Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Nationalbibliothéik plënnert
south africa gay online dating Neiegkeeten

how potassium argon dating works

Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat

dating a younger girl in high school
south africa gay online dating Neiegkeeten

D’ULC zum VW-Dieselskandal: d’Rechter vun de Konsumenten net vergiessen!

Beim Oberlandesgeriicht zu Braunschweig huet ee Mammutprozess géint Volkswagen ugefaangen.

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?
south africa gay online dating Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?

Lëtzebuerg ass elo sécherlech net fir séng Bierger bekannt. An

Art on the Street – d’Haaptstad als Konschtwierk

Art on the Street – d’Haaptstad als Konschtwierk

D’Stad Lëtzebuerg presentéiert och nach dëst Joer de Laangzäitprojet mam Numm „Art on the Street“. Heibäi kréie verschidde Kënschtler d’Méiglechkeet, d’Vitrinne vu Geschäfter als Plattform, fir hir Konschtwierker auszestellen, ze notzen.

D’Initiative fir „Art on the Street“ kënnt vun der Stad Lëtzebuerg an der Union Commercial vun der Haaptstad, a Kollaboratioun mat Geschäfter, Promoteuren an der Plattform „Art Work Circle“, fir Konschtwierk ze kafen oder ze lounen.

Iwwert de Projet

„Art on the Street“presentéiert Konschtwierker vu Lëtzebuerger Artisten a Kënschtler aus der Groussregioun. An der ganzer Stad kann een Konscht aus de verschiddenste Beräicher an de Vitrinne vu Geschäfter, Butteker oder eidele Geschäfter, déi duerch Vakanzen, Renovatiounen oder ähnleches grad net besat sinn.

Ziel ass et déi ekonomesch a kommerziell Entwécklung an der Stad Lëtzebuerg ze ënnerstëtzen an ze begënschtegen. Zu gläicher Zäit kann de Kënschtler eng nei Plattform gebuede ginn, fir hir Wierker engem grousse Publikum ze weisen. Dobäi freet de Projet keng extra Fraise bei de Proprietären a Geschäftsleit wärend der Zäit vun der Ausstellung.

Art

Expo vum Frank Jons, den 11 an 12 Januar an der, rue du Curé , © Soubry Carles

D’Stad kenneléieren

Doduerch, datt déi verschidde Wierker gutt zu Fouss, respektiv mam Vëlo ze erreeche sinn, ass et déi ideal Méiglechkeet fir d’Stad Lëtzebuerg kennenzeléieren a wärenddeem héich qualitativ Konscht ze bewonneren. Heibäi proposéiert Art Work Circle een Ausstellungsprogramm mat de verschiddene Konschtwierker. Natierlech ginn dës Ausstellunge mat Vernissagen opgemaach. Mat Accord vum Proprietär vum Geschäft kann och ee sougenannte Pop-Up Shop organiséiert ginn.

Um Site www.artonthestreet.lu kann een déi verschidde Geschäfter ugewise kréien, natierlech mat den néidegen Informatiounen, wéi beispillsweis d’Adress oder Donnéeën zum Kënschtler. Momentan sinn et dann ënnert anerem d’Serigraphie vum Mik Muhlen, eng immens Fotografie vum Christian Wilmes oder een Acrylbild vum Armand Strainchamps, déi een um Parcours duerch d’Stad bewonnere kann.

Art

Wat fannen ech wou? Majo dat gëtt een um Internetsite gewuer!

Loscht selwer matzemaachen?

D’Unzuel u Konschtwierker soll sech ëmmer weider steigeren a sou invitéiert d’Stad Lëtzebuerg d’Geschäftsleit och um Projet deelzehuelen. D’Participatioun ass gratis, d’Konditiounen zum „Art on the Street“, sou wéi den Dossier fir matzemaache fënnt een ënnert vitrines.vdl.lu, sou wéi ënnert www.artonthestreet.lu oder www.artworkdcircle.lu .

Ähnlech Sujeten Art on the Street, Christian Wilmes, Konscht, Mik Muhlen, Stad Lëtzebuerg, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel