Search

You may also like

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“
International Neiegkeeten

Frankräich: Lutte Ouvrière fuerdert en neie „Mee 68“

D‘Nathalie Arthaud, Spriecherin vu Lutte Ouvrière (LO) huet e Sonndeg,

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt
International Neiegkeeten

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn
International Neiegkeeten

Luxtram SA gesäit kee Grond sech mat Gewerkschaften ofzeginn

D‘Aktionäre vun der Luxtram SA sinn de Staat an d‘Gemeng

Keng Wafferou fir Berg-Karabach

Déi international Appeller fanne bis ewell kee Gehéier an den Aserbaidschan féiert seng Offensiv weider

Keng Wafferou fir Berg-Karabach

Um Samschdeg soll et entspriechend sech iwwerschneidende Berichter vu béide Krichsparteien zu heftege Gefechter komm sinn. Esou wéi et déi armenesch Säit duerstellt, récken aserbaidschanesch Truppe mat staarken Eenheeten a Richtung Süde vir.

Aus dem aserbaidschanesche Verdeedegungsministère heescht et, datt d‘Stad Terter ab eng Rei Dierfer op eegenem Gebitt vun den armeneschen Truppe beschoss gi wier. Ob a wéi vill Affer et ginn huet, ass zur Stonn nach net bekannt. Eriwan behaapt sech ob däitlech méi wéi 200 Doudeger, wärend Baku bei den Ziviliste vun 19 Affer a 60 Blesséierter wëll gezielt hunn.

Zanter elo enger gudder Woch liwweren sech déi verfeinte Länner schwéier Gefechter an der vun Armenien kontrolléierter Grenzregioun am Aserbaidschan. Wéi gewinnt beschëllegt een deen aneren ugefaangen ze hunn. De President vum Aserbaidschan, Ilham Alijew, soll mam franséische President Emmanuel Macron telefonéiert, an iwwer d‘Situatioun geschwat hunn.

Karabach

Laut dem Elysée hätten aserbaidschanesch Truppe besate Gebitter befreit. Zudeem géif Baku den Armenier virwerfen, d‘Verhandlungen zur Bäiluecht vum Konflikt ze behënneren. Den Emmanuel Macron soll bei dësem Gespréich nach emol zu enger Wafferou opgeruff hunn. De franséische President verlaangt, datt dës Verhandlunge méiglechst kuerzfristeg opgeholl ginn.

Dës Verhandlunge sollten ënnert der Schiermherrschaft vun der sougenannter „Minsk-Grupp“ vun der OSCE (Organisatioun fir Zesummenaarbecht an Entwécklung an Europa) gefouert ginn, esou den Elysée weider. Zur Erënnerung: Frankräich, zesumme mat Russland an den USA, vermëttelen zanter Joren an dësem Joerzéngten ale Konflikt tëscht de fréiere Sowjetrepubliken.

Wat vun der Front gewosst ass

Laut dem armenesche Verdeedegungsministère wier de grouss ugeluechten Ugrëff vum Géigner gestoppt ginn. Et wier gelongen ee Géigenugrëff ze lancéieren, bei deem dräi aserbaidschanesch Kampffliger ofgeschoss gi wieren. Baku dementéiert den Ofschoss vu senge Fliger an och vun onofhängeger Säit hir, konnt dës vun Eriwan gemaachten Ausso net confirméiert ginn.

Bestätegt ass dogéint, datt et zu Stepanakert, der Haaptstad vun der selbsternannter Republik Berg-Karabach, zu Ausenanersetzunge komm ass. E Freideg ass Stepanakert vun der aserbaidschanescher Artillerie beschoss ginn. D‘Autoritéite vu Berg-Karabach hunn hirersäits erkläert, datt elo déi lescht Schluecht ëm d‘Kontroll vun der Grenzregioun ugefaangen huet.

KarabachUm Freideg huet den internationale Rout Kräiz Comité (ICRC) virun enger humanitärer Kris gewarnt. Den ICRC huet dréngend medezinesch Gidder un d‘Spideeler zu Nagorno-Karabach geliwwert. „Mir erkennen elo schonn de schrecklechen Impakt dës Ausenanersetzung op Zivilisten huet. Den ICRC ass bereet ze hëllefe wou et noutwenneg ass, wann d‘Konditiounen et erlaben. Och déi lokal Branche vum aserbaidschanesche Rouden Hallefmound ginn ënnerstëtzt“, esou de Gerardo Moloezenik, Chef vun ICRC-Delegatioun zu Barda (Aserbaidschan). An der Tëschenzäit versichen sech d‘Awunner vu Stepanakert an hire Kellere virun dem Artilleriebeschoss ze schützen. © ICRC

Am Krich vu viru ronn 30 Joer – nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun – hat Aserbaidschan dës Regioun, an där haut quasi nëmme chrëschtlech Armenier liewen, verluer. Zanterhier schéissen Armenier op Aserbaidschaner. 1994 war et gelongen esou eppes wéi eng Wafferou hierzestellen, mee och déi gouf reegelméisseg vu béide Konfliktparteie gebrach.

Déi lescht gréisser Ausenanersetzung hat 2016 ginn. Deemools waren honnerten Zivilisten ënnert de Kugele vun de Krichsparteie gefall. Mam Opstelle vun der Minsk-Grupp hat et d‘Hoffnung ginn, béid Säiten ze berouegen an dës zu friddleche Verhandlungen iwwert d‘Zukunft vun der Regioun ze beweegen. Béid Länner sinn dann och Membere vum Europarot.

De laangen Aarm vun Ankara

Wärend déi armenesch Truppe vu Russland gestäipt ginn, hunn d‘Aserbaidschaner d‘Tierkei op hirer Säit. Déi armenesch Regierung behaapt sech drop, datt Ankara dausende Söldner aus de Krichsgebidder Libyen a Syrien an de Südkaukasus „verluecht“ huet. Och Moskau ënnerstëtzt dës Ausso an huet vu plausibelen Hiweiser geschwat. Baku dementéiert heftegst…

Am Interview mat arabesch sproochege Sender Al Jazeera huet den Ilham Alijew sech sengersäits drop behaapt, datt dat „Fake-News“ wieren, zumindest esoulaang wéi keng handfest Beweiser fir dës Behaaptung géife virgeluecht ginn. Et géif net déi geréngste Spur, déi op auslännesch Kämpfer géif hindeiten an och d‘Tierkei wier net an dëse Konflikt verwéckelt.

Karabach

Wann een elo bei Konflikter och ëmmer muss d‘Aussoe vu béide Parteie mat Virsiicht genéissen, esou besteet allerdéngs net de geréngsten Zweiwel dorunner, datt d‘Tierkei d‘Interesse vu Baku vertrëtt, wärend Moskau sech als Schutzmuecht fir Armenien gesäit. Säit Joerzéngte gëtt dann och ëm d‘Kontroll vun der Grenzregioun gestridden. Eng Léisung ass net a Siicht.

An de Bierger vum Berg-Karabach liewe ronn 145.000 Mënschen. D‘Regioun, déi vëlkerrechtlech zum islamesch gepräägten Aserbaidschan gehéiert, gëtt awer majoritär vun Armenier bewunnt. Et wier sécherlech dat bescht, d‘Republik Berg-Karabach als „eegestänneg“ unzëerkennen, woubäi dat net den Interesse vun esouwuel den Armenier nach den Aserbaidschaner entsprécht.

mat indymedia/mow/bru

Illustratioun: © Richard R. Schünemann / unsplash

Related topics Armenien, Aserbaidschan, Berg-Karabach, Europarot, Krichszoustand, OSCE, Russland, Tierkei
Next post Previous post