72 Stonnen Zäit, fir sech ze begéinen
Vum 19. bis 21. Mee stoung de Benevolat zu Lëtzebuerg
Vum 19. bis 21. Mee stoung de Benevolat zu Lëtzebuerg
Dëse Méindeg huet natur&ëmwelt Beetebuerg-Monnerech-Réiserbann mam Accord vum Centre Ornithologique
Haut um Méindeg ginn zu Berlin verschidden afrikanesch Staatscheffen erwaart,
Ob mir et elo als angenehm empfonnt hunn oder net, de Confinement war noutwenneg fir d’Verbreedung vum Virus ze limitéieren. Mam Retour vun de Fräiheete spléckt sech d’Bevëlkerung allerdéngs an den Deel op, dee sech nach ëmmer un d’Reegelen hält an och nach net immens gären op Gruppe vu Mënschen trëfft, wärend den aneren Deel ganz schéin kéng gëtt, heemlech Partyen organiséiert, zu e puer méi wéi erlaabt an de Caféen hänke bleift a wou d’Mask just nach eng nerveg Begleeterschéngung ass.
De Lex Delles vergläicht dobäi déi aktuell Situatioun mat der Schoul. Et sollt een net déi ganz Klass bestrofen, just well ee Schüler kee Beholl ka weisen. Dofir misst een d’Populatioun awer dorun erënneren, datt déi sanitär Moossnamen déi nei Normalitéit sinn.
Wärend zënter haut déi europäesch Grenzen fir Auslänner aus Drëttstaaten nees op sinn, goufen et de Weekend zuelräich Verstéiss, wou Etablissementer aus dem Horesca-Secteur nach no Mëtternuecht zerwéiert hunn a sech och net iwwert e Mangel u Clientèle beschwéiere konnten.
Gläichzäiteg sinn et awer och grad d’Mataarbechter aus der Gastronomie, dem Handwierk an dem Commerce, déi sech un d’Droe vun der Mask, de Sécherheetsofstand an déi noutwenneg Desinfektioun vum Material bekëmmeren. Net fir näischt ass de Label Safe to Serve agefouert ginn. „Et muss ee responsabel sinn, dat ass déi eenzeg Méiglechkeet géint d’Verbreedung vum Virus unzekämpfen“, sou de Lex Delles.
Och wann et fir esou muncher schwiereg ass, gëtt gesonde Mënscheverstand gefuerdert. Eng zweet Well an e weidere Lockdown wëll wuel kee provozéieren. Ma, dann weist och e Mooss u Respekt géigeniwwer der Gesondheet vun aneren.
Opmaacherbild: © Martine de Lagardère/moien.lu