Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport
Neiegkeeten

Den FNCTTFEL zum ëffentlechen Transport

Als éischt Land vun der Welt wëll déi nei Regierung

Koalitiounspoker op italienesch
Neiegkeeten

Koalitiounspoker op italienesch

Nodeems et zu Roum bei de Verhandlungen tëscht dem Movimento

Si wëlle baue loossen
Neiegkeeten

Si wëlle baue loossen

De Moien hunn de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) an

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?

Ass ArcelorMittal bereet op de Site Diddeleng ze verzichten?

E Freideg huet ArcelorMittal op senger Internetsäit matgedeelt, bereet ze sinn sech vu senger Produktioun zu Diddeleng ze trennen. Eng Moossnam déi vu Bréissel gefuerdert wier, sollt ArcelorMittal um italienesche Grupp „Ilva“ wëlle festhalen.

Tatsächlech huet sech d‘EU-Kommissioun besuergt gewisen, datt no der Iwwernam vum italienesche Konzern, ArcelorMittal eng quasi Monopolstellung um Stolmaart erhale kéint. Fir dem Kaméidi aus de Féiss ze goen, proposéiert de Konzern mat Sëtz zu Lëtzebuerg, sech vu verschiddene Produktiounssitten ze trennen.

Sechs Länner betraff

Betraff vu dëser Mesure sinn nieft dem Walzwierk vun Diddeleng: Piombino (Italien), Galati (Rumänien), Skopje (Mazedonien), Ostrava (Tschech Republik), Flemalle an Tilleur (Belsch). Elo muss de Virschlag vun ArcelorMittal, sech vun de genannte Sitten ze trennen, nach vun der Kommissioun examinéiert ginn. Zudeem muss et eng Consultatioun mam Personal ginn.

D‘EU-Kommissioun huet seng Decisioun op den 23. Mee fixéiert, nodeems ArcelorMittal Mëtt Mäerz nei Propose virgeluecht hat, ouni den Inhalt ze verroden. Dat hat zu Spekulatiounen a Rumeure gefouert, déi och duerch d‘Medie weider Gewiicht kritt haten. D‘Iwwernam vum italienesche Konzern hat bei der EU-Kommissärin fir d‘Konkurrenz den Alarm ausgeléist.

Iwwert d‘Iwwernam war Bréissel Enn September 2017 informéiert ginn, a Mëtt Oktober hat ArcelorMittal seng Engagementer virgeluecht. D‘Kommissärin Margrethe Vestager hat versprach, eng streng Enquête iwwert d‘Inzidenz vum Opkaf op d‘Konkurrenz um Stolmaart ze féieren.

Gewerkschafte besuergt ëm d‘Zukunft vum Standuert Diddeleng

ArcelorMittal beschäftegt zu Diddeleng eng 300 Mataarbechter an d‘Gewerkschafte sinn entspriechend alarméiert. De neie Kollektivvertrag war no laangen an zéie Verhandlungen am Dezember ugeholl ginn, an elo gesäit et esou aus, wéi wann et zu Diddeleng geschwënn e neie Patron hätt. Zumindest gëtt mam Verkaf net vu Schléissung geschwat.

Dat verhënnert wuel net, datt ee sech awer muss Gedanke maachen, well de Repreneur ass nach net bekannt. An egal wien de Site vun ArcelorMittal Diddeleng iwwerhëlt, einfach gëtt et net. Et muss ee wëssen, datt de Standuert Diddeleng materiell vun ArcelorMittal Florange beliwwert gëtt, wou de Konzern rezent 60 Milliounen Euro investéiert huet.

Esou huet de Repreneur och säi gréisste Konkurrent direkt virun der Nues sëtzen. Iwwert méiglech Interessenten hält sech ArcelorMittal bedeckt. Dat bedeit u sech näischt anescht, wéi datt et nach kee gëtt. Mee fir datt dem Konzern säin italieneschen Deal opgeet, muss Diddeleng weider produzéieren, fir e gewëssent Gläichgewiicht am Stolsecteur ze erhalen.

De Wirtschaftsminister ass net averstanen

Den Etienne Schneider (LSAP) Vizepremier a Wirtschaftsminister huet nach um Freideg op d‘Kommunikatioun vun ArcelorMittal mat engem Communiqué reagéiert. An dësem mécht hien däitlech, datt hien de Projet esou wéi beschriwwen, net bereet ass unzehuelen.

Hie versprécht, wat de Site Diddeleng betrëfft, sech mam Konzern un den Dësch ze setzen an Iwwerzeegungsaarbecht ze leeschten, fir esouwuel de Verkaf wéi eng Schléissung ze vermeiden. An dësem Sënn wëll den Etienne Schneider och bei der EU-Kommissioun intervenéieren.

De Wirtschaftsminister ass iwwerzeegt, datt Bréissel mat senge Fuerderunge géint d‘Interesse vun enger industrieller Politik vun der EU verstéisst. D‘EU-Kommissioun sollt sech, statt vum Konzern ze verlaange Produktiounsstanduerter opzeginn, erfreeën, datt et an der EU e Champion am Stolsecteur gëtt, deen sech der international Konkurrenz stelle kann.

Besuergt ass zu Diddeleng och de Buergermeeschter Dan Biancalana (LSAP). Deen hat ugangs vum Joer nach mat den Decideure vun ArcelorMittal, konstruktiv Gespréicher iwwert d‘Zukunft vum Standuert Diddeleng. Op et dem Etienne Schneider geléngt sengem Diddeleng Parteifrënd d‘Suergen ofzehuelen, an op ArcelorMittal sech vun Diddeleng trennt? D‘Äntwert am Mee.

Foto: De Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident, an de Lakshmi Mittal, CEO vun ArcelorMittal (hei zu Bréissel de 6. Mäerz) kennen sech gutt a laang. Dat verhënnert net, datt och ArcelorMittal sech un d‘Reegelen zur Konkurrenz muss halen, an datt iwwerwaacht d‘Kommissärin Margrethe Vestager. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Diddeleng, EU-Kommissioun, Lakshmi Mittal, Margrethe Vestager
Nächsten Artikel Virrechten Artikel