Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung
Kultur Neiegkeeten

Den LCGB fuerdert vun der Regierung méi politesch Verantwortung

Um Neijoerschpatt vun der chrëschtlecher Gewerkschaft zu Schëffleng, huet den

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020
Kultur Neiegkeeten

Kufa Summer Bar: De Programm bis den 18. Juli 2020

D’Kufa Summer Bar ass aktuell de gesellegen Highlight vun der Kulturfabrik.

UN-Sécherheetsrot: En trauregen Dag fir Syrien
Kultur Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: En trauregen Dag fir Syrien

Am UN-Sécherheetsrot hu gëschter Russland a China géint d‘Verlängerung vun

Fiktioun oder awer Realitéit – Alien-Invasioun um Belval

Esou huet Ars Electronica eis vollkomme begeeschtert

Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
Friemgesteiert vu Linz © Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
Dat hei gesinn d'Visiteuren an Éisträich © Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
D'Yuko entdeckt de Site um Belval © Martine de Lagardère / moien.lu

© Martine de Lagardère / moien.lu

D'Artistin Mary-Audrey Ramirez © Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
© Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
© Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
© Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
© Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
© Martine de Lagardère / moien.lu
Fiktioun oder awer Realitéit –  Alien-Invasioun um Belval
© Martine de Lagardère / moien.lu

Befanne mir eis nach an der realer Welt oder si mir onbewosst an e retrofuturistescht Videospill projezéiert ginn? Wann den Héichuewen um Belval sech bemol an d’Kuliss vun enger Alien-Invasioun verwandelt an Artisten friemgesteiert ginn, da kann ee sech zu Recht froen, wat hei ofleeft. Ma, Ars Electronica invitéiert op eng besonnesch a fortschrëttlech Expo an.

Nach bis den 13. September 2020 fënnt de Festival fir Konscht, Technologie a Gesellschaft, bekannt ënnert dem Numm Ars Electornica, ënnert dem Motto „In Kepler’s Garden“ statt. Dobäi lafen déi verschidden Aktivitéiten net nëmmen um Campus vun der JKU zu Linz (Éisträich) of, mee sinn op 120 weidere Plaze weltwäit verdeelt. Als Pionéier a sengem Beräich huet Ars Electronica schonn an de 70er Joren d’Technologie an d’Kultur verbonnen.

Ma, déi virtuell Dimensioun ass duerch d’Pandemie esou staark ervirgetrueden, wéi nach ni virdrun. Vun dëser Geleeënheet gëtt elo profitéiert, fir der Ëffentlechkeet nei Impulser, Méiglechkeeten an Iddien ze schenken. A kuckt ee sech d’Konzept um Belval un, da kann een nëmme staunen!

Ars Electronica

© Martine de Lagardère / moien.lu

De Luxembourg Garden

Am Hibléck op Esch2022 konnt eng längerfristeg Kollaboratioun opgebaut ginn. Mat dësem multimodalen Erliefnis soll en éischten Virgeschmaach fir dat ginn, wat eis scho geschwënn an der Kulturhaaptstad erwaarde wäert. Interaktiv Aventure gi mam Héichuewe vun der fréierer Stolproduktioun verbonnen, zuelräich kleng Critters loossen een denken, datt grad eréischt ee Raumschëff um Belval gelant ass a si aus hirem Käfeg ausgebrach sinn.

De Vincent Crapon, Projekt Manager vum kulturelle Programm vun Esch2022, erkläert, datt een d’Zil verfollegt zesummen ze sinn, ouni physesch beieneen ze kommen. Grad wärend der Coronakris hu mir all gemierkt, wéi staark mir vun der Kultur geniert ginn, wouduerch eng Digitaliséierung net ze vermeiden ass.

Ars Electronica

D’Yuko entdeckt de Site um Belval © Martine de Lagardère / moien.lu

ANYWHERE – eng narrativ Installatioun

Betrëtt een de Site, da gëtt een direkt vun der Klanginstallatioun vum Simon Goff ageholl. A wann een och kee Gamer ass, spiert een direkt, datt iergendeppes net stëmmt… De Virwëtz kënnt op d’Géigend ze entdecken, wärend déi bannescht Stëmm ee virun enger Gefor warnt.

Kuckt een no lénks, weess ee wouhier dëst Gefill kënnt: Ëm 50 Alien-Golems si wuel ausgebrach, hu sech um Héichuewen ausgebreet a loossen op näischt Guddes verhoffen. Direkt vis-à-vis steet nämlech en Zelt, aus där eng beängstegend Kreatur ee schwaarze Floss aus Blutt matbréngt. Wat befënnt sech hannert der Baatsch?

Ars Electronica

© Martine de Lagardère / moien.lu

Inspiratioun fënnt d’Kënschtlerin Mary-Audrey Ramirez a Videospiller. D’Cosplay- a Gaming-Kultur probéiert hatt an déi real Welt ze iwwersetzen, wat allerdéngs ëmmer mat enger Enttäuschung verbonne wier. Déi dramhaft Kulissen, fantastesch Dekoren, futuristesch Kreaturen a Fäegkeete kritt ee seelen an d’Realitéit iwwersat – d’Physik verhënnert et. Trotzdeem huet d’Artistin, déi aktuell zu Berlin wunnt, eng narrativ Installatioun um Belval op d’Been gestallt, déi all d’Sënner stimuléiert. De Visiteur daucht an eng Kombinatioun aus Bioshock, Alien vs Predator an Area 51 an.

Dës innovativ an inspiréierend Form vu Konscht verlaangt no méi, an esou sollt ee genuch Zäit aplangen, fir sech dës Expo och am Detail unzekucken an ob sech wierken ze loossn. Zur Erëffnung vum Festival huet de Simon iwwregens live op der Plaz musizéiert (Merci un d’Mary-Audrey Ramirez fir de Video):

D’Aen vun den Aneren

Eng weider Aktioun am Kader vun Ars Electronica am Luxembourg Garden ass d’Performance vun der Dänzerin Yuko Kominami. Generell ëmfaasst hir Konscht d’Thema vun der Metamorphos. Ma, dës Optrëtter sinn awer och fir déi talentéiert Japanerin Neiland.

Equipéiert mat Sensoren a Kameraen gëtt si nämlech vu Linz aus friemgesteiert an entdeckt esou fir d’Visiteuren an Éisträich de Site um Belval. Iwwert eng Manette bestëmme si d’Richtungen an d’Beweegunge vum Yuko, kënne mat him iwwert en Chat kommunizéieren an esou e Stéck vun der Lëtzebuerger Geschicht entdecken, ouni physesch present ze sinn.

Fir d’Artistin entsteet en neit Bewosstsinn fir an duerch Beweegungen. Et entsteet eng speziell Form vun der Intimitéit, doduerch datt d’Yuko d’Plaz verkierpert, d’Kontroll ofgëtt an d’A vun de Visiteuren zu Linz ass.

Ars Electronica

D’Yuko entdeckt de Site um Belval © Martine de Lagardère / moien.lu

Esou gëtt hat zu bestëmmten Zäiten iwwert déi 7 Etage vum Héichuewen guidéiert, soll sech ëmkucken, verschidde Beräicher méi genee ukucken.

D’Méiglechkeete vun der Konscht a Kombinatioun mam digitale Beräich erweideren eis Kultur. Innovatiounen a kreativ Käpp vereenen dat, wat sech wuel déi mannst vun eis virstelle kënnen. E Besuch zu Esch, sou wéi op der Internetsäit vun Ars Electronica ass definitiv derwäert – do gesitt Dir iwwregens och iwwert d’Yuko Kominami den Héichuewen A um Belval, sou wéi d’Expo ANYWHERE.

Uewen fannt Dir eng Billergalerie zu eiser Visitt © Martine de Lagardère / moien.lu

Ähnlech Sujeten Alien vs Predator, Area 51, Ars Electronica, Belval, Bioshock, Esch2022, Festival, Friemgesteiert, Héichuewen, Linz, Mary-Audrey Ramirez, Multimedial Expo, Technologie, Videospill, Vincent Crapon, Yuko Kominami
Nächsten Artikel Virrechten Artikel