Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg
Money Neiegkeeten

Grouss Ouverture vum VIP Room – High Class Nightlife zu Lëtzebuerg

Haut den Owend ass et esou wäit: de VIP Room

money
Lëtzebuerger Automobilsecteur am siwenten Himmel
Money Neiegkeeten

Lëtzebuerger Automobilsecteur am siwenten Himmel

Wann et richteg ass, datt den Autofestival fir déi meeschte

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland
Money Neiegkeeten

Éischte Podium fir den Dylan Pereira am Porsche Carrera Cup Däitschland

Déi zweet Manche vum Porsche Carrera Cup Däitschland ass dëse

money

Apdikten, wann se Déngscht hunn, sollen entschiedegt ginn

Zwee Minister gräifen an d‘Täsch a retten d‘Apdikter virun der Precaritéit

Apdikten, wann se Déngscht hunn, sollen entschiedegt ginn

Wat sech de Gesondheetsminister Etienne Schneider (LSAP) a de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) dobäi geduecht hunn, wéi si entscheet hunn, datt d‘Apdikter wa se Déngscht hunn, och sollte vum Staat entschiedegt ginn, ass nach net gewosst. Datt et den Apdikten esou schlecht geet, och net…

Et war am Kontext vun enger Interpellatioun vun den Deputéierten, Josée Lorsché a Marc Hansen (déi gréng), zu enger hypothetescher Entschiedegung vun den Apdikte wann déi Déngscht hunn, wou de Minister confirméiert hunn, datt déi Apdikten, wou iwwert de Weekend oder de Feierdeeg Déngscht hunn sollte fir hir Beméiungen entschiedegt ginn. Eng Analys dozou géif dat erfuerderen.

Dës Analys – vun där net gewosst ass wéini se gemaach gouf – ass vum Gesondheetsministère an Zesummenaarbecht mat engem externe Beroder gemaach ginn. De Syndikat vun de Lëtzebuerger Apdikter (SPL) wier och agebonne gewiescht. Den Duo Schneider/Gramegna hu betount, datt et gläichfalls zu enger Bewäertung vum Fonctionnement vun den Apdikten zu Lëtzebuerg komm ass.

Hei ass sech och mat der „Wirtschaftlechkeet“ vun de Permanence ausenanergesat ginn. D‘Analys, wéi esou oft, baséiert sech op al Zuelen, an dësem Fall op déi vun 2017. Et sinn awer net déi gesamt Zuele vun de verschiddenen Apdikte geholl ginn, mee sech mat engem Echantillon vun 31 aus 94 Betriber – dat gëllt als Representativ – zefridde gewise ginn. Den Detail dozou gouf et och net.

Si kommen net méi iwwert d‘Ronnen

Wat d‘Rentabilitéit vun der Apdikt am strenge Kontext vun de Permanence betrëfft, esou hunn d‘Ministere festgehalen, datt et ronn 3.370 Garden am ganze Land ginn huet. Regional gesinn, deelen sech d‘Apdikten an déi aus de Stied mat „Maison Medicale“ an déi aus dem ländleche Raum op. Entspriechend ënnerschiddlech fält de „Verloscht“ bei den Apdikten aus.

Fir déi éischt ergëtt sech no der Rechnung vun de Ministeren eng Perte vun 100 bis 150 Euro pro Déngscht-Dag, fir déi aner kënnen dat schonn emol bis zu 1.000 Euro sinn. Wéi sech dëse Verloscht ventiléiert duerstellt, ass natierlech och net erkläert ginn. Béid Ministeren hunn sech dann unhand vun dësen Zuelen, op en netto Verloscht pro Permanence vun 340 Euro gëeenegt.

De Pierre Gramegna huet och bestätegt, datt hien eng Demande virgeluecht kritt huet, an deem e Montant fir eng Entschiedegung enthale war. Dës Indemnitéit wier och am Budget festgehale ginn Dozou de Koalitiounsaccord: „… de Prinzip vun der Bedeelegung un der Kontinuitéit vun den Soinen duerch d‘Apdikten, esou wéi eng adequat Remuneratioun ginn an d‘Gesetz ageschriwwen“.

De budgetäre Gesetzprojet gesäit dann och e Kredit, zur finanzieller Entschiedegung zu Gonschte vun den Apdikter am Kontext vun hire Permanence vir. Datt eis Apdikter fir den Déngscht iwwert d‘Weekender a Feierdeeg mussen ënnert d‘Äerm gegraff kréien, well et sech net „rechent“ muss eis ze denke ginn. Wéi steet et ëm eis Wirtschaft, wa Betriber ouni Konkurrenz muss gehollef kréien?

Ähnlech Sujeten Apdikten, Etienne Schneider, Permanencen, Pharmacie, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel