Search

You may also like

Zu Hesper sinn der Gemeng ronn 3 Milliounen Euro abhande komm
Neiegkeeten

Zu Hesper sinn der Gemeng ronn 3 Milliounen Euro abhande komm

Datt et dem CSV-Buergermeeschter vun Hesper, Marc Lies, den Ament

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht
Neiegkeeten

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden
Neiegkeeten

COVID-19: Onnéideg Auslandsreesen ginn ofgeroden

De Lëtzebuerger Ausseministère réit dovun of, onnéideg Reesen an d’Ausland

D‘Biergerinitiativ Wäisswampech gëtt keng Rou

D‘Biergerinitiativ Wäisswampech gëtt keng Rou

D‘Asbl Biergerinitiativ Gemeng Wäisswampech wëll sech net domadder zefridde ginn, datt de Buergermeeschter Henri Rinnen no Loscht a Laun iwwert d‘Käpp vu sengen Administréierten Decisiounen hëlt, nodeems déi sech an engem Referendum géint de Projet „Suneo Park“ beim Wäisswampecher Séi ausgeschwat haten.

Dëse Referendum, deen am August 2019 stattfonnt huet, war gemooss um Ausgang „kloer“ géint d‘Erriichtung vun engem Hotelkomplex mat 86 Kummeren, zu deenen nach 88 Vakanzenhaiser derbäi kommen. Deemools waren 328 Stëmme fir a 494 Stëmmen dergéint nom Referendum gezielt ginn. An awer krut de Lamy-Grupp Enn November eng Baugeneemegung.

Am Januar hat sech de Pool Holweck, President vun der Biergerinitiativ, nach méi missen iergeren, well der Biergerinitiativ säitens dem Inneministère bestätegt gouf, datt et bei dësem Projet zolidd Irregularitéite gëtt. De Parquet huet missen eng Enquête an d‘Wee leeden. Woubäi nach ze soen ass, datt de Projet „politesch“ ofgeseent gouf. Dat ënnert wuel net esou ganz agreabelen Ëmstänn.

Fakt ass, datt sech de Schäfferot duerchgesat krut an och déi zoustänneg Ministèren (Interieur an Environnement) dem onséilege Projet gréng Luucht erdeelt hunn. Wann ee bedenkt, datt hei 40 Hektar Land op engem touristesch héich attraktive Site, op 99 Joer zum Präis vu 25.000 Euro/Joer un ee belsche Promoteur ofgetruede ginn, kann een den Onmutt vun der Biergerinitiativ verstoen.

Fir d‘Membere gëtt et allerdéngs net virrangeg ëm d‘Geld dat sech d‘Gemeng mat dësem Bail „emphytéotique“ séchere wëll. Hei géif sech un der Natur a geschützte Biotope vergraff. Mam Projet, esou wéi e virgestallt ginn ass, géif grousse Schued ugeriicht deen ni méi gutt ze maachen ass. D‘Asbl behaapt sech och drop, datt hei keng seriéis Impaktstudie gemaach ginn ass.

Si akzeptéieren esou och net, datt de „gréngen Daach“ an de Waasseropfankbassin nieft dem Hotel als „kompensatoresch Mesure“ fir den un der Natur ugeriichte Schued sollen ugeholl ginn. Zudeem gëtt drop higewisen, datt et beim Projet vum Reamenagement vum Séi ni zu enger ëffentlecher Ausschreiwung komm ass, an aner Iddie vu vireran ausgeschloss goufen. An elo geet et dann duer.

D‘Asbl Biergerinitiativ Gemeng Wäisswampech geet elo virun d‘Verwaltungsgeriicht, fir dem Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch, seng Decisioun vum 14. September unzefechten. Domat net genuch: och bei der EU-Kommissioun wäert eng Plainte deposéiert ginn, dat wéinst engem däitleche Verstouss géint EU-Recht. Et ass eng gewoten a sécherlech och net bëlleg Ugeleeënheet.

A well d‘Asbl net genuch Finanzmëttel huet, riicht si e Solidaritéitsappell un d‘Residenten. Wien also weess wourëms et geet an der Meenung ass, datt een dëse Kampf sollt ënnerstëtzen, deen ass agelueden ze spenden. All Euro deen um Konto LU02 0019 5355 8197 0000 mat der Mentioun „Nee zum Seneo Park“ ukënnt, ass net nëmme Wëllkomm mee gëtt wierklech gebraucht.

Foto: © Office du Tourisme Weiswampach / visit éislek

Related topics Biergerinitiativ Gemeng Wäiswampich, Henri Rinnen, Inneministère, Lamy Group, Parquet, Pol Holweck, Suneo Park, Wäisswampech
Next post Previous post