Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)
https://moien.lu/austin-hookup-spots/

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert

who are the cast of one tree hill dating
https://moien.lu/austin-hookup-spots/

Israel: Regierungsbildung onméiglech also Neiwahlen?

Bei de Parlamentswahlen am Abrëll hat beim Ausgang vun de

D‘Briten demonstréiere géint de Boris
https://moien.lu/austin-hookup-spots/

D‘Briten demonstréiere géint de Boris

Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris

Antisemitismus: Lëtzebuerg gëtt net verschount

Antisemitismus: Lëtzebuerg gëtt net verschount

Wéi a villen anere Länner och, muss een zu Lëtzebuerg eng Zounam vum Antisemitismus feststellen. D‘Asbl RIAL (Fuerschung an Informatioun zum Antisemitismus zu Lëtzebuerg) huet dozou hire Rapport virgeluecht a warnt virun Exzesser.

Hat d‘Equipp vu RIAL 2017 nach am Rapport 12 Fäll vun Antisemitismus notéiert, esou waren et der 2018 scho 26. Erschreckend de Constat, datt et ee fir 2019 scho 24 Fäll repertoriéiert huet. Dat kléngt „marginal“ sollt eis als Gesellschaft awer ze denke ginn, och wann et richteg ass, datt keng „physesch“ Attack gemellt gouf. Dofir geet et an de sozialen Netzwierker „héich hir“. Hei géif et duer goen am Zesummenhang mam israelesch-palestinensesche Konflikt eng pro-israelesch Positioun ze ergräifen, fir auserneegeholl ze ginn.

Dat léisst sech net vun der Hand weisen, woubäi an de sozialen Netzwierker all Sujet zum Shitstorm daacht, a sech d‘Feststellung vun der Asbl RIAL, och op esou Begrëffer wéi Homosexualitéit, Islam, Politik a villes Méi deklinéiere léisst. Elo ass den Antisemitismus awer de „Businessmodell“ vun der Vereenegung – déi et zanter 2017 gëtt, sech awer eréischt d‘lescht Joer als Asbl constituéiert huet – an där de Bernard Gottlieb de Poste vum President bekleet. Et ass – no engem Bléck op de FB-Profil – e pro-israeleschen Aktivist.

Elo bedeit dat net, datt de Rapport vun der Asbl falsch wier, dréit awer och net zur Kredibilitéit vum DuPont-Manager bäi. E Constat dee sech och ergëtt wann en eppes Zäit mat hirem Site verbréngt. Vill „Vuen“ sinn eesäiteg formuléiert, och wann et deels zolidd Kritik un der Politik vun der israelescher Regierung gëtt. Wat bréngt dann elo esou e Rapport? Eigentlech nëmmen de Constat, datt et eng „neutral“ Enquête muss ginn, an dat wier dach bestëmmt eppes fir eis äerdeg Fuerscher a Studente vun der Universitéit zu Lëtzebuerg.

Wann engem nämlech dru geleeën ass der Gesellschaft en onerdréiglecht Mëssel virun Aen ze féieren, ass ee gutt Berode weder affer nach Täter ze sinn. Dat huet vill mat Objektivitéit ze dinn, ass awer virun allem eng Fro vun der Glafwierdegkeet. A enger Persoun déi sech als Profi an de beräicher Marketing a Verkaf gesäit, sollten esou grondleeënd Spillregele bekannt sinn. Déi Aart a Weis vun der Duerstellung kann esou an all erdenklech Richtung „falsch ausgeluecht“ ginn, firwat méi Schued ugeriicht gëtt, wéi datt et hëllefe géif.

Selwer drop ze bestoen a vu senge Matmënschen ze erwaarden en Ënnerscheet tëscht „Israeli“ a „Judd“ ze maachen, geet nëmmen dann, wann ee selwer zumindest eng gewëssen Distanz tëscht „Iechternacher Bouf“ a politesch „pro-israeleschen Aktivist“ op d‘Rei kritt. Well dann awer déi genannte Fäll „reell“ sinn, muss een un d‘Regierung appelléieren sech dem Sujet unzehuelen. Si huet d‘Flicht esou schwéier Beschëllegunge mat entspriechende Mëttel ze ënnersichen a falls et sech bestätegt, och Moossnamen ze ergräifen.

Bild: falco / Pixabay

Ähnlech Sujeten Antisemitismus, Bernard Gottlieb, Israel, RIAL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel