Search

You may also like

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht
International Kultur Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht

De 26. Mee 2019 sinn Europawahlen – ee Grond méi,

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Nordkorea
International Kultur Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat Nordkorea

Tëscht dem Donald Trump an dem Kim Jong-un herrscht Äiszäit.

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam
International Kultur Neiegkeeten

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam

Mat net manner wéi 29 international Kënschtlerensembele fir 95 Optrëtter

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen

D‘Aretha Franklin, Queen of Soul, ass vergaangen

Déi amerikanesch Soul-Legend Aretha Franklin, Sängerin an onermiddlech Militantin fir d‘Kausa vum Feminismus an de Biergerrechter, ass en Donneschdeg am Alter vu 76 Joer vun eis gaangen. D‘Famill vun der Sängerin huet matgedeelt, datt si un de Folge vun enger Kriibserkrankung un der Bauchspeicheldrüse, am Krees vun der Famill an hirem Heem zu Detroit, friddlech ageschlof ass.

Kuerz nodeems d‘Queen of Soul verstuerwen ass, huet sech déi New Bethel Baptist Church, an där de Papp vum Aretha als Paschtouer gedéngt huet, an en Uert vun der Andacht an der Erënnerung verwandelt. Honnerte Mënschen si komm fir Blummen, Bäll an esouguer Petzien am Undenken un d‘Sängerin néierzeleeën. An déi ganzen Zäit sinn dem Aretha seng Lidder gespillt ginn.

„Et zerrappt mir d‘Häerz“, vertraut sech de Jérôme Greear ënner Tréinen eiser Reporterin un. De Mann, en 53 järegen Tountechniker, ass mat senger Mamm Joyce, an d‘Kierch komm, fir der Sängerin ze gedenken. „Ech sinn awer och Frou an enger Zäit opgewuess ze sinn, wou ech Zeie gi sinn. Zeie vu senger Gréisst, sengem Stuerz an wéi een nees opsteet. Ech sinn houfreg…“.

Déi laangjäreg Agentin vum Aretha Franklin, Gwendolyn Quinn, huet déi lokal Medien informéiert, datt den Datum an den Uert vum Begriefnes, net virun nächster Woch kënne matgedeelt ginn. De Buergermeeschter vun Detroit, Mike Duggan, huet, ouni an de Detail ze goen, drop higewisen, datt et vill Evenementer wäert ginn, fir d‘Liewenswierk vun der Sängerin ze éieren.

Kënschtlerin mat Kapp an Häerz

An iwwer 60 Joer Carrière, huet d‘Aretha Franklin den Genre „Soul“ wéi kaum an aneren oder eng aner Sängerin vertrueden. Si huet zur Entwécklung vun der moderner Musek bäigedroen, an ganz Generatioune Museker inspiréiert. Enger Zesummenaarbecht ëmmer Opgeschloss, huet d‘Aretha mat villen Artisten aus verschiddene Musekswelten, vu Klassik bis Rapp, zesummegeschafft.

„Mir hunn d‘Matriarchin an de Fiels vun eiser Famill verluer“, heescht et säitens der Famill an engem Communiqué, dee vum Gwendolyn Quinn, un d‘Press gaangen ass. D‘Aretha Franklin, deem de Kriibsdiagnostik 2010 matgedeelt gi war, hat säit iwwert enger Woch am eegenen Heem, palliativ Soinen erhalen. Gëschter huet d‘Krankheet d‘Iwwerhand geholl…

Direkt no bekannt gi vum Dout vun der Sängerin, huet sech déi global Prominenz, vun Artiste bis zur héijer Politik, an onendlechem Luef fir d‘Aretha geäussert. Esouguer den Donald Trump huet e léift Wuert, fir d‘Queen of Soul, via Twitter an d‘Welt geschéckt. De fréiere President Barack Obama a seng Fra Michelle, hunn déi aussergewéinlech Kënschtlerin an engem Bréif geéiert.

„Während iwwer sechs Joerzéngten, all kéiers wou d‘Aretha gesongen huet, hate mir alleguerten d‘Recht op eng gëttlech Erliichtung“, ass hei ze liesen. D‘Aretha Franklin, hat bei der Zeremonie vun der Amtsaféierung vun éischte schwaarzen US-President (2009) gesongen. An Iwwer Detroit eraus huet et a ganz Amerika spontan Manifestatioune ginn, fir d‘Sängerin ze éieren.

Wat ee vum Aretha weess

D‘Aretha, Duechter vun engem protestantesche Paschtouer, huet seng éischt musikalesch Schrëtt am Alter vun 9 Joer gemaach. Demools huet dat jonkt Aretha an der New Bethel Baptist Church, wou säi Papp de Gottesdéngscht ofgehalen huet, Gospel gesongen. „Ech wollt net wierklech sange, mee mäi Papp huet drop bestanen“, heescht et an engem Interview mat CBS aus dem Joer 1990.

Interessant an der Carrière vum Aretha, datt och wann d‘Sängerin zu Detroit entdeckt ginn ass, esou war si ni eng Kënschtlerin déi an de berühmte Studioe vu Motown opgeholl huet. Et huet awer net u „Motown“ oder dem Aretha geleeën. Et war sengerzäit der Sängerin hire Papp, dee sech geweigert huet seng Duechter mat dësem jonken opstriewende Label ze ënnerschreiwen.

Déi éischt Opnam huet d‘Aretha mat 14 Joer (a scho Mamm vun engem Kand) gehat, mee et war am zaarten Alter vu 19 Joer, wou déi spéider Queen of Soul, beim Label Columbia den éischten Album opgeholl huet. Et sollt dann awer nach ee puer Joer brauchen, bis den Erfolleg sech iwwert d‘Sängerin erhuewen huet. War d‘Maschinerie lancéiert, esou gouf et keen zréck méi.

A knapp fënnef Joer, bréngt d‘Aretha Franklin eng ganz Serie un Titelen eraus – vu Respect (1967) eng Adaptatioun vun engem Lidd vum Ottis Redding, bis Spanish Harlem (1971) – déi zum Fundament vu sengem Repertoire sollte ginn. Ausgezeechent mat 18 Grammy Awards, mat deenen zwee éischten 1967 an engem leschten 2007, fir e Gospel-Lidd „Never gonna break my faith“.

Déi éischt Fra am Rock’n’Roll Hall of Fame

Autorin vun enger Partie vu senge gréisste Succèsen, wéi notamment „Think“, war d‘Queen of Soul och eng gutt Pianistin. An och wann et gäre vergiess gëtt, de Star aus der Rythm & Blues Zeen, war déi éischt Fra am Rock’n’Roll Hall of Fame. Dat ass souzesoen den amerikanesche „Pantheon“ fir alles wat mat Rock- a Folkmusek den Zenith erreecht huet.

Vum Papp an de „Mouvement“ vun de Biergerrechter mat eragezu ginn, gëtt d‘Aretha eng vun den Ambassadricë vun der Bewegung. Interessant, d‘Sängerin huet ëmmer erëm drop higewisen, datt den Titel „Respect“ ni als „engagéiert Lidd“ geduecht war. Et ass richteg, datt dat 16 järegt Aretha, mam Martin Luther King op Tournée war, an et huet och 1968 op sengem Begriefnes gesongen.

Seng Energie op der Bühn, dat spëttescht Gesiicht an en onbegrenzt Laachen, hunn d‘Aretha ëmmer als positiv a lëschteg Persoun erschénge gelooss. Mee och déi „Grande-Dame“, déi sech vu Gospel zum Rhythm & Blues ëmmer behaapte konnt, huet däischter Amenter am Liewe kannt. Eng éischt Schwangerschaft mat 13, dann nees mat 15, dozou zwou Scheedungen, einfach ass anescht…

D‘Aretha huet och heiansdo duerchklénge gelooss, datt dat mat der Léift net esou opgaangen ass wéi et sech datt als Kand virgestallt hat. Dat erkläert dann zum deel, firwat sech d‘Queen of Soul ëmmer hannert enger onduerchdréngbarer Schimmt „verstoppt“ huet. „D‘Aretha huet eis ëmmer verbonnen, an heiansdo huet et eis danzen an alles vergiesse gehollef“, esou d‘Famill Obama.

mam Jennie Matthew/AFP

Foto: (Archiv 1967/68) © Michael Ochs/Getty Images/AFP

Related topics Aretha Franklin, Gospel, Rhythm & Blues, Soul
Next post Previous post