Massive Prisonéieraustausch tëscht Kiew an de Separatisten
Honnerten Ukrainer hunn an der Nuecht vum Mëttwoch op en
Honnerten Ukrainer hunn an der Nuecht vum Mëttwoch op en
De Brendon Tarrant war schwéier bewaffent an zwou Moscheeën zu
Um éischte Weekend vum Juni organiséieren d’Lëtzebuerger Naturisten hir Porte
Fir haut huet Russland eng Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot aberuff. Et soll sech bei dëser Drénglechkeetssëtzung iwwer d‘Bedreeung vum Fridden an der Welt ënnerhale ginn. Dat zumindest huet um Sonndeg e Spriecher vun der russescher Delegatioun bei der UNO gesot.
D‘Sëtzung, déi op Initiativ vu Russland aberuff ginn ass, gëtt um 15:00 Auer (Lokalzäit) ofgehalen. Si gëtt direkt vun enger anerer Reunioun vum UN-Sécherheetsrot gefollegt“, gëtt de Fiodor Strjijkovski vun de russesche Medien zitéiert. Déi preziséieren, datt d‘Sëtzung der Bedreeung vum Fridden an der Sécherheet an der Welt dediéiert ass.
Elo huet de Fiodor Strjijkovski weider keng Detailer ginn an och de Konflikt a Syrien net ernimmt. Dat wou awer scho Frankräich eng Drénglechkeetssëtzung fir dëse Méindeg ugefrot huet, nodeems et um Samschdeg zu Douma (an der Enklave vun der ëstlecher Ghuta) zu engem Ugrëff mat chemesche Waffe soll ginn hunn.
D‘Ufro fir dës Reunioun, déi d‘Fransousen agereecht hunn, soll vun den USA, Groussbritannien, Kuwait, Schweden, Polen, Peru, Holland an der Elfebeeküst mat ënnerschriwwe gi sinn. D‘Wäisshelmer, déi sech als Secouriste gesinn, d‘Rebellen an d‘Oppositioun am Exil, beschëllegen Damaskus chemesch Waffen agesat ze hunn. Et soll bei dëser Attack eng Dosen Affer ginn hunn.
Zu Washington huet den Donald Trump den Asaz vu chemesche Kampfmëttel veruerteelt a gemengt, datt een fir dës Dot de „volle Präis muss bezuelen“. De syresche Regimm, Russland an den Iran, hu gemeinsam d‘Verantwortung vu Regierungstruppen dementéiert. De russeschen Ausseministère schwätzt vu Provokatioun.
Um Méindegmueren ass e syresche Militärfluchhafe mat Rakéiten ugegraff ginn. D‘Attack huet stattfonnt, kuerz nodeem d‘Presidente vu Frankräich an den USA ugekënnegt hunn, eng „staark Äntwert op den Asaz vu chemesche Waffen“ ze hunn. Den Ugrëff huet um 04:30 Auer stattfonnt, d‘Zuel vun den Affer ass nach net bestätegt.
Am Abrëll 2017 hat den US-President, als Äntwert op eng Gasattack op Khan Cheikhoun – mat 80 zivillen Affer – eng Militärbasis zum Ofschoss fräi ginn. Washington bestreit awer mam Beschoss vum Fluchhafen Tayfur näischt ze dinn ze hunn. Bleift nach d‘Méiglechkeet, datt et Israel ass, wou hannert der Attack op de Fluchhafe stécht. Israel huet dës Spekulatioun net kommentéiert.
mat AFP
Foto: Obwuel déi syresch Regierungstruppe gutt an der Stad Douma virukommen, soll de Regimm um Samschdeg hei chemesch Waffen agesat hunn. Damaskus, zesumme mat Moskau an Teheran, bestreiden den Asaz a gesinn an de Beschëllegungen eng Provokatioun vum „Westen“. © Stringer/AFP