Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!
International Kultur Neiegkeeten

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch

Phil27: Musikalesch Spëtzeleeschtungen zum klenge Präis
International Kultur Neiegkeeten

Phil27: Musikalesch Spëtzeleeschtungen zum klenge Präis

An der neier Saison 2019/20, déi fir d’Philharmonie mat engem

Kannerpornographie: Wéi geet Lëtzebuerg mam Problem ëm?
International Kultur Neiegkeeten

Kannerpornographie: Wéi geet Lëtzebuerg mam Problem ëm?

Kannerpornographie oder Pedopornographie ass kee neizäitleche Phenomen, mee hautdesdaags ass

Appetit op Spuenien: Wat huet et mat den Tapas op sech?

Appetit op Spuenien: Wat huet et mat den Tapas op sech?

Esou wéi d’Sonn, de Flamenco oder de Stéier fir Spuenien stinn, gehéieren d’Tapas zur Traditioun dozou. Als Markenzeeche vun der spuenescher Kichen erlieft dat fantastescht Miniatur-Festiessen op der ganzer Welt immense Succès. Mee wéi ass dës Aart a Weis déi zuelräich kleng Portiounen ze probéieren an ze genéissen iwwerhaapt entstanen?

Der Definitioun no heescht d’Wuert Tapa „kleng Portioun vun engem Liewensmëttel, déi als Begleedung zum Gedrénks zerwéiert gëtt“. Sicht een no de beschten Tapas weltwäit, esou kënnt een ëm eng Visitt vun Andalusien net ronderëm. Hei gëtt de kulinaresche Liewensstil nämlech mat vill Gefill a Gesellegkeet a Perfektioun ëmgesat.

Tapas

Wéi wir et mat Patatas Bravas?

Vill Theorien zur Entstehung vun den Tapas

Bei senger Visitt vun der Provënz Cádiz wollt de Kinnik Alfonso XIII genësserlech ee Glas Sherry um Strand drénken. Wëll awer elo un dësem Dag staarke Wand opkomm an esou de Sand opgewierbelt ginn ass, huet de Garçon eng Scheif Ham iwwert Senger Majestéit säin Aperitif geluecht. Amuséiert duerch dës Initiativ huet de Kinnek an och aner Membere vum Kinneklechen Haff uschléissend nach ee Sherry „con tapa“, also mat Deckel, bestallt. D’Phänomen huet sech ausgebreet a weider entwéckelt.

Eng aner So erzielt d’Geschicht vun den Andalusier, déi schonn ëmmer gären hire Sherry am Fräie gedronk hunn. De séisse Geroch huet awer net nëmmen de Mënsch, mee och d’Insekten ugezunn. Esou huet een ee Stéck Kéis oder och eng Scheif Wurscht als Deckel op d’Glas geluecht. Dorausser ass iergendwann ee richtegen Deckel, respektiv eng kleng Schossel entstanen, an déi Oliven, Chorizo an aner Klengegkeete geluecht goufen.

Tapas

Virun allem Chorizo gehéiert zu de beléiftsten spuenesche Wurschtzorten.

Spuenesch Spezialitéiten, déi d’Kultur méi no bréngen

Mëttlerweil kritt ee beim Bestelle vun Tapas eng riseg Auswiel u verschiddene klenge kulinareschen Delikatessen. Fir de Spuenier geet et heibäi awer net nëmmen ëm de Goût. Vill méi ass et eng effektiv Form fir mat senge Matmënschen an d’Gespréich ze kommen an zesummen a klenge Gruppe vun enger Plaz op déi nächst ze zéien, eng flott Zäit ze verbréngen an gläichzäiteg déi jeeweileg Spezialitéite vun der Tapas Bar ze schmaachen. Generell gëtt sech vill Zäit geholl, wouduerch och de Genoss däitlech méi spierbar ass.

Zu de beléiftsten a beschte spueneschen Tapas gehéieren:

  • Spuenesch Tortilla: Traditionell gëtt d’Tortilla aus Eeër, Gromperen an Olivenueleg hiergestallt. Heiansdo gëtt och emol eng grouss Portioun Zwiwwel dobäi gemëscht.
  • Patatas Bravas: Déi knuspresch gebake Gromperewürfelen leien an enger pikanter rouder Zooss
  • Iberesch Ham: Als Tapa gëtt d’Ham normalerweis mat Brout oder typesch klenge Broutstangen, och Colines genannt, zerwéiert.
  • Kéis: Virun allem de lokal produzéierte Kéis ass besonnesch beléift. Bekannt Zorten sinn ënnert anerem de Manchego, den Idiazábal, de Roncal, de Mahón oder och de Majorero.
  • Oliven: Meeschtens ginn d’Olive marinéiert oder och mat Sardellen oder Paprika gefëllt ugebueden.
  • Pulp: Frësch panéiert a frittéiert Tëntefëschréngelcher gehéieren zu all Tapas-Kombinatioun dobäi.
  • Morcilla a Chorizo: Nieft der Ham ginn dës zwou Wurschten aus Schwéngefleesch gäre bestallt. D’Morcilla ass eng spuenesch Bluttwurscht déi mat Räis zoubereet gëtt. D’Chorizo ass eng spuenesch Paprikawurscht, déi gegrillt oder am Äpplwäin gekacht gëtt.
  • Pescaíto Frito: Heibäi gëtt Fësch frësch panéiert, frittéiert an nach waarm zerwéiert.
  • Gazpacho: Dës andalusesch Zopp mat püréierten Tomaten, Cocombre, Knuewlek, Zwiwwelen, Paprika, Ueleg an Esseg gëtt generell kal giess.
Tapas

Frittéiert Tëntefëschréngelcher sinn ee Muss

Nach ee Wuert zur Degustatioun: Tapas ginn a Spuenien der Traditioun no am Stoe giess. Wärend een un der Bar steet a mat senge Kollege potert, probéiert een déi verschidde Spezialitéiten. Vu que datt een vu Lokal zu Lokal zitt, lount sech gemitterlecht Sëtzen och net. Wéi wier et also bei der nächster Vakanz a Spuenien mat enger spannender Tapas-Tour, duerch déi een net nëmmen d’Gastronomie, mee och d’Kultur, d’Land a seng Bewunner besser kenneléiert?

Ähnlech Sujeten Andalusien, Con tapa, Flamenco, Gastornomie, Gazpacho, Iberesch Ham, Iessen, Keis, Kinnik Alfonso XIII, Oliven, Patatas Bravas, Pulp, Sherry, Spuenien, Tapas, Tortilla, Traditioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel