Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Virtual Reality Pavillon – een neie Rekord mat méi wéi 3000 Visiteuren
Neiegkeeten

Virtual Reality Pavillon – een neie Rekord mat méi wéi 3000 Visiteuren

Et kann een definitiv bestätegen: de Virtual Reality Pavillon huet

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!
Neiegkeeten

UNRWA: Washington leescht keng Beiträg méi!

De 24. August huet d‘Trump-Administratioun annoncéiert, der UN-Agence fir palestinensesch

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?
Neiegkeeten

Zero Waste Konferenz – Um Wee zu enger Plastik-fräier Gesellschaft?

Den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique hu geruff, Dir

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter

Lëtzebuerger Arméi keeft zwee Multifunktionshelikopter

E Freideg huet de Vizepremier a Verdeedegungsminister Etienne Schneider (LSAP) bekannt ginn, datt d‘Lëtzebuerger Arméi zwee Multifunktionshelikopter vun Airbus, Typ H145M, bestallt huet. Dës Helikopter sollen, esou de Minister, vun der Arméi a vun der Police genotzt ginn.

D‘Acquisitioun vun dësen zwee Multifunktionshelikopter geschitt am Kontext vun der Ëmsetzung vun de Richtlinne vun der Verdeedegungspolitik zum Horizont 2025 an doriwwer ewech. Méi konkret gëtt hei och der Entwécklung vun enger Loft-Komponent innerhalb der Lëtzebuerger Arméi Rechnung gedroen.

Mat senger Politik vum „duebelen Notzen“, also militäresch an zivil, stellt d‘Regierung sécher, datt verschidden Investissementer an d‘Verdeedegung, och aneren, zivillen Acteuren zerguttst kommen. Déi zwee Multifunktionshelikopter H145M assuréieren zudeem och d‘Erneierung vun der aktueller Police-Flotte, heescht et säitens dem Verdeedegungsministère.

„Mir si NATO-Partner“

Lëtzebuerg huet sech Ufank 2018 engem Ënnerstëtzungspartenariat bei der NATO-Agence fir Ënnerstëtzung an Acquisitioun (NSPA) zu Capellen ugeschloss. Am Kader vun dësem Partenariat ass et zum Kaf vun dësen Helikopter komm. Eng Acquisitioun, déi an enker Zesummenaarbecht tëscht dem Etat-Major vun der Arméi an der Direktioun vun der Police vollzu ginn ass.

Multifunktionshelikopter

Um Findel huet de Vizepremier a Verdeedegungsminister Etienne Schneider de „Bon de Commande“ ënnerschriwwen. Déi zwee Multifunktionshelikopter vum Typ H145M sollen am zweete Semester 2019 geliwwert ginn an Ufank 2020 an Asaz kommen. © EMA

D‘NSPA soll hei och e Beitrag leeschten: esou soll d‘NATO-Agence de „Service-Vertrag“ fir d‘Exploitatioun vun den Helikopter aushandelen. Dat zumindest während der initialer Phas vun der Schafung vun enger Loft-Komponent innerhalb der Arméi, an der Kreatioun vun engem „Standuert“ um Findel, deen déi „duebel Notzung“ – duerch Arméi a Police – sécher stellt.

Ofgesi vun den Observatiounsmissiounen, an der Sich no verluere gaange Persounen, sollen déi zwee Multifunktionshelikopter och bei „Urgencen“ oder „Katastrophen“ zu Lëtzebuerg agesat ginn. Asätz am Ausland ginn hei net ausgeschloss. Erhale solle mir déi zwee H145M am zweete Semester 2019. An den Déngscht geholl ginn d‘Helikopter viraussiichtlech Ufank 2020.

Foto: (v.l.n.r.) Jean Delbecq, Vizepresident vun Airbus Europe; Philippe Schrantz, Generaldirekter vun der Police; Alain Duschène, Generol a Chef vum Etat-Major vun der Arméi; Thomas Hein, Chef-Verkeefer vun Airbus Helicopters Western Europe; Etienne Schneider, Vizepremier a Verdeedegungsminister; Peter Dohmen, Generalmanager NSPA. © EMA

Ähnlech Sujeten Airbus, Arméi, Etienne Schneider, H145M, Multifunktionshelikopter, Police
Nächsten Artikel Virrechten Artikel