Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Attentäter vu Christchurch plädéiert: „Net Schëlleg“
nz singles dating Money dragon ball speed dating

https://moien.lu/highest-rated-senior-dating-sites/

De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu

https://moien.lu/oregon-law-for-dating-a-minor/
nz singles dating Money dragon ball speed dating

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert

Vum 23. November bis de 24. Dezember wäert een op

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!
nz singles dating Money dragon ball speed dating

Philharmonie: Diplomiwwerreechung vun der Europaschoul!

Um vergaangene Samschdeg, de 6. Juli huet an der Stater

geekmoney

Apple Pay elo och fir d‘Cliente vun der Spuerkeess

Wa Bezuelen einfach, sécher a vertraulech soll sinn, dann ass dat d‘Léisung

Apple Pay elo och fir d‘Cliente vun der Spuerkeess

D‘Spuerkeess, d‘Nummer 1 ënnert de Banken zu Lëtzebuerg huet gëschter annoncéiert, datt hir Clienten elo och de Service Apple Pay, eng einfach, sécher a vertraulech Bezuelmethod notzen dierfen. D‘Aart a Weis wéi een haut seng Rechnungen an Akeef bezilt änneren sech jo och. Mat Apple Pay kënnen d‘Cliente séier a bequem am Geschäft oder dem Netz bezuelen, egal ob mat hirem i-Phone, dem i-Pad, der Apple Watch oder dem „Mac“.

Fir d‘Experte vun der Spuerkeess berout Apple Pay op zwou Sailen: Sécherheet a Vertraulechkeet. Esou géif, wann de Client eng Kreditkaart oder „Debit-Kaart“ vun Apple Pay benotzt, d‘Nummer vun der Kaart nimools net um Apparat oder de Server vun Apple gespäichert. Dat huet domatter ze dinn, datt eng „Device Account Number“ (DAN), also eng Kontosnummer un de genotzten Apparat gebonne gëtt, déi da mat der eigentlecher Kaart verbonne gëtt, iert dës da Chiffréiert a ganz sécher an der Komponent „Secure Element“ vum genotzten Apparat ofgespäichert gëtt. All Transaktioun gëtt iwwert en dynamesche Sécherheetscode authentifizéiert.

Apple Pay ass liicht ze konfiguréieren an d‘Notzer profitéieren och weiderhi, vun hiren Avantagen déi vun de Kreditkaarten: Mastercard an/oder Visa, wéi och den Debit-Kaarten V-Pay ugebuede ginn. Mat Apple Pay kënnen d‘Clienten iwwert hir Apple Apparater all Zort vun Transaktioun maachen. Beim Akafen am Internet a bei Notzung vu Safari mat Apple Pay, muss ee kee Kont méi uleeën an och keng laang Questionnairen ausfëllen. All Kaf dee mat Apple Pay realiséiert gëtt, ass dann entweder mat engem „Bléck“ (Face ID), enger „Beréierung“ (Touch ID) oder dem Passwuert vun der Maschinn authentifizéiert.

Fir méi Informatiounen zu Apple Pay verweist d‘Spuerkeess op de Site vum US-Konzern.

Ähnlech Sujeten Apple Pay, i-Pad, i-Phone, i-Watch, Spuerkeess
Nächsten Artikel Virrechten Artikel