Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech
Kultur Neiegkeeten

Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech

Vir 2020 huet Europa, an domat och Lëtzebuerg, sech a

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen
Kultur Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXV: Zréck an de Kreesverkéier a Lëschte fir d‘EU-Wahlen

Um 25. Samschdeg vum Mouvement vun de giele Gileten, notéiert

Agence-Schléissung Spuerkeess
Kultur Neiegkeeten

Agence-Schléissung Spuerkeess

Datt d‘Spuerkeess aus wirtschaftleche Grënn eelef Agencen zoumécht a sech

Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!

Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!
© Aquarium DISCUS
Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!
© Aquarium DISCUS
Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!
© Aquarium DISCUS
Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!
© Aquarium DISCUS
Ee Besuch am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng – Einfach emol andauchen!
© Aquarium DISCUS

Am Aquarium DISCUS zu Déifferdeng treffen Traditioun an d’Léift zum Aquarium openeen. Leschte Weekend huet den dozou gehéierege Club d’Diere fir d’Ëffentlechkeet opgemaach an op 200 m² d’Aartevillfalt vun de Séisswaasserfësch, sou wéi déi kreativ Gestaltung vun Aquarien an de Virdergrond gestallt.

Scho säit August 1962 besteet den Aquarium DISCUS zu Déifferdeng an ass am Laf vun der Zäit geografesch gesinn ëmmer op der selwechter Plaz verbliwwen. Dobäi muss ee leider soen, datt d’Membere vum Club de leschten Aquariums-Veräin am Land oprecht erhalen. Mat ausräichend techneschem Wëssen an immenser Passioun guidéieren de Club all Interesséierte mat Rotschléi zu den diverse Séisswaasserfësch, aquaristesche Planzen a weiderem Material an déi richteg Richtung. D’Wuel vum Déier steet schliisslech ëmmer op éischter Plaz.

Am Ganze konnt een um vergaangene Weekend ee Bléck op déi iwwer 50 Aquarien a seng iwwer 100 verschidde Bewunner werfen. Bei dëser Geleeënheet sinn natierlech och d’Waasserplanzen an aquaristesch Accessoire presentéiert ginn, déi all Aquarium zu engem attraktive Liewensraum fir de Fësch maachen.

Hat de Club bei senger Grënnung d’Zil fir nei technesch Apparater, Iesse fir déi schwammend Déieren, sou wéi Planze fir d’Bassengen ze verkafen, esou erfëllt de Grupp aus 135 fräiwëllege Membere mëttlerweil och ee sozialen an edukativen Zweck. Op Demande besichen si nämlech och Schoulklassen an informéieren iwwert déi spannend Welt vun de Séisswaasserfësch.

Do soll een nach emol denken, datt ee Fësch eppes Langweileges wier. Den Aquariums-Veräin DISCUS beweist de genaue Géigendeel a bleift weiderhi fir Lëtzebuerg an d’Groussregioun ee vun de wichtegsten Acteuren am naasse Beräich. A wien elo selwer interesséiert ass, emol bis op Déifferdeng kucken ze goen, dee ka Mëttwochs tëscht 17:00 an 19:00 Auer, sou wéi Samschdes tëscht 10:00 an 12:00 Auer bei der kompetenter Ekipp erasprangen.

Weider Informatiounen zur Geschicht vun DISCUS, sou wéi zukünftegen Evenementer fannt Dir ënnert www.discus.lu.

Ähnlech Sujeten Aquarium DISCUS, Club, Déifferdeng, Fësch, porte Ouverte, Séisswaasserfësch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel