Migratioun: De briteschen Dram
D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op
D‘Inneminister vu Frankräich a Groussbritannien hunn sech um Sonndeg op
Nodeem e Mëttwoch de Minister, d’Gewerkschaften an d’Personalvertriedung, sech op
Fir déi fënneft Editioun haten sech 72 Schoulklasse gemellt, awer
Nodeems d’Erëffnung vun der Ausstellung coronabedéngt op dräi Owenter verdeelt ginn ass, huet elo all interesséiert Persoun fräien Zougang op d’Expo an de moderne Raimlechkeete vum Kasino.
Net erféieren – an der Entrée gëtt d’Temperatur vun all Visiteur gemooss. Nom Desinfizéiere vun den Hänn kann een och schonn de Feiler um Buedem nogoen a sech am Tour laanscht déi verschidde Wierker leede loossen.
Folgend Kënschtler stellen aus: Rol Backendorf, Chantal Blasen, Tino Camarda, Josiane Ginter, Fabienne Goerens, Henri Goergen, Anne-Marie Grimler, Margot Guion, Marina Herber, Florence Hoffmann, Assy Jans, Nora Juhasz, Serge Koch, Nicole Rapp, Reiny Rizzi-Gruhlke, Ingo Schandeler, Jessica Theis, Günseli Toker, an als Invité den Alex Bissen.
Et ass all Dag op vu 15:00 bis 20:00 Auer. D’Ausstellung gëtt organiséiert vum ARC Kënschtlerkrees, an Zesummenaarbecht mat der Ruth-Gallery an dem Casino 2000.
Mir wënsche vill Spass!
Réckbléck: E puer Ablécker an d’Expo vum ARC Kënschtlerkrees vum Januar fannt Dir HEI.
Uewen fannt Dir eng Billergalerie zur Ausstellung zu Munneref © Shari Pleimelding/moien.lu