Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“
Neiegkeeten

SNPGL: „D‘Reform huet keng Verbesserung bruecht“

Et war nawell en zimlech genervte SNPGL-President, deen op der

dislike
Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun
Neiegkeeten

Dem Irak seng Schluecht géint d’Korruptioun

Mat Täsche voller Geld oder wéinst zweiwelhafte Begnodegungen aus dem

“Bim & Anna” vum Olga Reiff
Neiegkeeten

“Bim & Anna” vum Olga Reiff

„Ech kann et eleng!“, dovun ass de klenge Bim iwwerzeegt.

ArcelorMittal: Gréng Luucht vun der EU-Kommissioun fir d‘Iwwergab vum Standuert Diddeleng

ArcelorMittal: Gréng Luucht vun der EU-Kommissioun fir d‘Iwwergab vum Standuert Diddeleng

De 17. Mäerz 2019 huet d‘EU-Komissioun dem Verkaf vun de Stol-Standuerter vun ArcelorMittal – déi vum EU-Reglement iwwert d‘Konzentratioune betraff sinn – zougestëmmt, an esou kann de Grupp „Liberty House“ déi europäesch Standuerter vu Galati, Ostrava, Piombino, Skopje, Léck an Diddeleng opkafen.

Den LCGB, d‘Majoritéitsgewerkschaft um Produktionsstanduert Diddeleng huet no bekannt ginn, direkt Kontakt mat der Direktioun opgeholl an eng Entrevue ugefrot, fir iwwert déi nächst Schrëtt ze schwätzen. Den LCGB wëll vun dëser Sëtzung profitéiere fir déi eege Positioun nach emol kloer duerzestellen, an d‘Fuerderungen an der Beräicher „Industrie“ a „Soziales“ ze ënnersträichen.

Zanter engem Joer elo huet den Dialog sech entwéckelt. Dank der Beharrlechkeet an dem Drock dee vun de Gewerkschaften – op europäeschem an nationalen Niveau – an dësem Fall dem OGBL ausgeüübt ginn ass, konnt een a ville Beräicher Fortschrëtter erzilen. An awer ass den LCGB net ganz iwwerzeegt, firwat et elo heescht: „Zäit vun de Wierder ass eriwwer, elo muss agéiert ginn!“.

Den industrielle Projet muss gekläert ginn a mat konkreten Zuelen ënnermauert ginn. D‘Garantien an d‘Engagementer déi vu Liberty House annoncéiert goufen, grad ewéi d‘Sozial-Accorden op den ënnerschiddlechen Niveauen (europäesch, national an „IndustriAll) mussen elo zum Géigestand vun engem Vertrag ginn, dee a Stee gemeesselt.

Den LCGB erënnert d‘Regierung drun, datt sech dësen neien Acteur am Siderurgiste-Perimeter vun den aktuellen an zukünftege Kollektivverträg beweegt, déi am Sënn an am Interessi vum Erhalt vun den nationalen Aarbechtsplaze wäerte verhandelt ginn. Den LCGB erënnert ArcelorMittal och drun, datt si während der Transitiounsphas weiderhi verantwortlech sinn, wat den Interim um Standuert Diddeleng betrëfft. An dat esou wéi et an de ville Reunioune mat Liberty House vereenbaart gouf.

Well d‘EU-Kommissioun net op all d‘Froen Äntwerten erhalen huet, an dowéinst keen Avis ofginn huet, bleift den LCGB besuergt wat déi „Onkloerheeten“ am Bezuch op den Ursprong vun de Finanzmëttel betrëfft. Hei muss Liberty House e klima vum vertrauen opbauen a sech transparent verhalen. Fakt ass, datt Liberty House en „Challenger“ um Stolmaart ass, wat elo net berouegt.

Op alle Fall dierften d‘Erausfuerderungen entspriechend grouss sinn. Den LCGB wäert sech mat all senger Kraaft asetzen, fir dat ganzt am Interessi vun de Salariéeën an dem Erhale vun allen Aarbechtsplazen ze iwwerwaachen. Den LCGB léist sech dann och net hannert d‘Liicht féieren an ass sech ganz bewosst, datt d‘Zukunft mat ArcelorMittal, sollt et an d‘Box goen, keng schéi wier.

Matgedeelt vum LCGB, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: Eric Krasnic/Pixabay

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, Diddeleng, EU-Kommissioun, LCGB, Liberty House
Nächsten Artikel Virrechten Artikel