Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bloalgen zu Lëtzebuerg: D’Situatioun verschlechtert sech!
amino acid racemization dating Neiegkeeten

how long dating before a relationship

Nodeems a leschter Zäit ëmmer nees d’Konzentratioun u Bloalge kritesch

https://moien.lu/cancer-woman-dating-a-libra-man/
amino acid racemization dating Neiegkeeten

Wisefest dëse Weekend – mat Heavy Petrol

Och dëst Joer organiséiert d’Amicale vun der Zeitung vum Lëtzebuerger

Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng
amino acid racemization dating Neiegkeeten

Mike Varnier: Fir eng modern familljenorientéiert Gemeng

40 Joer jonk, Papp vun zwee Kanner an nach ëmmer

Apdikt Klierf

Widderspréch an Onstëmmegkeeten

Apdikt Klierf

Et ass net ze bestreiden, datt eng Apdikt am Häerze vu Klierf wiesentlech zu Liewensqualitéit vun de Klierfer Bierger bäigedroen huet. Den Transfert vu Klierf op Maarnech ass dofir ganz schlecht vun de Klierfer Leit opgeholl ginn, an dat zu Recht.

Firwat eng Apdikt op d‘Nordstrooss verleeën, wann net emol fënnef Minutte weider zu Housen – och un der Nordstrooss – souwisou schonns eng Apdikt ze fannen ass? Et ass dat eng onsënneg demographesch Opdeelung vun engem zentrale Pilier, wat déi essentiell Gesondheetsversuergung vun de Leit ugeet.

Dee méi ëstlechen Deel vun de Leit aus der Gemeng Klierf huet elo souwisou besser an d‘Nopesch-Gemeng Wëntger ze fueren, wa si e Medikament brauchen. De Wee bis op Maarnech ass nämlech besonnesch wat den ëffentlechen Transport ugeet, beschwéierlech.

Wann e beispillsweis vun Eeselbur aus op Maarnech wëll, kann dat schonn emol annerhallef Stonn daueren an et muss een zweemol ëmsteigen. Dat awer ass grad eisen eelere Matbierger, déi am heefegsten op eng Apdikt ugewise sinn, kaum zouzemudden.

Et muss een och bedenken, datt – nieft enger Rei Hausdokteren – sech eleng zu Klierf Dag fir Dag zwee Altersheemer ëm eis eeler Matbierger këmmeren. De Besoin vun enger Apdikt zu Klierf ass folglech net vun der Hand ze weisen, an zu Klierf entspriechend grouss.

Wat da leider nach méi traureg ass, dat ass déi onrühmlech Roll, déi d‘Klierfer Gemeng bei dëser Affär gespillt huet: verschidde Gemengeresponsabel, dorënner och de Buergermeeschter, si sech es net midd ginn ze behaapten, datt si keen Afloss op den Transfert haten.

Dat ass eng Ligen, wéi en Zitat aus dem Bréif vum Gesondheetsminister Etienne Schneider un de Klierfer Geschäftsverband vum Mee 2019 beweist:

„…les concessions de Pharmacie sont attribués en fonction de la population communale résidente. Dans le cas de Clervaux, les propriétaires de la pharmacie de Clervaux ont demandé le déplacement de leur Officine vers Marnach, ce que l‘administration communale a avisé favorbalement“.

Als ADR Norde weise mir eis enttäuscht iwwer dëst Virgoe vun de Gemengeresponsabel, déi sech verflicht hunn, dem Wuel vun den Awunner Rechnung ze droen. Déi genannten Onstëmmegkeeten, Onéierlechkeeten a Widderspréch passe leider net an dëst Bild. Als ADR Norde setze mir eis fir eng Transparent Virgoensweis an, mat Bléck op d‘Liewensqualitéit vun de Bierger aus der Gemeng Klierf.

Matgedeelt vun der ADR Norden

D’Meenung vun de Parteien sinn hir eegen a sinn net onbedéngt d’Meenung vun der Redaktioun

Ähnlech Sujeten ADR Norden, Altersheem, Apdikt, Klierf, Medikamenter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel