Search

You may also like

POST: Timberen zu Éieren vun de Lëtzebuerger Villercher
International Neiegkeeten

POST: Timberen zu Éieren vun de Lëtzebuerger Villercher

An dëser aachter Edition vum Album „Dat ass Lëtzebuerg!“ éiert

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne
International Neiegkeeten

„America First“ – Trump lancéiert offiziell seng Wahlcampagne

Am Bundesstaat Florida, zu Orlando huet den Donald Trump virun

myGuichet: Vereinfacht Demarchen a Saache professionell Formatioun
International Neiegkeeten

myGuichet: Vereinfacht Demarchen a Saache professionell Formatioun

De Beruffsausbildungsdéngscht (SFP) vum Ministère nationale, de l’Enfance et de

ArcelorMittal Wierk zu Taranto: Al, gëfteg an déidlech?

ArcelorMittal Wierk zu Taranto: Al, gëfteg an déidlech?

Den ILVA-Deal vum indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal, war schonn am November eppes a Fro gestallt ginn, elo schéngt ersiichtlech, datt dem gréissten europäesche Stolwierk seng Zukunft besigelt ass. Leedeglech d‘Gewerkschaften an den italienesche Staat wëlle „sanéieren“.

Taranto ass datt wat een allgemeng als industriellt „Dréckslach“ bezeechne kann, zumindest wann ee gewëllt ass ze berécksiichtegen, datt déi ganz Regioun ronderëm de Stolstanduert massiv bis onwidderrufflech verseucht ass. Géintiwwer der regionaler Moyenne, verzeechent Taranto 54% méi Kriibsfäll bei de Kanner an och soss ass schlecht ëm d‘Gesondheet vun der Bevëlkerung bestallt.

Taranto

D‘Stolwierk vun Taranto, dat ArcelorMittal vun der ILVA iwwerholl huet, gëllt ass een vun den ëmweltschiedlechste Produktiounsstanduerter an Europa © ArcelorMittal

Schold dorunner, esou d‘Experten, sinn de Stëbs (Feinstaub), d‘Schwéiermetaller an den Dioxin, déi dagdeeglech aus de Kamäiner vun der Stolfabrick ausgestouss ginn, déi jo elo bekanntlech zu ArcelorMittal gehéiert. Bléist d‘Loft vu Westen hir, da gëtt de ganzen Dreck direkt an d‘Stad era geblosen. Aus strikt wirtschaftlechen Erwägungen hunn d‘Autoritéiten dat bëllegend a Kaf geholl.

Dozou muss ee wëssen, datt d‘Awunner staark vun dëser „Aktivitéit“ ofhängeg sinn. Déi 190.000 Awunner vun Taranto liewe vum ILVA-Stolwierk. Eng 10.000 Mënsche schaffen am Stolwierk, an nach emol bis zu 10.000 leit sinn an Zouliwwerbetriber beschäftegt. Ugesiichts dem Fakt, datt hei ni no alternative gesicht gouf, an ILVA net „nogebessert“ huet, wier et besser zouzemaachen…

„Stol oder Liewen, du muss dech entscheeden“

Massiivst betraff vun dëser industrieller Bedreeung ass de Quartier Tamburi. Hei ass d‘Loft deraart schlecht, datt scho schoulen hu missen zougemaach ginn. D‘Kanner si mat Busser op aner Schoule verdeelt ginn, woubäi ze bemierken ass, datt si no der Schoul nees an hire Quartier zréck mussen, wou si dann awer nees dem „Gëft“ ausgesat sinn. Wien d‘Geld huet, geet senger Wee.

Taranto

Am Quartier Tamburi kann een d‘Fabrick tatsächlech „richen“, mee d‘Leit wëllen sech net dozou äusseren. Wéi d‘Stëmmung ass, dat léisst sech un de Maueren ofliesen: „Stol oder liewen – du muss dech entscheeden“ an „Keng weider Doudeger“, esou d‘Graffitien. D‘Ëmweltschützer hunn dës Situatioun scho virun 20 Joer denoncéiert an hunn Enquête gefuerdert. Déi huet et och ginn…

D‘Regierung hat Schuedstoffbelaaschtung zwar moosse gelooss, mee d‘Resultater (aus guddem Grond wéi haut gewosst ass) net verëffentlecht. Et war d‘EU-Kommissioun, déi Italien zur „Transparenz“ gezwongen huet. Zanterhier ass gewosst, dat zu a ronderëm Taranto d‘Grenzwäerter beim Dioxin ëm ee villfacht iwwerschratt. Zu enger Schléissung sollt et trotzdeem net kommen.

Wirtschaftsinteresse muss ee politesch verdeedegen

Ausser dem Stolwierk, gëtt et an der Géigend wéineg Aarbecht, an och wann déi sanitär Bedreeung reell an offensichtlech ass, déi wirtschaftlech Interessen hu méi Gewiicht an der Entscheedung vun der Regierung gehat, wéi d‘Gesondheet vun de Bierger. An d‘italienesch Regierung huet sengerzäit d‘Ëmweltvirschrëfte fir Taranto einfach ausser Kraaft gesat, statt de Betrib zouzemaachen.

Eng Decisioun déi de Facto och vun der Gewerkschaft FIOM guttgeheescht gouf. Déi setzt sech och weiderhi fir de Standuert an d‘Produktioun an. Sécher de „Chef“ Giuseppe Romano geséich et gären, datt hei Stol produzéiert gëtt ouni datt Mënschen dofir stierwe mussen, mee ouni e räichen Investisseur, deen d‘Wierk „moderniséiert“, gi weider déidlech Emissiounen an d‘Loft geblosen.

Taranto

Esouguer „d‘Sardinnen“ wëllen sech net vun ArcelorMittal erpresse loossen a fuerderen datt d‘Gesetzer zum Schutz vun der Ëmwelt agehale ginn. © Anna Siviero

ArcelorMittal déi bekanntlech vill Geld fir eng al, gëfteg an déidlech Fabrick gestach hunn, dofir eng Rei Standuerter an Europa huet missen opginn – ënnert anerem Diddeleng – hat a sengem Deal festgehalen, datt d‘Aussetze vun den Ëmweltvirschrëften och weiderhi gëlle muss. Dat gesäit de Movimento 5 Stelle (M5S) eppes anescht an huet en entspriechende Gesetzprojet virgeluecht.

Dorops hinn huet ArcelorMittal gebrauch vu sengem Réckzuchsrecht gemaach, wat zu eppes béis Gespréicher tëscht der Direktioun vun ArcelorMittal an der italienescher Regierung gefouert huet. Elo seet d‘FIOM, datt de Staat soll asprangen, wat vun M5S an de Sozialdemokraten ënnerstëtzt gëtt. De Problem: si hunn de Goss net an och kee Plang wéi Stol ëmweltverdréiglech produzéiert.

mat indymedia/rom

Foto: Datt eng Stolfabrick matten an der Stad der Gesondheet vun de Bierger net wierklech entgéint kënnt, dovunner kann een zu Lëtzebuerg e Lidd sangen. ArcelorMittal, déi d‘Arbed iwwerholl huet a sécherlech an der Lag war d‘Problemer am Virfeld ze erkennen, betruecht esou eppes wéi „Gesondheet“ als iwwerbewäert un. © FISCO

Related topics ArcelorMittal, Ëmweltschutz, Ilva, Stolindustrie, Taranto
Next post Previous post