Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schéisserei an Akafszenter zu El Paso: Mindestens 20 Affer
Auto Neiegkeeten

Schéisserei an Akafszenter zu El Paso: Mindestens 20 Affer

Am texaneschen El Paso ass et gëschter zu enger Schéisserei

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht
Auto Neiegkeeten

De Knuedler ass erëm op Äis geluecht

Um Mëttwoch kuerz vru Mëtteg, huet de Stater Schäfferot, zesumme

money
Google séchert sech 34 Hektar zu Biissen
Auto Neiegkeeten

Google séchert sech 34 Hektar zu Biissen

Um Méindeg ass Bewegung an den Dossier „Google-Datenzenter“ komm. Dat

D‘Äntwert vum Minister op d‘Reproche vum HOA

No den Exactioune vum Gerry Wagner, déi vun de Medien opgegraff goufen, d‘Äntwert vum François Bausch

D‘Äntwert vum Minister op d‘Reproche vum HOA

Den Direkter vun ARVAL Lëtzebuerg a Member vum Haus vum Automobil (HOA) war gehéierlech géint de Mobilitéitsminister virgaangen. Sécherlech politesch „korrekt“ mee awer mat haarde Bandagen an deels alternative Fakten. Datt hie géif d‘Interesse vun den Automobiliste verdeedegen ass esou falsch, wéi et richteg ass, datt dem Mann vu BNP Parisbas nëmmen de Goss wichteg ass.

Esou gesinn d‘Garagisten, mee an éischter Linn d‘Leasingsgesellschaften hir Existenz bedreet, well de Mobilitéitsminister déi schon länger gülteg WLTP-Norm wëll aféieren. D‘Automobilindustrie an d‘Händler géife léiwer weider mat der NEDC-Norm schaffen, och wann déi erwisenermoossen de Tatbestand vum Bedruch erfëllt, well si d‘Miessungen absichtlech verfälscht. Dat ass elo eriwwer.

Am meeschte geiergert huet sech de François Bausch awer iwwert den Toun an d‘Interpretatioun vun de gefouerte Gespréicher. Esou Bestätegt de Minister mat de Vertrieder vum Automobilsecteur geschwat, an datt dës Gespréicher schonn 2018 ugefaangen hunn. Zil dovunner war et, der Branche d‘Méiglechkeet ze ginn sech ze organiséieren. Si wousste ganz genee wat op si géif duerkommen.

De Minister stellt dann och nach emol kloer (mir hunn dat zimlech ausféierlech beliicht) datt dës Norm vu Bréissel agefouert gouf a bei eisen däitschen Nopere längst ugewannt gëtt, firwat se am Haus vum Automobil net sollten op „iwwerrascht“ maachen. Zudeem hu si hire Kaddo kritt: esou gëtt d‘Norm net zum 1. Januar, mee zum 1 Mäerz – also nom Autofestival – agefouert.

Si kënnen also hire Stock vu „Voituren“ bis dohinner nach ëmmer ënner falschen, oder zumindest zweiwelhafte Viraussetzungen un de Mann, respektiv d‘Fra bréngen. Wat e Gefier tatsächlech verbraucht an un CO² ausstéisst, kënnen si nom 1. Mäerz net méi wierklech verheemlechen. Et ass jo och erwisen, datt déi ganz Branche, vum Hiersteller bis zum Garagist bedrunn a belunn huet.

Kommt emol mat de Féiss op de Buedem

Datt de Lobby vum Automobilsecteur et awer gewot huet ze behaapten, datt et de Konsument ass deen hei vun der Politik géif iwwert de leescht gezu ginn, dat sollt eigentlech Konsequenzen hunn. Mee de Mobilitéitsminister huet keng Loscht sech mat engem substantiell wichtege Wirtschafts-Acteur unzeleeën. De François Bausch beléisst bei enger Erklärung, déi am HOA laang bekannt ass.

Esou sinn dës Moossnamen – déi zudeem net a Relatioun mam Klimaplang oder den Accise stinn – déi noutwenneg Äntwert op de systematesche Bedruch, d‘Gefuddels an d‘Lige vun engem Secteur, dee seng wirtschaftlech Roll a säi politeschen Afloss iwwer Joerzéngten ewech Mëssbraucht huet. Dem Gerry Wagner dee sech mam Bankesystem auskennt, dierft dat immens bekannt virkommen.

An esou muss och deem dommste Konsument ersiichtlech sinn, datt hien net mat de Tax iwwert de leescht gezu gëtt, déi sech jo op dat bezitt wat den Automobilist sech u Gefier ausgewielt huet, mee déi falsch Wäerter, déi zu méi Verbrauch – ergo méi CO²-Emissiounen – féieren, dem Autokeefer e Lach an de Portmonnie rappt. An datt sinn dann honnerten Euro, déi Joer an Joer aus fleete sinn.

Richteg, esou de Minister weider, ass datt vill Betribsween (60%) sech ab 2021 an enger héijer Kategorie vun der Tax erëmfannen. Mee d‘Salariéeën déi vun esou engem Won profitéieren si jo och net blöd, a wann si sech fir ee propperen Auto entscheeden, ännert sech jo eigentlech näischt. Dat beweist dann och datt de Gerry Wagner net de Mënsch, mee säi Profit an de Mëttelpunkt stellt.

Foto: Vill ze laang huet d‘Autolobby hir Wënsch a Fuerderunge vun der Politik erfëllt kritt. Et war och ëmmer datselwecht Argument: Aarbechtsplazen. Firwat si no de Ligen – kee Mënsch huet deen am Katalog genannte Verbrauch gegleeft – och nach esou krass hu misse fuddelen, ouni datt ee se géif zur Rechenschaft zéie, verdéngt datt et zu Moossname kënnt. (Pixabay)

Ähnlech Sujeten ARVAL, Bedruch, CO²-Emissiounen, François Bausch, Fuddelsoftware, Haus vum Automobil, HOA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel