Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun
Neiegkeeten

Europaliga: F91 Diddeleng géint AC Mailand – Verkéiersinformatioun

Fir de Match vum F91 Diddeleng géint AC Mailand am

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament
Neiegkeeten

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament

Faschisten, rietsradikaler a Gläichgesënnter aus néng Länner hunn sech am

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert
Neiegkeeten

Giel Gileten: d‘Taxen op de Sprit ginn annuléiert

D‘Erhéijung vun den Taxen op d‘Pëtrolsproduiten, déi vir den 1.

D’App SANTE.lu ass a Betrib!

D’App SANTE.lu ass a Betrib!

Fir der Bevëlkerung den Informatiounszougang zur ëffentlecher Gesondheet ze erliichteren huet de Gesondheetsministère elo d’App „SANTE.lu“ entwéckelt.

An der mobiller Applikatioun ginn déi wichtegst a meescht gesichten Informatioune vu www.sante.lu regruppéiert, sou wéi beispillsweis gesondheetlech Alerten oder och den Noutruff (Spezialklinik fir Vergëftungen, SOS Détresse,…)

sante.lu
sante.lu

Den Notzer kann iwwregens och kucken, op hien ausräichend geimpft ass oder sech och de Passeport de Vie mat wéinege Klicks eroflueden. Fir den Noutfall kritt een déi 3 wichtegst Gesten ugewisen, fir ee Liewen ze retten. Wien dringend een Dokter brauch, dee kritt iwwert de Beräich „DispoDoc“ a Realzäit d’Generalisten ugewisen, déi an der Géigend zur Verfügung stinn, an dat och ausserhalb vun den normalen Zäiten.

D’App „SANTE.lu“ kann ee gratir am Apple Store oder bei Google Play op säi Smartphone oder Tablett eroflueden. Heivir kënnt Dir direkt HEI klicken.

Ähnlech Sujeten Applikatioun, Dokter, Gesondheetsministère, Noutruff, sante.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel