Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur
https://moien.lu/who-dating-whom-in-bollywood/ Money speed dating norfolk uk

online dating apps vancouver

Verschidde Politiker äusseren sech nawell gären zum Thema ‘Leitkultur’. An

china hookup
https://moien.lu/who-dating-whom-in-bollywood/ Money speed dating norfolk uk

D‘CSV reit eng Attack, d‘Ministesch schéisst zréck

Nodeems déi gréissten Oppositiounspartei an der Chamber d‘Relève vun den

L’Italie en poésie – dëse Freideg am Kinosch!
https://moien.lu/who-dating-whom-in-bollywood/ Money speed dating norfolk uk

L’Italie en poésie – dëse Freideg am Kinosch!

Bei dëser musikalescher Lecture geet et ëm den italienesch-lëtzebuergeschen Dialog.

money

ArcelorMittal wëll elo ILVA awer net iwwerhuelen

Italienescht Parlament entzitt juristesche Schutz fir d‘Gerante vum Standuert Taranto

ArcelorMittal wëll elo ILVA awer net iwwerhuelen

Et huet nawell zolidd fir Gespréich gesuergt, nodeems ArcelorMittal gëschter ugekënnegt huet sech vun der Iwwernam vum italienesche Stolkonzern ILVA ze trennen. Datt dës Entscheedung huet misse geholl ginn, wier enger Aktioun vum italienesche Parlament geschëlt, déi d‘Kaarten esou nei verdeelt hätten. Den Deal ass geplatzt, mee fir Diddeleng ännert sech domatter leider näischt.

Am Communiqué vun ArcelorMittal heescht et, datt dat italienescht Parlament den noutwennege juristesche Schutz zréckgezunn huet, deen d‘Entreprise gebraucht hätt fir säin Ëmweltplang ëmzesetzen ouni ze riskéieren dobäi vun der Justiz an Zaang geholl ze ginn. De Standuert Taranto ass zimlech verseucht a grad am Begrëff „gebotzt“ ze ginn. Domatter kéint elo séier Schluss sinn.

Wéi ArcelorMittal Enn 2018 den ILVA-Standuert vun Taranto iwwerholl huet, hat de Maharadscha entscheet déi 8.200 Mataarbechter an dëser sozial Schwaacher Regioun am Loun ze behalen, an och versprach iwwer 5 Joer 2,4 Milliarden Euro hei ze investéieren. Geld dat fir d‘Entwécklung vum Site an d‘Entgëftung sollt agesat ginn. Dozou hat et eng entspriechend Klausel am Vertrag ginn.

E Politikum

Schonn am Juni hat d‘Direktioun vun ArcelorMittal d‘Italiener virun engem oniwwerluechte Geste gewarnt. Ënnert dem Impuls vum Movimento 5 Stelle (M5S) hat d‘Parlament den Zäitraum vun der „penaler Immunitéit“ revoquéiert, an d‘Inder hunn domatter gedreet Taranto ze schléissen. Dat italienescht Parlament hat de Schoss héieren an ass zréckgeruddert. Elo dann de Revers…

Enn Oktober hat de Senat awer en Amendement vu M5S ugeholl, deen den Gerante vum Standuert dëse Schutz entzitt. D‘Fabrick zu Taranto, oder besser gesot de Standuert, gehéiert an Europa zu deene verknaschtsten an steet am Mëttelpunkt vun engem Monster-Prozess. Esou heescht et vum Procureur, datt duerch d‘Emissioune vun den Héichuewen dausende Mënsche gestuerwe sinn.

Wann deem esou ass, esou kann d‘Verantwortung dofir elo awer net op de Schëllere vum Konzern aus Lëtzebuerg ofgeluede ginn. ArcelorMittal kann der italienescher Politik net vertrauen a wëll sech kengem onnëtze Risk aussetzen. D‘Entscheedung sech aus dësem „Deal“ zréckzezéien ass also duerchaus berechtegt. Et ass awer eng Entscheedung déi ee massiven Impakt op d‘Regioun huet.

Der Ëmwelt net gehollef

Elo kann ee fir oder géint d‘Entscheedung vum Parlament sinn, ArcelorMittal ass „out of business“ an déi doduerch resultéierend Konsequenze mussen als éischt emol d‘Mënschen an der Regioun droen. Zu Taranto ass de Chômage omnipresent an all Aarbechtsplaz haart ëmkämpft. Datt elo mat der Decisioun aus Lëtzebuerg dës Fabrick keng Zukunft méi huet, trëfft net d‘Politiker zu Roum.

Zu Roum hu sech gëschter d‘Minister fir Wirtschaftsentwécklung, Aarbecht, Gesondheet an Ëmwelt zesummegesat. Et heescht si wéilte verhënneren datt de Standuert vun ILVA zu Taranto zougemaach gëtt an d‘Direktioun vun ArcelorMittal convoquéiert ginn ass. Do dierft een ugesiichts der Politik déi sech Italien erlaabt, wéineg drop erpicht sinn, sech zu iergendeppes zwéngen ze loossen.

De Kaf vun ILVA hat ArcelorMittal allerdéngs och gezwongen sech vun e puer Standuerter ze trennen. Dozou gehéiert de Site vun Diddeleng, deen u Liberty House verklappt ginn ass. Déi nei Situatioun an Italien huet awer keen Impakt op den Deal tëscht ArcelorMittal a Liberty House. Diddeleng gehéiert net méi zum Portfolio vun den Inder, an dorunner gëtt elo och net gefréckelt.

Foto: Michal Jarmouk / Pixabay

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Ëmweltverschmotzung, Ilva, Liberty House, Taranto
Nächsten Artikel Virrechten Artikel