Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

DiggiPack: Den LCGB fuerdert eng human Digitaliséierung
International Neiegkeeten

DiggiPack: Den LCGB fuerdert eng human Digitaliséierung

Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, huet den LCGB

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar
International Neiegkeeten

Meenung: Venezuela am Journal-Kommentar

Ëmmer méi oft fält de Patrick Welter am „Journal“, dem

Katalounien erkläert sech onofhängeg an erwächt ënner Tutelle
International Neiegkeeten

Katalounien erkläert sech onofhängeg an erwächt ënner Tutelle

Um Freideg hat sech Katalounien d’Onofhängegkeet ginn an säit haut

Eng „anonym an explosiv“ Tribün an der New York Times veriergert den US-President

Eng „anonym an explosiv“ Tribün an der New York Times veriergert den US-President

No der Verëffentlechung duerch d‘New York Times vun enger Tribün, déi vun engem héije Responsabel vun der Trump-Administratioun anonym redigéiert ginn ass, huet sech den US-President „fierchterlech geiergert“. Verständlech, well am Text erkläert de Responsabel, wéi hien sech mat anere beméit, vu Bannen dem Donald Trump seng gréissten Naupen an de Grëff ze kréien.

Sichtlech veriergert géint dëse „stëlle Widderstand“ deen aus dem Schied getrueden ass, a kee gutt Bild vum US-President zeechent, huet den Donald Trump op Twitter mat engem eenzege Wuert: „Verrot“ reagéiert. Domatter net genuch, an och dat wërft kee gutt Liicht op de Locataire aus dem Wäissen Haus, huet den Donald Trump d‘Zeitung opgefuerdert „direkt“ dëse „Feigling“, am Numm vun der nationaler Sécherheet, mam Numm ze nennen.

Den Auteur vun dësem „Text“ deen net mat enger zaarter Fieder geschriwwe ginn ass, an ënnert dem Titel „Ech sinn en Deel vum Widderstand an der Trump-Administratioun“ verëffentlecht ginn ass, ënnersträicht: „Et geet mir net drëms d‘Demarche vun den Demokraten ze ënnerstëtzen, mee d‘Land virum Beholl vu sengem 45. President ze schützen“.

„Mir sinn der Usiicht, datt mir als éischt eisem Land verflicht sinn, an de President weider op eng schiedlech Aart a Weis mat der Gesondheet vun eiser Republik ëmgeet. (…) Dat ass de Grond firwat mir eis operluecht hunn alles ze ënnerhuelen, fir eis demokratesch Institutiounen ze erhalen, an deem mir de schlëmmsten ‚Ausrutscher‘ vum Donald Trump entgéintwierken. (…) D‘Häerzstéck vum Problem, ass d‘Onsittlechkeet vum President“, esou den anonymmen Auteur.

Diplomatie mat Bauchgefill

Mat der Usiicht, datt d‘Administratioun eng ganz Rei Fortschrëtter zanter der Wahl vum Donald Trump erziilt huet – Dereguléierung, Steierreform, Stäerkung vun der Arméi – esou leet den anonymmen Auteur grousse Wäert drop ze betounen, datt déi net wéinst, mee trotz dem Donald Trump erziilt goufen. Hie beschreift dem Milliardär säi Féierungsstil als „schäbeg“, „sturazeg“, an „ineffikass“. Dat sinn elo net direkt nei Erkenntnisser, mee si kommen aus dem Muechtzentrum.

Elo freet sech natierlech ganz Washington (an d‘Welt), wien den anonymmen Auteur ass. De ganze Mëttwoch iwwer, hu sech leit op d‘Sich no „Indice“ gemaach, fir esou seng Identitéit opzedecken. D‘New York Times erkläert, datt se déi seelen Entscheedung getraff hunn, op Demande vum Auteur, eng Anonym Tribün ze verëffentlechen. D‘Identitéit ass der Zeitung bekannt.

„Mir mengen, datt d‘Verëffentlechung vun dësem ‚Essai‘ déi eenzeg Méiglechkeet ass, déi et eise Lieser erlaabt, Kenntnis vun engem ganz besonnesche Standpunkt ze erhalen“, esou d‘New York Times. De fréieren Ausseminister John Kerry, huet op CNN vun enger zolitter „konstitutioneller Kris geschwat. D‘Sarah Sanders, Spriecherin vum Wäissen Haus, huet sech „enttäuscht awer net iwwerrascht“ gewisen, datt d‘Zeitung „esou eppes“ verëffentlecht.

Si denoncéiert dann och eng „pathetesch, oniwwerluechten an egoistesch“ Tribün. „Gutt 62 Millioune Mënschen hunn 2016 fir de President Donald Trump gestëmmt. (…) Kee vun dëse Wieler huet seng Stëmm fir eng feig an anonym Source vun der failliter New York Times ofginn“, esou d‘Sarah Sanders, dat sech e gebräichlechen Ausdrock vum Donald Trump zu eege mécht.

D‘Facette vum Journalismus

Laut dem Sarah Sanders, huet den Auteur vun der Tribün an der New York Times „säin Ego virun de Wëlle vum amerikanesche Vollek gestallt“. Hir Conclusioun: „Dëse Feigling sollt déi eenzeg Saach maachen déi sech an esou engem Fall gehéiert: demissionéieren“.

Et ass dann och richteg, datt d‘Verëffentlechung vun dësem Text „Bestierzung“ ausgeléist an vill Froen opgeworf huet. Deels huet an de Redaktioune vun de groussen amerikaneschen Zeitungen, an och der New York Times, zolidd Kritik ginn.

„Eigentlech mussen elo d‘Journaliste vun der New York Times elo alles ënnerhuelen, fir d‘Identitéit vum Auteur opzedecken, déi vun de Kollegen aus der Rubrik ‚Meenung‘ aus guddem Grond muss geschützt ginn“, mengt op Twitter d‘Jodi Kantor, Investigatiounsjournalistin vun der New York Times.

An si freet sech dann och: „Muss sech déi ganz Zeitung dësem Verspriechen, d‘Anonymat ze schützen, uschléissen? Ech mengen net, mee et ass faszinant“, esou d‘Jodi Kantor, déi eng Demarche ernimmt, déi et sou nach ni ginn huet.

mam Jérôme Cartillier/AFP

Foto: Den US-President Donald Trump liest en Artikel vir, an deem seng Administratioun an den héchsten Téin gelueft gëtt. © Nicholas Kamm/AFP

Ähnlech Sujeten Anonymat, Donald Trump, New York Times, Pressefräiheet, Tribün, US-Administratioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel