Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Fête de la Musique 2017 – E feste Rendez-Vous
chloe sutton dating signs of dating a con man

how far back can carbon dating go

Och dëst Joer huet d’Diddelenger Gemeng bei der Fête de

philadelphia gay dating service
chloe sutton dating signs of dating a con man

Israel wëll Al-Jazeera erausgeheien

Gëschter huet de Premierminister vun Israel, de Benjamin Netanyahu, annoncéiert,

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht
chloe sutton dating signs of dating a con man

24. Walfer Bicherdeeg: Mat Léift zur Literatur, Kultur an der Geschicht

Et ass schonn déi 24. Editioun vun de Walfer Bicherdeeg,

Kommentar: Eigentlech sollten si sech mat Äppel a Bieren auskennen

Mouvement Ecologique trëfft mat béiser Kritik um Educatiounsministère déi falsch Leit

Kommentar: Eigentlech sollten si sech mat Äppel a Bieren auskennen

An de Zäite vu Klimawandel, Biodiversitéitskris a gesellschaftlechem Wandel misst déi politesch Bildung verstäerkt an eise Schoule verankert ginn, fir datt déi jonk sech besser der Erausfuerderung vun der haideger Zäit stelle kënnen. Dat wier méi wichteg, wéi 100 Schüler ob Dubai ze schécken, esou de Mouvement Ecologique (Meco) an engem Communiqué vum 3. Dezember.

De Meco a seng Jugendsektioun „Move“ si veriergert iwwert de Fait, datt Ufank 2020 all d‘Schüler vum Secondaire (3ème) zu Informatiounsversammlungen ageluede ginn (Forum Geesseknäppchen an der Stad, an Al Seeërei zu Dikrech), wou si ee Concours presentéiert kréien, bei deem et als Belounung eng Rees op d‘Weltausstellung zu Dubai gëtt. A si hunn dofir och Argumenter parat.

Esou heescht et: „Während d‘Regierung en Energie- a Klimaplang erstellt, fërdert den Educatiounsministère de Fluchverkéier!“ Si sinn zudeem der Usiicht, datt ee keng Schüler an e Land schécke sollt wou d‘Mënscherechter net respektéiert ginn. Si beruffen sech dofir op de Rapport vun Amnesty International, woubäi déi politesch a sozial Lag duerchaus bekannt ass.

Wann ee sécherlech mat der Argumentatioun u sech duerchaus kann averstane sinn, och wann dat mat der Fluchverkéiersfërderung säitens dem Educatiounsministère eppes mat den Hoer erbäigezunn ass, gëtt hei iwwert d‘Zil erausgeschoss. Et dierft deenen am Ministère zimlech egal sinn, wéi de Meco hir Charmoffensiv an Ënnerstëtzung fir de Lëtzebuerger Pavillon gesäit.

A vum Meco heescht jo och: „Natierlech ass et wichteg, datt Schüler net nëmmen am Unterrecht sëtzen: Bildung huet och den Optrag, datt d‘Schüler d‘Welt mat hiren eegenen Ae gesinn. Op dat an Zäite vun der Klimakris mat Laangstreckeflich an an engem Land geschéie soll wou diplomatesch Bezéiungen op reng ekonomeschen Interesse opgebaut sinn ass a Fro ze stellen“.

Datt d‘Schüler net op Dubai segele mussen – wat ee schliisslech och als Liewenserfarung a Bildung bezeechne kann – mécht net nëmme Sënn, déi allermeeschte Besicher vun der Weltausstellung dierften sech fir dës Reesméigklechkeet entscheeden. Et wier och zäitlech onrealistesch net ze fléien. An dat mat de Mënscherechter sollen déi Jonk och mat hiren eegenen Ae gesinn.

Natierlech kann een awennen, datt se „näischt gewise kréie wat se net sollten“ woubäi een déi Jonk net ënnerschätze sollt, wat eis bei de Concours u sech an déi genannten Info-Versammlung zréck bréngt. Wann et richteg ass, datt een deene Jonken op 3ème zoumudde ka politesch aktiv ze sinn (Youth for Climate oder Jugendsektioune vun de Parteien), da sollt ee se selwer decidéiere loossen.

Stell der vir et ass eng Versammlung a kee geet hin. Gutt et wäert Enseignante ginn, déi do och hire Pefferkär bäizeleeën hunn, mee offiziell ass et eng fräiwëlleg Participatioun. Datt et d‘Schüler méi einfach hätten sech ze entscheede wann et eng besser politesch Bildung an eise Schoule géif ginn, dat ass dann dat eenzegt wierklecht valabelt Argument. Mee wéi gesot, si mussen et wëllen dierfen.

Foto: Olga Ozik / Pixabay

Ähnlech Sujeten Dubai, Educatiounsministère, Mouvement Ecologique, Move, Schüler, Weltaustellung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel