Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!
Money Neiegkeeten

muslim guys dating

Reegelméisseg bitt natur&ëmwelt Ausstellungen, Evenementer a Workshoppe ronderëm d’Natur an de

2date dating
batman dating site
Money Neiegkeeten

Massiv Entloossunge bei General Motors

General Motors (GM), de gréissten US-Autoconstructeur, huet e Méindeg annoncéiert,

2date dating
+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!
Money Neiegkeeten

+5% Netto Profit no Steieren: D‘BIL bitt vill!

Net Eleng d‘Cargolux ka sech mat gudden Zuele Bretzen, nee

2date dating

ArcelorMittal Diddeleng: D‘Bier ass geschielt!

ArcelorMittal Diddeleng: D‘Bier ass geschielt!

Zu Bréissel sinn sech fir näischt ze schued. Esou ergëtt et sech, datt 17 Deeg iert d‘Entscheedung sollt geholl ginn, d‘EU-Kommissioun dem Verkaf vum Standuert Diddeleng zougestëmmt huet. Domatter ass d‘Bier geschielt, an d‘Zukunft vun den Aarbechter méi ongewëss wéi jee.

Um Méindegmueren huet d‘EU-Kommissioun dem ArcelorMittal-Konzern ënnert Oplagen erlaabt, déi italienesch Ilva opzekafen. A wann ee sech eigentlech sollt driwwer freeën, datt dee weltwäit als lëtzebuergesch ugesinne Konzern sech verbessert, esou ass et fir déi Diddelenger Mataarbechter ganz kloer keng gutt Nouvelle.

Op et elo ArcelorMittal gutt an de Krom passt – oder och net – sech vum Standuert Diddeleng ze trennen, ass reng Spekulatioun. Gewosst ass awer, datt et d‘Technokraten zu Bréissel sinn, déi et mat hirer Fuerderung iwwerhaapt dozou komme gelooss hunn. Déi sinn, an dat ass leider kee Witz, tatsächlech iwwerzeegt, datt et an Europa zu engem ekonomeschen „Ongläichgewiicht“ komm wier, wann ArcelorMittal sech net vu Standuerter getrennt hätt.

De politesche Standpunkt

An ArcelorMittal huet dann och eng Lëscht mat deene Standuerter virgeluecht, op déi ee bereet wier ze verzichten. D‘EU-Kommissärin fir d‘Konkurrenz, Margrethe Vestager, sollt den 23. Mee en Avis ofginn. Déi Damm aus Dänemark huet dat dann awer scho gëschter gemaach, a begrënnt dat ganzt dann och:

„De Stol ass e kapitalen Input fir vill europäesch Industrie a fir vill Produkter déi mir all Dag gebrauchen. D‘Entscheedung déi mir haut getraff hunn, suergt dofir datt de Kaf vun Ilva duerch ArcelorMittal, wouduerch de gréissten europäesche Stolkonzern entsteet, keng Präiserhéijung zum Nodeel vun de Milliounen Aarbechter an de Konsumente mat sech bréngt. ArcelorMittal huet virgeschloen e puer vu senge Stolwierker uechtert Europa un een oder méi Keefer ze verkafen, déi dann dem Konzern laangfristeg kënne Konkurrenz maachen“.

ArcelorMittal brauch den „Dialog“

Bei der ArcelorMittal zu Lëtzebuerg gëtt d‘Entscheedung vun der EU-Kommissärin begréisst, mee et misst elo awer nach den Text am Detail analyséieren. Et wier eng wichteg Etapp beim Kaf vun Ilva. Zudeem betount een säitens der ArcelorMittal, datt een am Kontext vum Verkaf vum Standuert Diddeleng den Dialog mat de concernéierte Parteie wëll oprecht erhalen.

Zil wier et optimal Konditiounen um Standuert ze erhalen, esou wéi et och vu Bréissel gefuerdert gëtt. Ëmmerhi missten d‘Konditiounen erfëllt ginn, déi der Konkurrenz och d‘Konditioune bitt sech um Marché vum Flaachstol kënnen ze behaapten.

Den Etienne Schneider ass „not amused“

Fir de Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP), deen dem Margrethe Vestager an engem Bréif matgedeelt hat, datt hien net mam verkaf vum Standuert Diddeleng averstanen ass, war iwwert déi virgezunnen Entscheedung iwwerrascht. D‘Kommissioun „Juncker“ hätt him eng déifgräifend Enquête versprach, fir den ekonomeschen Impakt vun der Mesure ze préiwen.

Hie bedauert am Bezuch op de Standuert, datt dësen elo un en onbekannten Investisseur verkaf wäert ginn, an datt mat der gemeinsamer Entscheedung vun der Kommissioun an ArcelorMittal, elo muss ëm d‘Aarbechtsplaze gefaart ginn. Den Etienne Schneider huet sech dann och beim Aditya Mittal „e Rendez-vous geholl“ a verséchert, datt hien sech all potentielle Keefer genee wäert ukucken, fir sécherzestellen datt dëse „Seriö“ ass. Hie versprécht – zumindest esou laang wéi hien nach Minister ass – alles am Interessi vun den Aarbechter an der Lëtzebuerger Wirtschaft ze ënnerhuelen. A sechs Méint muss den Deal gemaach sinn.

Kappzerbrieches fir d‘Gewerkschaft

Och beim OGBL gëtt ee sech iwwerrascht. Dat huet dann awer virun allem domatter ze dinn, datt d‘Entscheedung geholl ginn ass, obwuel e sech eigentlech op EU-Niveau mat de Gewerkschafte wollt ënnerhalen. Hei versteet een dann d‘Strategie vun der EU net, zemools et beschtefalls Rumeuren iwwert en Interessent fir de Standuert Diddeleng gëtt.

Datt d‘Kommissioun mat voller Absicht d‘Entscheedung virun der Entrevue mat de Gewerkschafte kéint geholl hunn, an esou Fakte geschaaft huet, suergt dann och fir Kappzerbrieches beim OGBL. Ëmmerhi stinn d‘Gewerkschaftler an der éischter Rei, an si fir d‘Aarbechter an dësem Fall den éischten Uspriechpartner. Déi kann dann och nëmmen „hoffen“ dat de Repreneur de bestoende Kollektivvertrag iwwerhëlt. Et dierf een also gespaant sinn, wéi eng Konditiounen de neie Patron vum Standuert Diddeleng unzebidden huet.

mat AFP

Foto: D‘Zentral vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg. Hei huet een d‘Entscheedung vun der EU-Kommissioun begréisst an huet domatter de Standuert Diddeleng opginn. A spéitstens sechs Méint muss den Deal ofgeschloss sinn, wat elo keng gutt Nouvelle fir d‘Aarbechter ass. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Diddeleng, Etienne Schneider, EU-Kommissioun, Margrethe Vestager, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel