Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polizist: Keen einfachen „Job“
Neiegkeeten

Polizist: Keen einfachen „Job“

Op Meschelsdag, an dat huet Traditioun, éiert d‘Police hire Patréiner

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer
Neiegkeeten

Luxembourg Art Fair – D’Luxexpo am Konschtféiwer

Och zum Schluss vum Joer muss een Highlight gesat ginn.

Gemauschels tëscht Berlin a Paräis: Ass dat d’europäesch Zukunft?
Neiegkeeten

Gemauschels tëscht Berlin a Paräis: Ass dat d’europäesch Zukunft?

Esouguer iwwerzeegten Europäer wäerten eng Kéier musse schlécken. De Posteschacher

KLAXIT: Fir méi Covoiturage zu Lëtzebuerg!

KLAXIT: Fir méi Covoiturage zu Lëtzebuerg!

Ee Gefier effizient ze notzen, gënschteg a komfortabel vun A no B ze kommen an dobäi och nach spannend Gespréicher mat senge Matfuerer ze hunn, si just e puer vun de Virdeeler vum Covoiturage-Prinzip. Ab dem 31. Januar ginn d’Notzer vu CoPilote invitéiert, fir sech déi nei Applikatioun Klaxit erofzelueden an esou der gréisster Communautéit vum Covoiturage an Europa deelzehuelen. Elo soll d’Kontaktopnam tëscht Fuerer a Passagéier nach méi einfach ginn!

Nodeems d’Societéit Ecolutis, am Juli 2019 vun der Societéit Klaxit opkaaft ginn ass, wäert de Lëtzebuerger Service CoPilote, dee vum Transportministère opgestallt an ugebuede ginn ass, lues awer sécher d’Applikatioun Klaxit bei sech integréieren. Speziell fir Persounen, déi zu Lëtzebuerg liewen an/oder schaffen, ass Klaxit faarflech esou u CoPilote ugepasst ginn, datt een doucen Iwwergang garantéiert gëtt.

Klaxit

© Klaxit

Hu Fuerer a Passagéier sech fonnt, weist den integréierte GPS Klaxit Live dem Chauffeur de Wee an erméiglecht et de Matfuerer, d’Gefier an Echtzäit ze verfollegen. Mat e puer einfache Klicks sollen d’Trajeten am Alldag minimiséiert ginn. Déi effizient Notzung vun de Gefierer an déi domat verbonnene Reduzéierung vu Verkéiersmëttel op der Strooss, kéint ënnert anerem Stau reduzéieren a Käschte spueren.

Eidel Plaze richteg notzen

„De Covoiturage ass eng vun den Haaptmissioune bei der Mobilitéitsstrategie Modu 2.0. All Dag komme Gefierer mat 250.000 eidele Sëtzer an de Ballungsraum vun der Haaptstad“, erkläert den Transportminister François Bausch. D’Kombinatioun aus der einfacher Applikatioun Klaxit an der drëtter Spur op den Autobunnen, déi nëmme fir Gefierer mat méi, wéi 3 Passagéier geduecht sinn, hofft een an Zukunft ee méi flëssege Verkéier ze hunn a Persounen zesummen ze bréngen, déi een ähnlechen Trajet hunn.

Wéi de Julien Honnart, President a Grënner vu Klaxit, ënnerstrach huet, wier de Wëllen an d’Erwaardunge säitens dem Ministère, de Bierger an Entreprisen immens grouss. De Covoiturage soll d’Léisung fir d’Problemer op den iwwerfëllte Stroosse ginn.

Klaxit

De Julien Honnart, CEO vu Klaxit an de Cyrille Courtière CTO vu Klaxit © Klaxit

Eng Offer fir Entreprisen

Entreprisen hunn d’Méiglechkeet als Referenz op Klaxit ugewisen ze ginn, fir de Mataarbechter d’Sich no enger Matfuergeleeënheet ze vereinfachen. Vir nach méi wäit ze goen an ee positiven Effekt op d’Investissementer ze kréien, kënne Firme vun der Premiumoffer an enger schlësselfäerdeger, ugepasster Begleedung vu Klaxit profitéieren.

Mat dëser Offer kënnen an der Moyenne méi Mataarbechter zum Covoiturage ermuddegt a motivéiert ginn. Ganzer 8 vun 10 Persoune fannen iwwert dëse Wee eng passend an zäitlech ofgestëmmt Matfuergeleeënheet.

Klaxit

© Klaxit

Opmaacherfoto: © Klaxit

Ähnlech Sujeten CoPilote, Covoiturage, Cyrille Courtière, Effizienz, François Bausch, Julien Honnart, Klaxit, Matfuergeleeënheet, Transport, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel