Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen
Money Neiegkeeten

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

En Dënschdeg huet den Donald Trump domatter gedréit, d‘US-Finanzhëllef fir

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)
Money Neiegkeeten

Brexit: Den EU-Chefverhändler op Besuch beim Premier (eng Analys)

„Optimismus ass gutt, d‘Wourecht ass besser!“ An dat ass eigentlech

Fir d’Gläichheet tëscht Fra a Mann: Stengefort ass dobäi!
Money Neiegkeeten

Fir d’Gläichheet tëscht Fra a Mann: Stengefort ass dobäi!

D’Taina Bofferding, Ministesch fir d’Gläichstellung vu Fraen a Männer, huet,

money

ArcelorMittal hält d‘Stolproduktioun un

ArcelorMittal hält d‘Stolproduktioun un

Säit gëschter huet den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal seng Produktioun lues awer sécher erofgefuer. D‘Standuerter Belval, Déifferdeng a Rodange sollte schonn haut ganz stëll geluecht ginn an dat fir en (éischten) Zäitraum vu siwen Deeg.

Et ass eng Moossnam, esou d‘Direktioun, déi der sanitärer Kris geschëlt ass, an och ee Weltkonzern misst sech deem upassen. Et géif ee sech un d‘Recommandatioune vun der Regierung an der WHO orientéieren. An engem Communiqué heescht et da weider, datt d‘Ufroe vun der „Selbst-Isolatioun“ duerch dat eegent, wéi och dem Personal vun de Soustraitanten, eng weider Produktioun net méi zouloossen, firwat et besser ass, d‘Maschinnen unzehalen an d‘Produktioun elo anzestellen.

Si géifen allerdéngs d‘Entwécklung vun der Sitautioun ganz opmierksam verfollegen a sech och esou virbereeden, datt eng Reprise direkt no Beendegung vun der Kris méiglech ass. Fir déi ronn 3.800 Salariée vun ArcelorMittal, heescht sech elo a Gedold faassen. Si falen alleguerten ënnert de Programm vum partielle Chômage, vu massiven Entloossunge kann zur Stonn och keng rieds sinn.

Foto: © Ludovic Marin /AFP (Archiv)

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Chômage, Coronavirus, Covid19, Sanitär Kris, Wirtschaftskris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel