Search

You may also like

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge
Neiegkeeten

Brexit: Zu London kënnt Bewegung an d‘Virbereedunge

Um Dënschdeg huet déi britesch Regierung matgedeelt, datt se sech

Brasilien betrëtt eng nei Ära
Neiegkeeten

Brasilien betrëtt eng nei Ära

Wa sech Rio de Janeiro zum Joreswiessel vu senger entspaanter

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung
Neiegkeeten

Winterlights 2018 – eis Haaptstad a magescher Chrëschtdagsstëmmung

De Programm vum Winterlights 2018 steet fest a gouf Ufank

ArcelorMittal als Invité vun de Chamberkommissiounen

No der Annonce vum indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal, sech vu 570 Salariéeën trennen ze mussen, datt well de Maart agebrach an d‘Produktioun erofgefuer ginn ass, huet et eppes Diskussiounsbedarf bei den Deputéierte ginn

ArcelorMittal als Invité vun de Chamberkommissiounen

Mat dëser „Restrukturatioun“, sti ronn 20% vun den effektiven Aarbechtsplaze vum Konzern zu Lëtzebuerg um spill. No der Tripartite-Siderurgie vun ee Méindeg, goufen dann elo déi Deputéiert iwwert de leschte Stand informéiert. Net all d‘Erklärungen dierfte fir zefridde Gesiichter gesuergt hunn, mee et steet jo och nach ganz am Ufank vun dëser Prozedur. Elo heescht et verhandelen…

Esou hunn d‘Ministeren Dan Kersch (Aarbecht) a Franz Fayot (Wirtschaft) sech um Dënschdeg mat den Deputéierten aus de Kommissiounen: Aarbecht, Beschäftegung a Sozialversécherung, mee och der Wirtschaft, iwwert déi vun ArcelorMittal gemaachten Ukënnegung ausgetosch. Den Dan Kersch huet dann emol sengersäits kloer gestallt, dat hie wéineg Versteesdemech fir d‘Aart a Weis vun der Annonce huet. En Onverständnis, datt vun de meeschten Deputéierten esou soll matgedroe gi sinn.

Dat ass novollzéibar, ugesiichts de groussen Erausfuerderungen déi eis nach bevirstinn, firwat ee puer Detailer hei mussen op de Leescht geholl ginn. Esou huet den Aarbechtsminister erkläert, datt vun de 570 Plazen déi musse geaffert ginn: 30 Leit an d‘Pensioun geschéckt, 87 an d‘Preretraite an nach emol 273 an d‘Preretraite „ajustement“ ginn. 37 Leit géifen „anescht“ goen. Fir 274 Salariéeë steet nach näischt esou richteg fest, hei heescht et nach ofwaarden, ee vill Zäit bleift elo och net.

Interessant, dann nach den Hiwäis, datt awer och 123 nei Aarbechtsplaze solle geschafe ginn. Den Dan Kersch huet och nach emol drun erënnert, datt mat de Vertrieder vun de Gewerkschaften, der Direktioun vun ArcelorMittal an de Leit aus dem Aarbechts- a Wirtschaftsministère, ee Comité de Suivi an d‘Plaz gesat ginn ass. Et soll haut eng offiziell Propose vun der Tripartite gemaach ginn.

Bei e puer Deputéierten ass Onverständnis opkomm, well zu gläicher Zäit wéi Posten opgeléist ginn, 123 nei Poste solle geschafe ginn. Vun do aus op de Virworf ze kommen, datt de Konzern hei vun der Kris profitéiere wéilt, fir sech mat Staatsgelder ze sanéieren, ass et net wäit. Den Dan Kersch huet awer nach preziséiert, datt kee Site, keng Produktiounsstrooss soll stëll geluecht ginn, an datt d‘Regierung et wäert verstoen hirer Verantwortung an dësem Dossier gerecht ze ginn.

Illustratioun: © DevVrat jadon / unsplash

Related topics ArcelorMittal, Chamber, Chamberkommissiounen, Dan Kersch, Fränz Fayot, LCGB, OGBL, Restrukturéierung
Next post Previous post