Search

You may also like

Fir den Engagement an d’Higab zu Gonschte vun der Heemescht
International Neiegkeeten

Fir den Engagement an d’Higab zu Gonschte vun der Heemescht

Am Kader vun de Festivitéite fir Nationalfeierdag huet de Premier

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“
International Neiegkeeten

Editorial: De Journalist Deniz Yücel ass „Fräi“

Iwwert ee Joer war de Welt-Journalist Deniz Yücel an engem

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
International Neiegkeeten

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

[onionbuzz quiz-id=190][/onionbuzz] Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun

Arméi am Afghanistan muss besser opgestallt ginn

Arméi am Afghanistan muss besser opgestallt ginn

Nodeems den US-President ugekënnegt huet d‘Zuel vun den US-Zaldoten am Afghanistan op ënner 4.000 Mann reduzéieren ze wëllen, muss d‘Arméi an dësem u Konflikter gewinnte Land elo besser opgestallt ginn. Den Donald Trump denkt dobäi an éischter Linn un d‘Loftwaff, déi mat Material aus dem US-Arsenal soll opgerëscht ginn.

D‘GI‘s aus Amerika sollen den Afghanistan verloossen, esou huet et den US-President decidéiert, mee seng Männer sollen iert se ginn, d‘Arméi nach esou opstellen, dat si sech géint d‘Taliban an aner islamistesch Rabbelkäpp wiere kann. A well um Buedem wéineg ze erreechen ass – a véier Joerzéngten huet keen den Taliban den Dicks gebéit kritt – soll d‘Loftwaff nei ausstafféiert ginn.

Um Militärfluchhafen zu Kabul, huet de Kommandant vun den US-Spezialkräften, de Generol John Deedrick virun dräi Deeg der afghanescher Loftwaff dräi fuschnei A29 Super-Tucano vum brasilianeschen Hiersteller „Embraer“ iwwerreecht. Elo dierf een nach wäert drop leeën, datt et sech hei ëm Propeller-Fliger handelt, déi esou keng direkt Gefor fir d‘US-Zaldote sollten duerstellen.

Bei der Zeremonie sot de Generol: „Déi afghanesch Sécherheetskräften si méi professionell ginn, besser ausgerëscht, besser gefouert an si sinn haut besser opgestallt, fir den Terrorismus ze bekämpfen an d‘Konditiounen ze schafen, déi zum Fridden an Afghanistan féiere wäerten“. Op den John Deedrick gleeft wat hien esou erzielt, ass leider net gewosst, mee dofir wat et d‘USA kascht.

Eigentlech ass Krich och just ee Geschäft

Bezitt ee sech op d‘New York Times, dann huet den Donald Trump an de leschte Joren iwwer aacht Milliarden US-Dollar an d‘Oprëschtung vun der afghanescher Loftwaff gestach. Datt ass ee ganze Batz Geld, an dobäi geet hei emol nëmmen ëm Material. D‘Ausbildung vun de Mecanicienen an de Piloten ass an dëser Rechnung net enthalen. Alles an allem ass et awer ee lukratiivt Geschäft.

Zouversiicht straalt och de Krichsminister Asadullah Khalid aus. „Afghanistan ass bereet eleng fir Sécherheet ze suergen“, esou de Politiker bei Iwwergab vun de Fliger. „Ee laang unhalende Fridden an eisem Land ass déi gréissten Hoffnung vum afghanesche Vollek. Mee wann de Feind mengt, hie kéint mat Gewalt alles erreechen, da huet hie sech geiert“. Gemengt sinn hei och d‘Taliban.

Den Donald Trump huet am Wäissen Haus nach emol kloer gestallt: „Mir gi mat den Taliban ganz gutt eens. Déi sinn haart a schlau, mee 19 Joer sinn ee laangen Dag, an och si fänken un es deem Ganze midd ze ginn“. Interessant Ausso, wa gewosst ass, datt den innerafghaneschen Dialog zu Doha an enger Sakgaass stécht. Net emol op de Verlaf vun de Gespréicher gouf sech verstännegt.

mat indymedia/tlv/was

Foto: Zu Doha (Emirat Katar) huet déi lescht Woch eng nei Gespréichsronn tëscht den Taliban an der international unerkannter Regierung vun Afghanistan ugefaangen. Schonn am Februar hat et länger Verhandlunge ginn. De Problem: wärend zu Doha diskutéiert gëtt, schéissen se sech am Norde vum Afghanistan weider dout. Hei den US-Ausseminister Mike Pompeo mam Mullah Beradar (12. September) virun der Opnam vu weidere Gespréichsronnen. © US Secretary of State

Related topics A29 Tucan, Afghanistan, Doha, Embraer, Friddensverhandlungen, Mike Pompeo, Oprëschtung, Taliban, USA
Next post Previous post