Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies aus dem „Schongbuttek“
Kultur Neiegkeeten

Neies aus dem „Schongbuttek“

Nodeems déi vereenegt Oppositioun sech op d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP)

Coifferen an Kosmetikberuffer sollen hir Déngschter nees ubidde kënnen!
Kultur Neiegkeeten

Coifferen an Kosmetikberuffer sollen hir Déngschter nees ubidde kënnen!

Aus Däitschland héiert een, datt d’Coifferen an och aner Kosmetikberuffer

Kënnt et haut zur Regierungsëmbildung?
Kultur Neiegkeeten

Kënnt et haut zur Regierungsëmbildung?

Et geet eisem Justizminister Félix Braz (déi gréng) gesondheetlech net

D’Stater Geschäfter emol anescht mat „Art on the Street“

D’Stater Geschäfter emol anescht mat „Art on the Street“

Bis de 4. Dezember 2019 presentéiert de Projet Art on the Street ganzer 9 Wierker an der Stad Lëtzebuerg an dréit esou zur Ästhetik vun der Stad, dem Kenneléieren an der Entwécklung vun der Haaptstad bäi. A Kollaboratioun mat der Union Commerciale an der Online-Konschtplattform Art Work Circle konnt dës besonnesch Konschtausstellung mat Kënschtler aus dem Groussherzogtum an der Groussregioun realiséiert ginn.

Bei Art on the Street ginn d’Fënstere vun de Stater Geschäfter temporär fir d’Konscht zur Verfügung gestalt. Souwuel am Stadzentrum, wéi och am Garer Quartier entwéckelt sech de Projet virun a léisst esou d’Vitrinnen zu engem aktiven Erliefnis ginn.

Déi 9 Wierker sinn nach bis de 4. Dezember 2019 an der rue Beaumont, der Avenue de la Porte-Neuve an der Rue des Capucins ze fannen. Mat dobäi ass eng Molerei vum Dany Prum, Fotoe vum Anna Krieps, Gravuren, Impressiounen, eng Landschaft, eng Skulptur vum Ben Carter, wéi och een Uelegbild vum Doris Drescher.

D’Geschäfter valoriséieren, d’Konscht siichtbar maachen

De Projet Art on the Street integréiert sech perfekt an dat globaalt Konzept vun der ekonomescher a kommerzieller Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg. Gläichzäiteg ginn awer och d’Ziler vun der kultureller Politik erfëllt. Op der enger Säit ginn nämlech d’Vitrinne vun de Geschäfter an enger neier dynamescher Aart a Weis presentéiert, wärend de Kënschtler eng immens siichtbar Plattform fir seng Wierker gebuede kritt.

Esou gëtt déi ëffentlech Konschtgalerie zu all Zäit zougänglech an erméiglecht de Bierger bei hirem Wee duerch d’Stroosse vun der Haaptstad déi verschiddenst Wierker vun nationalen a regionalen Artisten ze bewonneren. Zënter der Kreatioun vum Projet am Oktober 2018 hu 15 Geschäfter sech bereet erkläert, een Kënschtler bei sech ze presentéieren.

Iwwregens kann een all d’Geschäfter, déi bei Art on the Street deelhuelen, sou wéi och Muséeën, Konschtgalerien an aner interessant Punkten vun der Stad op www.artonthestreet.lu lokaliséieren. D’Säit gëtt engem dobäi eng Rei Detailer zum Kënschtler a sengem Wierk un. Sollt Iech ee Wierk besonnesch gutt gefalen, kann een et ënnert www.artworkcircle.lu kafen.

Vergiesst och net dass haut um 18 Auer an der rue des Capucins een urbanen Apero gebuede gëtt, fir esou de Succès vum Projet ze feieren!

Opmaacherbild: Dem Ben Carter säi Wierk ass am Skatepark an der Péitruss ze fannen © Ben Carter

Ähnlech Sujeten Anna Krieps, Apero, Art on the Street, Art Work Circle, Ben Carter, Dany Prum, Doris Drescher, Fënster, Geschäft, Konscht, Presentatioun, Verkaf, Vitrin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel