Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten
Meenung

Autofestival: Stramm Verkafszuelen erfreeën d‘Garagisten

Um Méindeg ass déi 55. Editioun vum Lëtzebuerger Autofestival op

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!
Meenung

What the Fakt – Wéi de Fuchur an de Kino komm ass!

Um 6. Abrëll 1984 ass dem Wolfgang Petersens seng Verfilmung

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!
Meenung

Intra Urban Youth Dance Festival dëse Samschdeg!

Bei der 10. Editioun vum urbanen Danz-Festival fir Jonker mam

En Areesverbuet ännert näischt, wann d’Radikaliséierung online geschitt

E Kommentar

En Areesverbuet ännert näischt, wann d’Radikaliséierung online geschitt

Wann den Donald Trump nei, méi restriktiv Migratiounsregeleunge fuerdert, nodeems erneit en Attentat an den USA statt fonnt huet, weist en domat, datt en e Populist ass, wéi en am Buch steet. Schonn eleng wann ee kuckt, wéini en esou eppes fuerdert, gëtt scho kloer, wéi selektiv e virgeet: Wann e wäisse Mann zu engem Gewier gräift, fir Dosenden, souguer honnerte vu Leit ze erschéissen, da gëtt et „Thoughts and prayers“. Nei Waffegesetzer? Brauche mer net!

Soubal et awer e Muslim, oder si mer eis éierlech, eng Persoun vun enger anerer Hautfaarf, ass, dee Mënscheliewen a Gefor bréngt, gëtt do eng Fuerderung no der anerer erof gebiet. Mauer erop, fir d’Mexikaner do baussen ze halen, Areeseverbuet fir Muslimen. An dann ass anscheinend de Problem behuewen.

Dat dommt ass: de meeschten Terrorismus an den USA gëtt vu wäisse Männer ausgefouert. Rietsradikal Extremisten sinn do eng wiesentlech gréisser Gefor, huet d’Huffington Post am Juni nach bericht a berifft sech dobäi op Statistiken vum Nation Institute’s Investigative Fund an The Center for Investigative Reporting’s Reveal. Mee dat gëtt grad esou ignoréiert wéi d’Tatsaach, datt esou en Areeseverbuet glat a guer näischt bréngt. Schlëmmer nach, et géing d’Saach mi schlëmm maachen.

En Areesverbuet géif d’Situatioun nëmme nach weider unheizen, géingen Ressentimenter an Ausgrenzungen nach weider verstäerkt ginn

Well ënnert dem Stréch gëtt hei soss näischt wéi Haass géint d’muslimesch Bevëlkerung verstäerkt. Wat eng Ausgrenzung zur Folleg huet, déi d’Radikaliséierung mi liicht mécht. Souwuel bei gleewege Muslimen wéi och bei de White Supremacists. Di lescht zwee New Yorker Attentäter hu scho Joren an dem Land gelieft, an op mannst beim Sayfullo Habibullaevich Saipov schéngt kloer ze sinn, wéi d’Radikaliséierung geschitt ass: Iwwert den Internet, iwwert d’sozial Netzwierker.

Well Landesgrenzen interesséieren Gruppe, déi Haass schieren, am Zäite vum Internet null. Egal, op se sech der White Supremacy Beweegung oder dem IS zougehéiereg fillen.

Foto: SAUL LOEB / AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Terrorismus, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel