Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi lénk solidaresch mat der Communautéit vu Rojava
https://moien.lu/shinko-hookup-pro-tire-pressure/ sugar baby dating advice

who is uriel dating

Nodeems si eng Haaptroll an der Néierlag vun Daesh gespillt

is ourtime dating site legitimate
https://moien.lu/shinko-hookup-pro-tire-pressure/ sugar baby dating advice

Wann si „reesen“ dierfen d‘Kanner net spillen

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert de Public, datt den Eecheprëssessiounspënner sech temporär

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung
https://moien.lu/shinko-hookup-pro-tire-pressure/ sugar baby dating advice

Italien kritt elo awer eng „populistesch“ Regierung

No villem Hin a Hier ass et dann elo geséchert,

Däitsch Politiker wëllen Anonymitéit am Netz verbidden

Si hu wéineg Ahnung a bosseg Virstellunge vun der „Kontroll“ am weltwäiten Netz

Däitsch Politiker wëllen Anonymitéit am Netz verbidden

Den däitsche Bundespresident ass een ale Mann mam Charisma vun engem Microsoft-Update um fréie Mueren, huet awer d‘Muecht en Debat zu engem Thema ze lancéieren, dee senge Fäegkeeten net entsprécht. Woubäi… eigentlech ass et jo just gutt gemengt.

„Ech si fir eng Verflichtung vun der Verëffentlechung vun de richtege Personalien an de sozialen Netzwierker“, esou de Bundespresident Wolfgang Schäuble am Gespréich mam Springer (Stiefel) Verlag. Wat sozial Netzwierker sinn, dat weess den ale Mann natierlech net, mee et geet him – esou den offizielle Wuertlaut- drëms d‘Bundesjustizministesch ze stäipen a méi „Transparenz“ an déi digital Welt ze bréngen.

Blöd gelaf ass hei villes: zum engen ass et sécherlech gutt gemengt géint den Haass an d‘Hetz am Internet virzegoen, zum anere sollt een zumindest den Androck erwächen, Ahnung ze hunn iwwer wat geschwat gëtt. An och als Bundespresident, sollt een sech eventuell, mat der concernéierter Ministesch ofgeschwat huet, iert een Dommheete verbreet. D‘Justizministesch Christine Lambrecht (SPD) huet net emol Usazweis wëlles esou eng Transparenzreegel anzeféieren.

Dat huet esou och d‘Pressestell vum Bundesjustizministère op Nofro bestätegt. Am Summer 2019 hat d‘Christine Lambrecht géintiwwer dem „Redaktionsnetzwerk Deutschland“ nach gesot: „Et ass am Internet üblech mat engem Pseudo opzetrieden. Dofir kann et ganz ënnerschiddlech Grënn ginn, an dat wëll ech net a Fro stellen“. Wat der Däiwel huet deen ale mann dann do geridden? Net emol déi eege Leit halen esou eng Fuerderung fir Ziilféierend.

Grond fir dem „Digitalen-Outsider“ seng Fuerderung: de Mord um Kasseler Regierungspresident Walter Lübcke, wou et héich hiergaangen ass an vill anonym Notzer net ze ermëttele waren. Dat hat déi konservativ Schwësterparteie CDU & CSU am November zu engem Positiounspabeier ermontert. Zesumme mat de Sozialisten hu si sech op méi Auskunft- a Matdeelungsflichte fir d‘Bedreiwer vun de Plattforme gëeenegt.

An d‘Police besser opstellen?

Interessant dann awer, datt sech grad d‘Unioun, an dësem Positiounspabeier géint d‘Flicht fir den Optrëtt mam „echten a vollen Numm“ ausgeschwat huet an dat ausdrécklech. Si wieren awer nach gewëllt Ureizer ze schafen, déi zur Benotzung vum richtegen Numm kéint féieren. Woubäi deen Zweck, deen de Wolfgang Schäuble erfëllt wëll gesinn, net iwwert esou eng Mesure méiglech ass, an dat soen seng eege Leit.

Fir de juristesche Spriecher vun der CDU-Fraktioun, Jan-Marco Luczak: „Et kléngt vläicht gutt wann ee säi richtegen Numm nenne muss, fir bei Strofdoten d‘Täter besser identifizéieren ze kënnen, et kann awer d‘Problemer net all léisen. (…) Wa mir verstäerkt géint Strofdoten am Netz wëlle virgoen, da musse mir d‘Poliziste besser ausbilden an hinnen déi entspriechend Mëttel zur Verfügung stellen, esou datt si och ermëttele kënnen“.

D‘Koalitiounsregierung wëll dann och nach dës Woch iwwert e Gesetz beroden, mat deem et soll méi einfach gi fir am „Darknet“ ze ermëttelen. Hannergrond dofir si schwéier Strofdote wéi de sexuelle Mëssbrauch vu Kanner, mee och Waffen- an Drogenhandel. Hei de Benotzer ze identifizéieren ass kaum méiglech. Fir hei ze ermëttelen, brauchen d‘Beamten Zougang zu de Foren, sollen also géint d‘Gesetz verstoussen dierfen.

Verweise mir hei dann och op d‘Uerteel vum Bundesgeriichtshaff aus dem Joer 2009, dat sech am Kontext vum Bewäertungsportal fir Enseignanten „spickmich.de“ zimlech däitlech positionéiert huet: „D‘Verflichtung sech mam Numm zu enger bestëmmter Meenung ze bekennen, géif net nëmmen am schoulesche Beräich, wéi hei, d‘Gefor begrënnen, datt den eenzelen aus Angscht viru Repressioun sech derzou entscheet seng Meenung net ze äusseren“.

Éisträich sicht och no Méiglechkeeten

Wa ganz allgemeng gewosst ass, datt déi grouss „Community“ am Netz schon instinktiv ganz béis op alles reagéiert, wat déi fir jiddereen als selbstverständlech betruechte Fräiheet, ergo och déi sougenannt Anonymitéit, betrëfft, esou sinn déi politesch Reguléierungsabsichten eng „rout Linn“ déi net sollt iwwerschratt ginn. An Éisträich wollt déi al Koalitioun (ÖVP-FPÖ) d‘Gesetz „Suergfalt a Verantwortung am Netz“ duerchsetzen.

Hei war virgesinn, datt een nëmmen nach hätt dierfen ee Kommentar an de sozialen Netzwierker oder de Kommentarspalte vun den Zeitunge posten, wann dem Operateur virdrun d‘Identitéit kloer bekannt ass. Also eng e-Mail Adress wier dann net méi duergaangen. Do hätt ee missen d‘Carte d‘Identité virleeën. D‘Benotze vun engem Pseudonym war dann esou och net méi a Fro gestallt ginn, wëll jo gewosst ass wien dat ass.

D‘Gesetz ass dann awer dankbarerweis wéinst der Affär ëm den Ibiza-Video, deen zum Broch vun der Koalitioun gefouert huet, net méi ëmgesat ginn. Zudeem sollt een emol ganz generell dëse Politiker erklären, datt dee wou esou Fuerderungen opstellt, den Internet net verstanen huet an et esouguer hinnen dierft opgefall sinn, datt och an der analoger Welt kee muss mat engem Schëld ronderëm lafen op deem säin Numm ze liesen ass.

An wéi eescht a wichteg dem Wolfgang Schäuble d‘Anonymitéit eigentlech selwer ass, léisst sech un der 1999 opgedeckter Spendepraxis vun der CDU beleeën. 1,3 Milliounen D-Mark hat et 1991 vun Thyssen an enger Wallis op engem Parking an der Schwäiz ginn an dem Schäuble säi Chef, den Helmut Kohl, deen huet missen zouginn datt et wuel schwaarz Konte gëtt, wollt awer, hien hat schliisslech säi Wuert ginn, keng Spender ernimmen déi net scho bekannt waren.

mat indymedia/ham/ber

Illustratioun: Gerd Altmann / Pixabay

Ähnlech Sujeten Anonymitéit, Christiane Lambrecht, Sozial Netzwierker, Spendenaffär CDU, Wolfgang Schäuble
Nächsten Artikel Virrechten Artikel