Search

You may also like

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser
Neiegkeeten

Gréngt Gold: Ofholzung a Waassermangel fir eis luxuriéis Bedierfnisser

Ob als Guacamole, am Smoothie oder och pur – d’Avocado

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober
Neiegkeeten

Lëtzebuerg Stad: D’Badeanstalt ass zou vum 24. September bis de 14. Oktober

D’Staat Lëtzebuerg informéiert de Public, datt de „Centre de Relaxation

Internationalen Dag vun eelere Mënschen: Géint sozial Isolatioun
Neiegkeeten

Internationalen Dag vun eelere Mënschen: Géint sozial Isolatioun

Am Kader vum Internationalen Dag vun den eelere Mënsche well

Wien sech der Erënnerung verweigert erzwéngt eng Widderhuelung

Direktioun vun ArcelorMittal-Déifferdeng stellt sech dem Gedenken un de Streik vum 2. September 1942 an der Wee a justifiéiert sech mat der Covid19-Pandemie

Wien sech der Erënnerung verweigert erzwéngt eng Widderhuelung

Et si wahrhafteg droleg Zäiten an deene mir liewen, a wann sech net méi emol un d‘Flicht zur Erënnerung gehale gëtt, muss ee sech Froe stellen. D‘Direktioun vun ArcelorMittal-Déifferdeng hat der Delegatioun vum OGBL an enger éischter Informatioun notifiéiert, datt et dëst Joer net géif zu enger Gedenkfeier kommen, datt wéinst der Covid19-Pandemie.

No engem gewinnt schwieregen Dialog huet d‘Direktioun da seng Positioun partiell revidéiert a wësse gelooss, datt eng Zeremonie am klengste Kader – also just e puer Mataarbechter – géif zougelooss ginn. Si huet sech awer op hiert Hausrecht behaapt a kloer gemaach, datt keng dem Betrib friem Persoun, jo net emol d‘Famillje vun den Affer deelhuelen dierften.

Um haitege Mëttwoch Moien, war awer eng op de Minimum reduzéiert Delegatioun virum Agank vum ArcelorMittal-Standuert zu Déifferdeng, esou wéi och véier bis fënnef Familljemembere vun deenen Aarbechter, déi den Nazi-Besatzer am Kontext vum Generalstreik ermuert hat. Och dem Gemengeconseiller vun der KPL, Aly Ruckert, ass den Zougang zur Stele verwiert ginn.

ArcelorMittal

15 Leit: Familljemembere vun den Affer, Vertrieder vum OGBL, Representante vun der ganz aktiver Sektioun Déifferdeng, de KPL-Conseiller Aly Ruckert an zwee Journalisten. Alles ganz verstänneg Leit, deenen duerchaus zouzemudden ass, datt fir ee puer Minutten den Oplagen am Kontext vun der Covid19-Pandemie kënne gerecht ginn. Firwat duerften déi net déi puer Meter hannert de Gardiennen hir Bud, fir der „Flicht zur Erënnerung“ gerecht ze ginn? © Martine de Lagardère/moien.lu

Wärend den Direkter vum Standuert Antoine Peter et virgezunn hat sech guer net eréischt op senger Schaff ze presentéieren, an d‘Mataarbechter déi den Zougang zum Site regele musse siichtlech mat der Situatioun onzefridde waren – en Uerder ass bekanntlech keng Diskussiounsbasis – konnten no vill Dialog a wuel och externer Interventioun, zumindest Familljen hire Leit Gedenken.

Elo kéint dësem „jonken“ Direkter gutt halen, datt hien zum Zäitpunkt vum Streik nach net gebuer war an et jo net hie war dee mam däitsche Besatzer sengerzäit kollaboréiert huet. Et beweist awer och – an hie kann sech dann dozou och äusseren – datt de Mann wéineg Fangerspëtzegefill an offensichtlech kaum bis guer kee Bezuch zur Geschicht vum Konzern huet fir hie schafft.

ArcelorMittal

Esou stoung de Grupp do… wéi bestallt an net ofgeholl. Et ass jo scho bedauerlech genuch, datt eis Schoulen op ganzer Linn versoen, wann et drëms geet de Kanner deen Deel vun der Geschicht nozebréngen, deen esou ee grousst Leed iwwer Lëtzebuerg bruecht huet. Wann elo och nach deenen déi un der Erënnerung festhalen, d‘Solidaritéit versot gëtt, da wäert sech d‘Geschicht widderhuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Dat de Lëtzebuerger Generalstreik vum 2. September awer och déi nofollegend Generatiounen zur Erënnerung verflicht, well et jo dierft ee Konsens am Land ginn, datt sech „esou eppes“ ni méi widderhuelen dierf, sollt – egal vu wou de gudde Mann hierkënnt – besonnesch engem Direkter, geleefeg sinn. Wat sech haut zu Déifferdeng zougedroen huet ass schlicht an ergräifend en Affront.

En Affront an éischter Linn géintiwwer den Affer an hire Famillje, a géintiwwer all deenen déi dës Erënnerung héich halen an ze wierdege wëssen, firwat sengerzäit dës Leit – mat villen aneren am Land – hiert Liewe geholl kruten. Et ass eng Beleidegung vun der Lëtzebuerger Geschicht an eise Wäerter fir déi een ëmmer nees kämpfe muss. An et ass eng Blamage vir de Verwaltungsrot…

Foto: Mir liewen an enger Welt wou et nach just ëm d‘Geld geet, a wou déi ganz gescheit Käpp an den Direktioune vu Konzerner sech der Erënnerung un däischter Zäite verweigeren, an esou bewosst oder onbewosst hire Bäitrag leeschten, datt sech Geschicht widderhëlt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics ArcelorMittal, Déifferdeng, Gedenkfeier, Generalstreik 2 September 1942, KPL, OGBL
Next post Previous post