Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Kathedral „Notre-Dame“ a Flamen: Eis Solidaritéit mat Frankräich!
International Neiegkeeten

https://moien.lu/always-sunny-dating-profile/

Et ass mat grousser Trauer datt d‘Partei déi Konservativ op

is hi5 a dating website
International Neiegkeeten

De Kollektivvertrag an der Fonction Publique ka kommen

Et war e wäite Wee bis zum Ofschloss vum Kollektivvertrag

Tréinen a Freet leie no beieneen
International Neiegkeeten

Tréinen a Freet leie no beieneen

A Frankräich ass den 4. September Schoulrentrée. Ongeféier 12 Milliounen

Arabesch-europäesche Sommet soll Zesummenaarbecht fërderen

Arabesch-europäesche Sommet soll Zesummenaarbecht fërderen

Déi europäesch Unioun huet dësen éischte Sommet mat der arabescher Liga organiséiert, mat der Absicht d‘Zesummenaarbecht mat dëse Länner ze stäerken. Beim Optakt vum Sommet, huet den EU-Rotspresident, Donald Tusk, déi bedeelegt Länner opgeruff, sech gemeinsam de Problemer ze stellen.

Ausgedroe gouf de Sommet am egyptesche Sharm el-Sheikh, engem Touristemagnéit um roude Mier. Hei huet den Donald Tusk zum Optakt e puer Grondsätz an de Raum gestallt. Esou misst d‘Zivilgesellschaft gestäerkt, Oppenheet an Toleranz gefërdert ginn. Et bräicht den interkulturellen Dialog a Bildung, wann engem dru geleeë wier, friddlech a stabil Communautéiten ze schafen.

Fir den egyptesche President, Abdel Fattah al-Sisi, war et d‘Geleeënheet vun der EU ze fuerderen, sech méi an de Kampf géint den Terror anzebannen. Den Terrorismus wier déi gréisste Bedreeung fir d‘Regioun an d‘Welt, hei misst et zu eng verstäerkter Zesummenaarbecht kommen, wann een de Fridden als Zilsetzung huet. D‘Regioun misst endlech deem verdéngten Erfolleg zougefouert ginn.

Sommet

Den Donald Tusk huet vun der arabescher Liga gefuerdert, datt si hir respektiv Zivilgesellschafte stäerken, a fir méi a besser Bildung suerge mussen. © newsroom/EU

Mee d‘Zesummenaarbecht ass och schonn dowéinst noutwenneg, wann et der EU eescht gemengt ass eng legal Migratioun ze erméiglechen. Fir den EU-Kommissiounspresident, Jean-Claude Juncker, ass de Sommet – hei treffen sech ëmmerhin d‘Diplomaten aus Länner déi zesummegeholl 12% vun der Weltbevëlkerung vertrieden – e wichtege Message un d‘Welt an d‘Bierger.

Mënscherechter ginn iwwerbewäert

Bei esou engem Sommet, wou et ëm Kooperatioun – also an éischter Linn ëm de Business geet – stéiere Froen zum Ëmgang mat de Mënscherechter. Datt déi a ville Länner net emol mat Féiss getrëppelt kënne ginn, well et se guer net gëtt, dees ass sech de Jean-Claude Juncker bewosst. Mee hie setzt sech an fir den Dialog an d‘Zesummenaarbecht, well et soss guer net ka weidergoen.

„Wann ech ëmmer nëmme mat rengen Demokrate schwätze géif, wier mäin Aarbechtspensum fir d‘Woch schonn um Dënschdeg erleedegt. (…) Europa muss mat alle schwätzen. Mee et mussen oppe Gespréicher bleiwen. Keng an deenen den Akzent op d‘Mënscherechter geluecht gëtt, mee och keng an deenen d‘Mënscherechter ënnert den Teppech gekiert ginn“, esou eise fréiere Premier.

Deem kann den aussepolitesche Spriecher vun de Sozialdemokraten am Europaparlament, Knut Fleckenstein, net zoustëmmen: „Et kann net domatter gedoe sinn, datt sech just iwwer Migratioun an Zesummenaarbecht bei der Sécherheet ënnerhale gëtt. Hei muss et och ëm d‘Mënscherechter goen“. Dat ass e fromme Wonsch, deen déi arabesch Liga esoubal net wäert erfëllen.

Ouni Demokratie an reliéis Toleranz

Europa ass beméit sech Wirtschafts- a Krichsflüchtlinge vum Hals ze halen, och datt sollt ee beim Sommet vu Sharm el-Sheikh net vergiessen. Déi däitsch ONG „Brout fir d‘Welt“, huet drop higewisen, datt de „Problem“ Migratioun, net vun Nationalisten an/oder Regierunge ka geléist ginn déi sech systematesch Krichsverbriechen a Mënscherechtsverletzunge schëlleg maachen.

Sommet

(v.l.n.r.) Xavier Bettel, Premierminister vu Lëtzebuerg; Fayez al-Sarraj, Premierminister vu Libyen a Mark Rutte, Premierminister vun Holland. © newsroom/EU

An si sinn net déi eenzeg, déi bedaueren, datt bei dësem Treffe vun enge 50 Kinneken, Scheichen a Presidenten, de Risiko grouss ass, datt d‘EU, just fir roueg ze sinn, bereet ass all rechtsstaatlech Prinzipie bei der Däiwel ze joen, wann et derzou bäidréit, sech d‘Migrante vum Leif ze halen. Mee firwat soss, sollt d‘EU mat der arabescher Liga e Sommet veranstalten? De Pëtrol, de Gas?

De Lëtzebuerger Premier, Xavier Bettel, vertrëtt zu Sharm el-Sheikh, nieft den europäeschen Interessen, och déi vu Lëtzebuerg. Him sollt een dierfen ënnerstellen, datt Mënscherechter grad oder besonnesch déi vu LGBT-Communautéit um Häerze leien. Hei am Land mécht hie sech ëmmer nees staark fir hir Rechter. Dat awer ass innerhalb der arabescher Liga en absolut Tabuthema.

mat indymedia/bru

Foto: Déi klassesch „Familljefoto“. © newsroom/EU

Ähnlech Sujeten Donald Tusk, europäesch-arabesche Sommet, Jean-Claude Juncker, Mënscherechter, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel