Search

You may also like

What the Fakt – Wat ass da Christi Himmelfaart?
Neiegkeeten

What the Fakt – Wat ass da Christi Himmelfaart?

Haut wäerte wuel esou munch Leit vum Feierdag profitéieren, fir

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt
Neiegkeeten

An der Stad gëtt kee Bam vu Muttwëll aus dem Buedem gerappt

Bei entspaanter Atmosphär um Mëttwoch huet et mam Stater Schäfferot

Wanteraktioun: … op der Sich no Fräiwëllegen
Neiegkeeten

Wanteraktioun: … op der Sich no Fräiwëllegen

Den 1. Dezember gëtt nees d‘Wanteraktioun vum Familljeministère gestart, dat

Maharadscha entsuergt iwwerflësseg Ressourcen

Dem Marché fir de Stol geet et net gutt, an dat bedeit fir 570 ArcelorMittal-Mataarbechter sech eng aner Beschäftegung ze sichen

Maharadscha entsuergt iwwerflësseg Ressourcen

D‘Gewerkschafte sinn alertéiert de Wirtschaftsminister besuergt, an natierlech ass dës Situatioun der Covid19-Pandemie geschëlt. Säitens ArcelorMittal heescht et dann och, datt sech de Konzern enger besonnesch ugespaanter Maartsituatioun entgéintstelle stelle muss, firwat et zwangsméisseg zu enger Reduktioun vun den agesaten Humanressource komme muss.

Mee et ass elo net nëmmen de Virus hei ee vun de Problemer, och wann dësen der Direktioun vum indesch-lëtzebuergesche Konzern d‘Erklärung méi liicht mécht. Och déi droleg bis bedauerlech zu Bréissel gemaachten Handelspolitik suergt fir Verwerfungen um Stolmaart. Den Import vu ganz vill bëllegem Stol, de réckleefegen Export an déi ëmmer gréisser Ëmweltoplage spillen och eng Roll.

Et dierf een hei och net ënnerschloen, datt vill Secteure, vun deenen eis Siderurgie ofhängeg ass, och am Kontext vun dem duerch d‘Pandemie ausgeléiste Produktiounsausfall gelidden huet. Esou goung beispillsweis an der Automobilindustrie d‘Produktioun ëm iwwer 50% an d‘Getten, mee och am Bau wéi an anere Secteure wou Stol gebraucht gëtt, ass et wesentlech méi „lues“ gelaf.

Reaktioun vun de Gewerkschaften

Beim LCGB, déi an der Siderurgie wuertféierend Gewerkschaft, ass een iwwert esou eng Annonce net begeeschtert, an si hunn dem Wirtschaftsminister dann och schonn emol direkt e Schreiwes op den Dësch geluecht, an deem et am wesentlechen drëms geet, ganz séier eng Tripartite-Siderurgie anzeberuffen. Am presente Fall geet et schliisslech ëm eng Reduktioun vu 15% vum Effektiv.

An Zuelen: ArcelorMittal wëll sech vu 570 Salariéeën trennen. ArcelorMittal ass eigentlech och net vun esou enger Tripartite begeeschtert, si huet dëse System oft genuch denigréiert, dierft dës Kéier awer éischter frou sinn, datt et esou eppes hei am Land gëtt. Vun ArcelorMittal heescht et jo och, datt een all déi sozial Instrumenter privilegiéiere wëll, iert een zum Sozialplang gräift.

Fir den LCGB geet et jo och emol an éischter Linn dorëms, esouvill Leit méiglech an Aarbecht ze behalen, mee et gesteet sech an, datt en hei muss un esou Mesure wéi: Preretraite, Kuerzaarbecht an de Reklassement, denken. Beim OGBL gëtt och d‘Tripartite-Siderurgie agefuerdert an insistéiert all d‘Instrumenter ze notzen déi zur Verfügung stinn, fir ee Sozialplang méiglechst ze verhënneren.

Politesch Verantwortung

De Wirtschaftsminister Franz Fayot (LSAP) ass verständlecherweis net méi begeeschtert wéi dat d‘Gewerkschafte sinn, an hien erënnert elo couragéiert dorunner, datt de Maharadscha a säi Buttek iwwer Joren ewech ëmmer op d‘Ënnerstëtzung vum Staat – also dem Steierzueler – ziele konnt a gutt beroden ass de „Lëtzebuerger Modell“ unzewennen. Esou kann ee och eng Tripartite fuerderen.

Hei gëtt allerdéngs – an dat am Kontext vun der Jughurtsfabrick interessant – vum Ministère nach emol op de Wëllen higewisen, d‘Industrie méi Resilient an Ëmweltfrëndlech ëmzegestalten. Mee och d‘KPL huet en Avis zur Annonce 570 Plazen ofzebauen. D‘Kommuniste weisen dann och drop hin, datt ArcelorMittal mam Programm „Score“ scho laang viru Covid19 restrukturéiere wollt.

D‘KPL weist och drop hin, datt ArcelorMittal am Mee vun dësem Joer eng Kapitalerhéijung vun 2 Milliarden Euro virgeholl huet. Et war dat déi drëtt bannent 7 Joer an déi huet zum Zweck gehat d‘Nettofinanzverscholdung ze drécken. Dat huet dem Aktiëwäert geschuet, firwat eng dann och eng Rei amerikanesch Ratingsagencen d‘ArcelorMittal-Aktien zu „Schrott“ erkläert hunn.

Foto: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics ArcelorMittal, Fränz Fayot, KPL, LCGB, OGBL, Restrukturéierung
Next post Previous post