Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 30. Oktober)
Meenung Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 30. Oktober)

Et ass Weekend! Zäit fir d’Woch a Revue passéieren ze

Raftside um Siren’s Call 2019
Meenung Neiegkeeten

Raftside um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

money
Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen
Meenung Neiegkeeten

Net alles um Réck vun de klénge Leit ausdroen

Et war e gewinnt kämpfereschen Toun, deen den ULC-President Nico

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz

Europawahlen: Är Stëmm fir de Klimaschutz

E Sonndeg fannen d‘Wahle fir d‘Europaparlament statt. Op dësem Dag entscheeden d‘Bierger an d‘Biergerinne vun eisem Land, wéi eng sechs lëtzebuergesch Deputéiert an d‘EU-Parlament anzéie wäerten. Dës Volleksvertrieder wäerten dofir verantwortlech sinn, a wéi eng Richtung d‘Weiche fir den zukünftegen Ëmwelt- a Klimaschutz gestallt ginn.

Greenpeace appelléiert un all d‘Bierger an d‘Biergerinnen zu Lëtzebuerg: „Maacht de 26. Mee vun ärem demokratesche Stëmmrecht gebrauch a gitt nëmmen deene Kandidaten är Stëmm, déi sech wierklech fir de Klimaschutz an eng nohalteg Zukunft asetzen. Well d‘Ëmwelt, d‘Klima a virun allem déi zukünfteg Generatioune brauchen är Stëmm.

An de vergaangene Méint a besonnesch no de Klimademonstratiounen ass och hei zu Lëtzebuerg eng breet Diskussioun iwwert de Klimaschutz lassgetrëppelt ginn. Klimaschutz ass elo fir vill Politiker en Thema, dat si notze fir sech bei den Europawahlen ze profiléieren.

E Bléck an déi vergaange Legislaturperiod weisst eis awer, datt déi éischter konservativ, respektiv liberal Fraktiounen am EU-Parlament eng fortschrëttlech Ëmwelt- a Klimapolitik verhënnert hunn, während déi gréng an och zum Deel sozialdemokratesch Vertrieder sech wiesentlech méi oppen an zukunftsorientéiert fir eng nei Energie-, Klima- an Ëmweltpolitik ausgeschwat hunn.

Déi gréng a Sozialdemokraten hunn zum Beispill bei den Ofstëmmunge fir dem Ofschafe (Phase Out) vun ëffentleche Subventioune fir fossil Energieträger zougestëmmt a fir d‘Erhéijung vum Undeel vun den erneierbaren Energien an därer hir Effizienz gestëmmt. Hei hunn d‘Vertrieder aus de konservativen a liberale Fraktiounen éischter dergéint gestëmmt oder sech enthalen.

„Déi bevirstoend Europawahl ass en entscheedende Moment, an deem déi eeler Generatioun eppes fir déi Jonk maache kann: andeems si sech fir eng virauskuckend an Ëmweltfrëndlech Politik entscheet“, erkläert de Raymond Aendekerk, Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg.

„Ons bleiwen nach ronn zéng Joer fir déi schlëmmsten Auswierkunge vun der Klimakris ofzewieren. Ouni drastesch, duerchgräifend Moossname vun der EU kann dat net geléngen. Et steet vill um Spill. D‘EU ka wiesentlech derzou bäidroen, datt effektive Klimaschutz endlech Realitéit gëtt. Klimaschutz kann nëmme stattfannen, wa vill Mënschen dat wëllen. Maacht dofir vun ärem demokratesche Recht gebrauch“.

Matgedeelt vu Greenpeace Lëtzebuerg, fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Demokratie, Ëmwelt- a Klimapolitik, EU-Parlament, EU-Wahlen, Europawahlen 2019, Greenpeace
Nächsten Artikel Virrechten Artikel