Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt
Neiegkeeten

Chef vu jemenitescher al-Quaida Sektioun mëttels Dron erleedegt

D‘Amerikaner, déi sech am Jemen net offiziell „selwer“ um Konflikt

D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen
Neiegkeeten

D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen

Wéi net anescht ze erwaarde koum et ulässlech zur Unhéierung

Gréng Luucht fir autonom Gefierer
Neiegkeeten

Gréng Luucht fir autonom Gefierer

Leschte Freideg huet d‘Regierung en „Appell säin Interessi ze manifestéieren“,

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

ArcelorMittal: Den Duo Schneider-Biancalana wëll de Standuert Diddeleng net opginn

Den 13. Abrëll hat de Stolgigant ArcelorMittal bekannt ginn, datt am Kader vun der Acquisitioun vum italienesche Grupp ILVA, d‘EU-Kommissioun vum Konzern gefuerdert hätt, sech vun engem Deel vu senger Produktioun ze trennen. Nieft Diddeleng si weider Sitte betraff.

Eng Moossnam déi esouguer net nom „Gusto“ vun eisem Wirtschaftsminister a Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) ass. An deen huet sech an de Kapp gesat, de Standuert Diddeleng mat Hänn a Féiss ze verdeedegen. Mam Dan Biancalana (LSAP), Buergermeeschter vun Diddeleng, huet hien dem Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident, an dem Margrethe Vestager, EU-Kommissärin fir d‘Konkurrenz e Bréif geschriwwen.

Hien huet an dësem Sënn och dem Fraktiounschef vun der CSV, Claude Wiseler, e Bescheed gesot, an deen huet him seng Ënnerstëtzung zougesot. Zesumme bilden si elo déi lëtzebuergesch Front géint d‘Kommissioun zu Bréissel. Si werfen den Technokrate vun der EU-Kommissioun vir, sech géint d‘erhale vun enger kompetitiver industrieller Basis ze stellen. Déi wier awer noutwenneg fir de Wirtschaftswuesstem sécher ze stellen an Aarbechtsplazen ze schafen.

„D‘EU brauch en industrielle Leader wéi ArcelorMittal dee sech um Weltmaart behaapte kann“ esou de sozialisteschen Duo Schneider-Biancalana. Si erënneren dann och de fréiere Lëtzebuerger Premier dorunner, datt hien deen éischte misst sinn, deem bewosst ass, datt d‘Fuerderunge vun der Kommissioun an dësem Kader, dem sozialen Dialog zu Lëtzebuerg gréisste Schued kënnen zoufügen. Oder méi däitlech: d‘EU-Kommissioun entzitt dem Sozialdialog seng Grondlagen.

Um Enn bezuelen dann awer nees „déi Kleng“ d‘Rechnung

De Wirtschaftsminister seet: „Mat Hibléck op d‘Efforten déi d‘Land am Kader vum Sozialmodell opgewannt huet, fir déi industriell Entreprise während der Wirtschafts- a Finanzkris vun 2008 ze ënnerstëtzen, ass et schwéier de Sozialpartner – notamment den Aarbechter an de Gewerkschaften – ze erklären, firwat de Standuert Diddeleng soll un en ‚Drëtten‘ verkaf, an esou an eng onsécher Zukunft geleet ginn“.

Bréissel versicht nees Rou an den Dialog ze bréngen, a weist drop hin, datt si der ArcelorMittal keng Lëscht mat Produktiounssitte virgeluecht hunn, déi sollen oder missten „zougemaach“ ginn. Anersäits mécht d‘Margrethe Vestager awer och kloer, datt d‘Kommissioun verflicht ass d‘Reglementatioun iwwert d‘Konzentratioun vun den Entreprisen ze respektéieren. Déi soll verhënneren datt eng Entreprise eng Dominant Positioun um europäesche Maart erhält.

Elo fënnt deen een oder aneren dat ganzt paradoxal, an dat ass et och, wëll et an dësem Dossier esouvill Kontradiktioun gëtt, datt een de Kapp dervunner wéi kritt. Ëmmerhin handelt et sech beim ArcelorMittal-Standuert ëm eng vun „de beschte Stol-Fabricken an Europa“. Et ass dobäi och wichteg ze betounen, datt et ArcelorMittal ass, déi de Site vun Diddeleng op d‘Lëscht gesat huet. E Fait deen och zur Verwirrung bei de Sozialpartner an de politescher Féierung bäidréit.

Et ass een net gewëllt sech dat gefalen ze loossen

Scho leschte Freideg, hat den Etienne Schneider seng formell Oppositioun zum Ausdrock bruecht. Mat der Ënnerstëtzung vun der gréisster Oppositiounspartei, huet Lëtzebuerg eng staark politesch Majoritéit fir sech der EU-Kommissioun an den Decideure bei ArcelorMittal entgéintzestellen. De Wirtschaftsminister argumentéiert: „D‘Reglementatioun iwwert d‘Konzentratioun vun Entreprise staamt aus dem Joer 2004, an ass am Kader vun der Globalisatioun iwwerlieft“.

An der Chamber huet den Dossier „Diddeleng“ dann och zu Interpellatioune gefouert. De Wirtschaftsminister huet de Fraktiounscheffe vun der Demokratescher Partei (Gusty Graas) an der LSAP (Alex Bodry) confirméiert, datt „ArcelorMittal net Demandeur ass fir Diddeleng ze verkafen“. Hie geheit domatter de Ball nees un d‘EU-Kommissioun weider, déi vum Siderurgiste géif verlaangen, sech vun engem profitabele Standuert ze trennen.

Domatter kann a wëll ee sech net offannen. Et wier kontradiktoresch op där enger Säit wëllen ze verhënneren datt e Grupp an Europa ze grouss gëtt, an sech anersäits wënscht, datt déi selwecht Entreprisen der internationaler Konkurrenz d‘Stir bidden.

Fir de Claude Wiseler, Spëtzekandidat vun der CSV fir d‘Chamberwahlen am Oktober, war et schonn iwwerraschend, datt sech säin direkte „politesche Géigner“ un hie gewannt huet. Hie stellt dann och kloer, datt sech och d‘CSV fir d‘erhale vun den industrielle Sitten zu Lëtzebuerg asetzt. Et géif een hei dann awer Abstraktioun vum Wahlkampf maachen an d‘Regierung bei sengen Demarche géintiwwer der Kommissioun géif voll a ganz ënnerstëtzen.

Et stinn net manner wéi 300 Aarbechtsplazen um Spill

An d‘Gewerkschafte reagéieren dann och entspriechend besuergt. Den OGBL erkläert alles ze ënnerhuele wat iergendwéi méiglech ass, vir de Verkaf vum Standuert Diddeleng ze verhënneren. Déi gréisste Lëtzebuerger Gewerkschaft begréisst dann och ausdrécklech d‘Positioun vum Etienne Schneider, an invitéiert dësen d‘Regierungsvertrieder am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal ze mandatéieren, géint de Verkaf vum Produktiounssitt Diddeleng ze stëmmen.

Den OGBL mécht dann och nach drop opmierksam, datt bis zum 21. Mee, Datum deen d‘EU-Kommissioun bestëmmt huet fir hir Entscheedung ëffentlech ze maachen, d‘Gewerkschaft u Reuniounen zu dësem Dossier wäert deelhuelen. Reuniounen déi vun der europäescher Federatioun vun den Industrie-Gewerkschaften organiséiert ginn. Et sinn an dësem Kontext och transnational gewerkschaftlech Aktioune virgesinn.

Och beim LCGB ass een vun der Aart a Weis wéi d‘EU-Kommissioun hei virgeet veriergert. Déi chrëschtlech Gewerkschaft fuerdert dann och net manner wéi eng dréngend „Stol-Tripartite“. A grad ewéi hir Komerode vum OGBL stelle sich sech engem Verkaf vum Standuert Diddeleng entgéint. Den LCGB mécht op drop Opmierksam, datt si scho beim leschten Tripartite-Accord der Regierung hir Suerge virgedroen hat, wat d‘Zukunft vun den industrielle Sitten zu Lëtzebuerg ugeet.

Bréissel huet d‘Decisioun anscheinend scho getraff

Aus der Belscher Press ass ze enthuelen – ëmmerhi sollen och d‘Sitte vu Flemalle an Tilleur, wou 400 Leit beschäftegt sinn, veräussert ginn – datt een zu Léck „manner besuergt“ ass. Si halen sech un der Kommissioun fest, déi anscheinend der ArcelorMittal e Repreneur operleeë wëll, dee en liewensfäege Projet virleeë kann. An et wieren och schonn Interessenten do, déi hir Intentioun, déi „iwwerschësseg“ Produktiounssitte vun ArcelorMittal ze iwwerhuelen, bekannt gemaach hätten.

Rieds ass vum russesche Stolfabrikant NLMK (Novolipetsk), e vun de véier gréisste Konzerner a Russland, deen aktuell schonn zu La Louvière a Clabecq Aktivitéiten ënnerhält. Informatiounen déi een dann awer mat Virsiicht betruechte muss, well och d‘Weltpolitik hei muss berécksiichtegt ginn. Mat enger EU déi éischter fir Sanktioune géint Russland ass, wéi fir eng vernënfteg wirtschaftlech Zesummenaarbecht, wier de Verkaf un NLMK eng „Lotterie“.

An awer erschéngen déi belsch Gewerkschaften „relaxed“ a sinn och iwwerzeegt, datt zu Bréissel d‘Entscheedung längst getraff ginn ass. Et géif een zu Léck eigentlech nach just op den offiziellen Text waarden. Wann een elo nach bedenkt, datt wann d‘Kommissioun „säin Uerteel gefält huet“, ArcelorMittal bannent sechs Méint „alles muss verkaf hunn“, da kann een eigentlech nëmmen hoffen. „Hoffen“ ass awer net am Sënn vun eise Gewerkschaften OGBL an LCGB.

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Dan Biancalana, Diddeleng, Etienne Schneider, EU-Kommissioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel