Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tréinen a Freet leie no beieneen
Money Neiegkeeten

Tréinen a Freet leie no beieneen

A Frankräich ass den 4. September Schoulrentrée. Ongeféier 12 Milliounen

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen
Money Neiegkeeten

Zwielef GIFs fir et duerch de Gemengewahlkampf ze packen

De Gemengewahlkampf zitt gläich un. Spéitstens mat der Rentrée geet

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!
Money Neiegkeeten

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!

Duerch Halloween, Allerhellgen an de verlängerte Weekend hat d’Police déi

money

ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel

Dem Indesche Stolgigant mat Lëtzebuerger Wuerzelen ass et och schonn emol besser gaangen

ArcelorMittal kuckt 2020 emol fir unzefänken an de Réckspigel

Et war schonn eppes gewot den Empfang fir Neijoerschdag zu Déifferdeng ze feieren, mee et ass jo méiglech, datt een sech d‘Teppecher um Siège net wollt versaue loossen. ArcelorMittal jiddefalls, hat de President vum Verwaltungsrot, Michel Würth, an d‘Renne geschéckt fir d‘Wënsch zum neie Joer ze iwwerbréngen.

Mat eppes manner wéi 4.000 Salariéeën ass ArcelorMittal de gréissten Employeur am Secteur vun der Industrie. Säi knaschtegen Deal mat ILVA engersäits (dat dem Grupp déi ëmweltschiedlechst Fabrick aus ganz Italien abruecht huet) an d‘Oftriede vum Standuert Diddeleng un Liberty House, hunn zu Lëtzebuerg net grad fir Euphorie gesuergt, an och soss ass et am Secteur net gutt gelaf.

Verständlech datt de Michel Würth mat méi erfreelechem ugefaangen huet: d‘Sécherheet op der Aarbechtsplaz. Den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern wier beméit d‘Zil vun „Null-Accident“ zum Wuel vun de Mataarbechter ze erreechen. Haut géif et fir 1 Millioun geleeschten Aarbechts-Stonnen 1,24 Accidenter. Wann een aus dëser Rechnung Italien eraushëlt, nach 0,71 Accidenter.

ArcelorMittalDatt bei de Verwaltungsrotspresident d‘Aarbechtssécherheet ugeschwat huet, soll – esou gouf et hannert virgehalener Hand getuschelt – wier och dem Fait geschëlt, datt 2019 en Aarbechter um Standuert Déifferdeng verstuerwen ass. Normal datt een do virgëtt, datt d‘Sécherheet an och d‘Gesondheet vun de Salariéeën déi éischt Prioritéite vum Stolkonzern (weltwäit) sinn.

A fir datt ze ënnersträichen ass et ëmmer gutt mam Fanger op déi aner ze weisen, déi hir Aarbecht vill méi schlecht géife verriichten. Ënnert esou Gesiichtspunkten a mat der Aart a Weis wéi et virgedroe gouf, misst een direkt Frou sinn datt nëmmen een ArcelorMittal Aarbechter säi Liewe geaffert huet. Mee den Thema net unzeschwätze wier sécherlech och de falsche Wee gewiescht.

D‘Ekonomie muss ee Global gesinn

Wat den ekonomesche Bilan betrëfft, esou befënnt ee sech an turbulenten Zäiten. Dat wier esou de Michel Würth zum groussen Deel der Weltpolitik geschëlt. Den Handelskrich tëscht den USA a China an dem generelle Vertrauensverloscht esou wéi och eng réckleefeg Wirtschaft hunn hei hir Spuren hannerlooss. Och d‘Kris an der Automobilindustrie géif ee virun Erausfuerderunge stellen.

Dat wierkt sech op d‘Investitiounen aus an et muss een dann och emol op d‘Zuele kucken. 2019 hätt et ee Produktiounsiwwerschoss vu ronn 400 Milliounen Tonnen (dat entsprécht 2 mol dem Konsum vu Stolprodukter an der EU) ginn, wat zu engem gréisser Präisverfall gefouert huet. A China géif zudeem lëschteg weider vill ze vill Stol produzéieren, wat keng gutt Nouvelle fir 2020 ass.

ArcelorMittal

Wann d‘Präisser vun den hiergestallte Produkter fält, esou ass et bei de Ressourcen de Géigendeel de Fall. De Präis fir Eisenäerz huet sech bal verduebelt an et muss een haut iwwer 60 US-Dollar pro Tonn bezuelen. (ArcelorMittal keeft säi Stol primär a Brasilien an, wou et 2019 zu engem gréissere Problem koum, wéi eng Digue agebrach ass, an d‘Produktioun gestoppt huet)

A well datt net duer geet, huet och nach déi europäesch Politik dem Secteur säi Stempel opgedréckt. Bréissel hätt ugesiichts de Spannungen op „Erëffnung“ gesat, wat awer déi heemesch Entreprisen a Gefor bréngt. D‘Chinese géifen esou weider op der Däiwel komm eraus, hire bëllege Stol an der EU verdreiwen, während ArcelorMittal sech ëmmer weideren Oplage misst ënnerwerfen.

Politesch Akzenter setzen

De Stolkonzern wier konfrontéiert mat enger Karbontax a misst enorm Investitiounen tätegen, fir säin Impakt op Natur an Ëmwelt däitlech ze verbesseren. Eng Ongerechtegkeet, déi sech duerchaus op d‘Beschäftegung am Secteur kann auswierken. An dat ass bei wäitem net deen eenzege Problem deen ArcelorMittal d‘Suergefalen op d‘Stir bréngt. D‘Politik vun der EU-Kommissioun hält bäi.

Fir de Michel Würth steet fest, datt d‘EU-Kommissioun eng vill ze „europäesch“ Siicht vertrëtt an fuerdert, datt d‘Konzentratioune musse reduzéiert ginn. Et ass awer ee Weltmaart, an sech vun engem Standuert wéi eben Diddeleng trennen ze mussen, a méi global op 8 Milliounen Tonnen an der Produktioun ze verzichten, wier och fir e Konzern wéi ArcelorMittal kee Kaddo.

ArcelorMittalDobäi géif sech jo awer grad d‘ArcelorMittal immens an och ganz konkret fir méi Ëmweltschutz an d‘Reduktioun vum Karbonofdrock asetzen. Den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern wier deen eenzegen op der Welt, deen en däitlechen a liicht verständlechen Aktiounsplang virgeluecht hätt. 250 Milliounen Euro hätt een an eng méi nohalteg Produktioun investéiert, esou de Michel Würth.

Alles Saachen déi d‘Hierstellungskäschten an d‘Luucht drécken. „Proppere“ Stol ass méiglech, mee nëmmen och dann an Europa hierzestellen, wann d‘Karbontax an aner Ëmweltschutzoplage fir all d‘Acteure gläichermoosse gëllen an ugewannt ginn. Op dësen Appell un d‘Vernonft zu Bréissel gehéiert a verstane ginn ass, dierf ee bezweiwelen. Do gëtt sech op de Green Deal konzentréiert…

Foto: Wien de Klimaschutz eescht hëlt, muss an Technologie fir eng CO²-Neutral Stolindustrie investéieren. Esou ka Stol nohalteg Produzéiert ginn an düest produkt ass zu 100% recycléierbar. © Nils Beer

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Handelskrich, Iwwerproduktioun, Karbontax, Michel Wurth, Stolindustrie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel