmt eng favorabel Entscheedung fir d‘Zeitung, am Kader vun der Plainte wéinst Diffamatioun, déi den Jarrod Ramos aus Laurel (Maryland) erhuewen hat.

D‘Affer si Membere vun der Redaktioun

Véier vun den Affer waren op der Plaz dout, eng fënneft Persoun ass am Spidol verstuerwen. Bei der Attack huet et nach zwee liicht Verletzter ginn. Am Owend wosst d‘Police iwwert d‘Identitéit vun de verstuerwene Bescheed: et sinn dräi Männer an zwou Fraen, déi fir d‘Zeitung geschafft hunn.

Direkt nodeems de Virfall bekannt war, hunn d‘Leit iwwert d‘sozial Netzwierker hiert Matleed zum Ausdrock bruecht. Besonnesch dem Adjoint vum Chefredakter, Robert Hiaasen (59) ass geduecht ginn. Laut dem Baltimore Sun, Proprietaire vun der Gazette, war de Robert Hiaasen, dee säit 1993 fir de Sun geschafft huet, 2010 zur Zeitung vun Annapolis gewiesselt.

Via Twitter huet dann och d‘Spriecherin vum Wäissen Haus, Sarah Sanders, den Ugrëff géint onschëlleg Journalisten, als Attack géint all d‘Amerikaner denoncéiert. Esouguer den Donald Trump, deen éischter dofir bekannt ass „kritesch“ mat de Medien an de Journalisten ëmzegoen, huet an engem Tweet seng „Gedanken a seng Gebieder“ un d‘Affer an hir Famillje geriicht.

Erschreckend einfach

Den Täter, esouvill ass elo gewosst, ass um 14.40 (Lokalzäit) mat engem Gewier an d‘Redaktioun vun der The Capital agedrongen, wou hien dann och direkt op d‘Affer geschoss huet. D‘Police wier séier op der Plaz gewiescht, an den Tireur huet sech och direkt ouni Géigewier erginn.

„Et gëtt näischt méi erschreckendes ze héieren, wéi wann op Leit geschoss gëtt, während dir iech ënnert ärem Büro verstoppt, an dir dann héiert, wéi den Tireur seng Waff noluet“, esou den Tweet vum Phil Davis, e Journalist vun der The Capital, deen d‘Schéisserei an enger Serie Messagen iwwert d‘sozial Netzwierker erzielt huet.

Annapolis, eng Stad mat 38.000 Awunner, grad emol 1 Autosstonn vu Washington ewech, ass an éischter Linn wéinst sengen historesche Gebaier an als Standuert vun der Akademie vun der Marine bekannt. D‘Gebai, an deem och nach aner Entreprisen hir Büroen hunn, war séier evakuéiert ginn, an d‘Police hat d‘Raimlechkeeten entspriechend ënnersicht.

D‘Angscht stécht an de Glidder

„Mir hunn d‘Equippe vum SWAT gesinn, an du wierklech ugefaange Panik ze kréien“, esou de Sean Robinson, Employé vun enger Versécherungsgesellschaft un drëtten a leschte Stack. „Ech hu menger Fra eng SMS mam Sproch ‚looss eis bieden‘ gemaach…“.

D‘Zeitung, en deel vum Grupp „Capital Gazette“ ass eng kleng Publikatioun déi 1727 gegrënnt ginn ass. Hei schaffe sechs Reporter, zwee Fotografen a fënnef Redaktiounssekretärinnen. Hir Raimlechkeete sinn eigentlech duerch eng „deck“ Dier geschützt, déi och ëmmer zou ass, esou d‘Informatioun vun de Journalisten aus der Zeitung.

„Physesch sinn ech OK, mee am Kapp gëtt alles drënner an driwwer“, esou de Fotograf Paul W. Gillespie op Twitter. An trotzdeem hunn d‘Journalisten sech entscheet d‘Zeitung e Freideg wéi gewinnt an d‘Kiosken ze bréngen. „Mir brénge muer eng Zeitung eraus“, esou den Chase Cook, deen sech um Parking installéiert huet, an iwwert den Handy seng Aarbecht gemaach huet.

Ëmmer dat selwecht Gejéimers

„Mir si schwéier schockéiert, well mir dës Journaliste kannt hunn“, esou de Buergermeeschter vun Annapolis, Gavin Buckley. Dobäi sinn se an den USA ëmmer nees op e neits schockéiert, well u Schéissereie feelt et an Amerika net, a mir wëssen, net emol an der Schoul ass ee sécher.

Et gëtt dann och vill gejéimert a veruerteelt, mee un der Basis vum Problem, dem offensichtlech ze liichten Zougang zu Waffen, gëtt sech net vergraff. An et ass richteg, datt den Amerikaner laut Verfassung d‘Recht huet eng Waff ze besëtzen. Elo ass et éischter seelen, datt an den USA eng Zeitung ugegraff gëtt, och wann et Rezent schonn emol e schreckleche Virfall ginn huet.

D‘Alison Parker (24), eng Journalistin aus Virginia, war mat sengem Kameramann, Adam Ward, bei enger Live-Iwwerdroung erschoss ginn. „All bewaffenten Ugrëff ass schrecklech, mee wann et an enger Zeitung geschitt, ass et besonnesch schlëmm, an et erënnert mech un déi gräisslech Dot bei deem meng Duechter gestuerwen ass“, huet den Andy Parker der AFP erzielt.

Reporter ouni Grenzen (RSF) d‘Organisatioun déi sech fir d‘Rechter vun de Journalisten asetzt, huet de Virfall als „eng nei Tragedie fir de Journalismus“ bezeechent. Och d‘Redaktioun vu „moien“ dréckt de Familljen a Frënn vun den Affer, esou wéi der Redaktioun säi Bäileed aus.

mat AFP

Foto: © Zach Gibson/AFP

Ähnlech Sujeten Annapolis, Schéisserei, The Capital Gazette, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel