Search

You may also like

Europäesch Kazen – Eng Liesung vum Gast Groeber
Kultur Neiegkeeten

Europäesch Kazen – Eng Liesung vum Gast Groeber

De Gast Groeber beschäftegt sech a sengen Texter mat existenzielle

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen
Kultur Neiegkeeten

Stater Schäfferot dierf zefridden an de Congé goen

Beim leschte Kaffi-Croissant mam Stater Schäfferot, stoungen nieft klenger Sujeten,

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Steif(f) an och nach ee Knapp am Ouer!

Et ass d’Geschicht vun enger aussergewéinlecher Fra an hirer eenzegaarteger

Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden

Eng Kooperatioun tëscht Linz an Esch soll den Zougang zu digitaler Konscht fërderen

Ars Electronica Esch2022 Luxembourg Garden

Zu Linz (Éisträich) fënnt vum 9. bis den 13. September de Festival fir elektronesch Konscht „Ars Electronica“ statt. Mat den Organisateure vun dësem Festival hunn d‘Projetleeder vun Esch2022 sech op eng längerfristeg Kollaboratioun verstännegt. Zil vun dëser Zesummenaarbecht ass et, méi Mënsche fir dës besonnesch Form vu Konscht ze sensibiliséieren, an nei Kënschtler ze entdecken.

Hei dierf ervirgehuewe ginn, datt de Motto vun Esch2022 „Remix Culture“ fir dës jo awer nach am Land éischter „onbekannte“ Konscht, wéi d‘Fauscht op d‘A passt. En interaktiivt Multimedia-Erliefnis, an deem d‘Vergaangenheet, d‘Géigewaart an d‘Zukunft vum féiere Industriestanduert Belval soll kënschtleresch duergestallt ginn, dat ass dat eigentlech Zil dat hei verfollegt wëll ginn.

Esou ass et virgesinn, datt während der Dauer vum Festival zu Linz, der Lëtzebuerger Kënschtlerin Mary-Audrey Ramirez hir Installatioun „Anywhere“ beim Héichuewen „A“ um Belval ausgestallt soll ginn. Duerch Performance-Duerstellunge ginn esouwuel d‘Installatioun „Anywhere“ an de fréiere Stolproduktiounsstanduert erliefbar, an dat och fir Leit déi de Standuert guer net besichen.

Multimedial Technik mécht et méiglech. Baséierend op enger Funktiounsweis wéi engem Videospill kënnen d‘Gäscht vum Festival zu Linz den Héichuewen a seng Alentouren digital entdecken. Als „Guiden“ iwwerhuelen si mëttels enger Tablett d‘Steierung vum „Runner“. An dësem Fall ass dat déi japanesch Dänzerin Yuko Kominami, déi mat sougenannte go-Pro Kameraen ausstafféiert gëtt.

Konschtverständnes gëtt virausgesat

D‘Ausstellung vum Mary-Audrey Ramirez senge Wierker ass wärend der ganzer Dauer vum Linzer Festival vun 11 bis 18 Auer op. D‘Interaktiounen tëscht Linz a Belval kënnen am Pavillon Annex22 zu Esch-Uelzecht (Brillplaz) verfollegt ginn. Hei ginn zéng „Live-Gaming-Sessions“ op engem groussen Ecran iwwerdroen. De „Live-Gaming“ an der Annex22 ass deeglech vun 11 bis 12 Auer, a vu 15 bis 16 Auer (vum 9. bis 13 September) ze gesinn.

Interessant hei, datt déi multimedial Installatioun op enger Iddi vum Daniel Karpati, ee Fuerscher am Beräich vun den Naturwëssenschaften, Technologie a Medezin vun der Universitéit zu Lëtzebuerg berout. De Konschtprojet ass mat der Ënnerstëtzung vum Fonds Belval, der Galerie Martinetz an dem Dortmunder Konschtveräin realiséiert ginn.

Illustratioun: © Simon Vogel / Dortmunder Kunstverein

Related topics Ars Electronica, Dortmunder Kunstverein, Esch2022, Fonds Belval, Galerie Martinetz, Kultur, Mary-Audrey Ramirez
Next post Previous post