Search

You may also like

Bewaffent Konflikter a Klimawandel: der Welt geet et guer net gutt…
Meenung Neiegkeeten

Bewaffent Konflikter a Klimawandel: der Welt geet et guer net gutt…

Um Donneschdeg huet MSF de Bilan fir 2018 virgeluecht an

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn
Meenung Neiegkeeten

Nordkorea: de Kim op der Sich no neie Frënn

Moskau huet eng Rumeur bestätegt, laut där de nordkoreanesche President,

Geschicht méi no bei Iech
Meenung Neiegkeeten

Geschicht méi no bei Iech

Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum

Anti-Atom-Kampf op Aenhéicht

Anti-Atom-Kampf op Aenhéicht

Gëschter huet d’Chamber mat grousser Majoritéit een nationaalt Atomhaftungsgesetz ugeholl. Dat neit Gesetz gesäit vir, datt bei Auswierkungen vum engem Atomaccident op Lëtzebuerg déi voll Uspréch op Schuedensersaz vun den AwunnerInnen ouni „international“ Begrenzung a bis zu 30 Joer nom Accident vu Lëtzebuerger Geriichter ageklot kënne ginn.

Domat bréngt dat Lëtzebuerger Atomhaftungsgesetz eng fundamental Verbesserung vun de juristesche Méiglechkeeten an erhéicht de finanzielle Risiko, sou wéi d’Käschte vun der Haftflichtversécherung fir d’Bedreiwer vun den Atomanlagen

De François Benoy, Deputéierte vun déi gréng a Rapporteur vum Atomhaftungsgesetz, freet sech iwwert déi breet Zoustëmmung an der Chamber: „Den neien Atomhaftungsregimm ass ee Meilesteen an der Lëtzebuerger Anti-Atom-Politik. Domadder ass kloer, datt Lëtzebuerg déi atomindustrie-frëndlech international Haftungskonventiounen net ratifizéiere wäert. D’Gesetz erméiglecht et Lëtzebuerg, sech an Zukunft op internationalem Niveau op Aenhéicht géint déi weider Fërderung vun Atomenergie anzesetzen.

Eis Nopeschlänner wäerten an Zukunft ëmmer méi héich Käschten a Versécherungszommen mat akalkuléiere musse, wa si an der Grenzregioun d’Liewensdauer vun Atommeileren verlängeren oder Atomendlager baue wëllen. Dank dësem Atomhaftungsgesetz muss d’Atomlobby zukünfteg mat eis rechnen.

Säit Joren ginn d’Käschte fir Atom an d’Luucht, wärend déi erneierbar Energien ëmmer méi gënschteg ginn. Dëst Gesetz ënnerstëtzt dës Entwécklung zousätzlech, huet dofir och eng preventiv politesch Wierkung. Hoffe mir, datt et ni aktiv zur Uwendung komme muss.“

Matgedeelt vun déi gréng

Opmaacherbild: © Jakob Madsen / Unsplash

Related topics Anti-Atom-Kampf, Atomhaftungsgesetz, Chamber, déi gréng, Erneierbar Energien, François Benoy, Gesetz, Héich Käschten, Verbesserung
Next post Previous post