Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…
dating pregnancy radiology

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…

Am Prisong zu Schraasseg ramouert et, d‘Prisonéier sinn onzefridde well

mobile dating sites australia
dating pregnancy radiology

online dating search without joining

Paweesteng géint Tréinegasgranaten, zerstéiert Geschäftsvitrinnen e sëlleche Verletzter an honnerte

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an
dating pregnancy radiology

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an

Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën,

Asexueller hu keng Loscht op Sex – mee op Léift!

Vill Viruerteeler ëmginn den Thema Asexualitéit

Asexueller hu keng Loscht op Sex – mee op Léift!

Iwwert Asexualitéit gëtt net vill geschwat. Dobäi trauen sech Asexueller ëmmer méi oppen iwwert hir Bezéiungen ze schwätzen. Dobäi gëtt schnell kloer, datt net vill Leit wëssen, wourëmmer et geet. Et ass awer ganz einfach: Asexueller kënne wuel romantesch Gefiller hunn, verspieren awer keng sexuell Unzéiung. Mir hunn e Gespréich mat der Soziologin a fräier Journalistin Julia Maria Zimmermann iwwert des sexuell Ausriichtung gefouert.

Asexualitéit, wéi och aner Sexualitéiten, ginn haut méi wouer geholl wéi jee. Mee sinn dës Phänomener nei?

Julia Maria Zimmermann: Et ass richteg, datt iwwer Asexualitéit säit ongeféier der Joerhonnertwenn méi geschwat gëtt, wat iwwregens eréischt duerch den Internet an d’Online-Vernetzung tëscht asexuelle Mënsche méiglech gemaach ginn ass.

Tatsächlech gouf schonn ronderëm 1900 fest gehalen, datt et nieft Hetero, homo- a bisexuelle Mënschen och asexuell Mënsche gëtt

D’„Phänomen”, datt sech Mënschen op eng net sexuell Weis fir anerer interesséieren, dierft awer sou al sinn, wéi all aner Sexualitéit och. Nëmmen, wéi Homo-, Hetero-, Bisexualitéit gouf Asexualitéit eréischt am 19. Joerhonnert als „sexuell Identitéit” fir déi deemools (eréischt entstoend) Sexualfuerschung interessant. Tatsächlech gouf schonn ronderëm 1900 fest gehalen, datt et nieft Hetero, homo- a bisexuelle Mënschen och asexuell Mënsche gëtt, z.B. beim bekannte däitschen Sexualfuerscher Magnus Hirschfeld. 50 Joer mi spéit huet den amerikanesche Sexualfuerscher Alfred Kinsey eng Studie iwwert d’Sexualverhale vu Männer a Fraen duerchgefouert, an där hie virun allem eraus fonnt huet, datt d’Grenzen tëscht Hetero- an
Homosexualitéit fléissend sinn. En huet awer och festgehalen, datt et eng Grupp gëtt, déi weder zum gläichen, nach zum anere Geschlecht (sou binär war dat deemools) nach zu béide Geschlechter Unzéiung gespiert hunn. En huet des Grupp „Grupp X” genannt, a mir wësse praktesch näischt iwwert se, ausser, datt et sech heibäi wahrscheinlech ëm asexuell Mënschen handelt, an datt et se gouf.

Dat sinn zwee bekannte Beispiller vun e puer, déi awer weisen, datt et Wëssenschaftler scho méi laang bewosst ass, datt et Asexualitéit an asexuell Mënsche gëtt, datt si sech awer eigentlech net weider fir den Thema interesséiert hunn. Dat ass eréischt an de leschte 10, 20 Joer mi staarkt geschitt – net zulescht eben, well asexuell Mënschen op sech opmierksam gemaach hunn.

Bedeit Asexualitéit automatesch, aromantesch ze sinn?

Vill asexuell Mënschen empfannen romantesch Zouneigung zu anere Persounen, dat heescht, si wënschen sech eng Bezéiung

Nee. Vill asexuell Mënschen empfannen romantesch Zouneigung zu anere Persounen, dat heescht, si wënschen sech eng Bezéiung, déi „méi wéi  frëndschaftlech” ass, emotional a kierperlech Néi zum Inhalt huet, verschiddener wëlle sech bestueden. Fir des Mënschen ass et wichteg, tëscht sexueller a romantescher Orientéierung ze ënnerscheeden: hier sexuell Orientéierung ass dann asexuell, déi romantesch Orientéierung hetero-, homo-, bi- oder panromantesch.

Fir di meescht Leit ass et wahrscheinlech egal, op ee vun der sexueller oder romantescher Orientéierung schwätzt, well se béides op déi selwecht Aart erliewen, dat heescht, si sinn z.b. bisexuell a biromantesch. Dat muss awer net sinn. Et kann een z.B. Bisexuell mee homoromantesch sinn. Oder  hetero-, homo-, bi- oder pansexuell a gläichzäiteg aromantesch.

Aromantesch bedeit, datt een zwar sexuell Unzéiung verspiert, awer keng romantesch, datt een z.b. net d’Bedierfnes no enger Bezéiung oder eppes ähnlechem huet. Dat heescht net, datt ee „gefillslos” wier, aromantesch Mënsche sinn an den seelenste Fäll ouni Gefiller fir aner Mënschen, si empfannen just keng romantesch Unzéiung, dofir awer vill aner Forme vun Zouneigung, z.b. fir Frënd_Innen oder Famill.

Wann et ëm d’Bestietnes a Bezéiunge geet, spillt fir vill d’sexuell Komponent eng wichteg Roll. Wéi spigelt sech dat an der gesellschaftlecher Reaktioun op Asexualitéit?

Doropper kann ee méi wéi eng Äntwert ginn. Déi ganz kuerz wier, datt natierlech och asexuell Mënschen an enger Welt opwuessen a liewen, an där Sex zu enger „richteger” Bezéiung dobäi gehéiert. Eng Rei vun asexuelle Mënschen a Bezéiungen mat net-asexuelle Partner-Innen ass aus dësem oder villen anere Grënn sexuell aktiv. Anerer wëllen – och aus dëser Iwwerzeegung eraus, Bezéiunge géif et nëmme mat Sex ginn – guer keng Bezéiung agoen.

Déi meescht Asexuell géifen awer wuel zur Usiicht kommen, datt Bezéiungen an Bestietnesser och ouni sexuell Komponent vollwäerteg sinn

Déi meescht Asexuell géifen awer wuel zur Usiicht kommen, datt Bezéiungen an Bestietnesser och ouni sexuell Komponent vollwäerteg sinn, datt also Léift ouni Sex méiglech ass. Do fänken allerdéngs oft d’Problemer un, op alle Fall fir d’Asexuell, déi sech eng Bezéiung wënschen: ideal wier op den éischte bléck wuel eng Partner_innenschaft mat enger (oder e puer) aneren asexuellen Persoun(en), nëmmen – et ginn net vill Asexueller, a fir dann nach den_di „Richteg” ze fannen, ass relativ onwahrscheinlech. Entscheeden sech Asexueller fir eng Bezéiung mat enger net-asexueller Persoun, ass d’Kommunikatioun besonnesch wichteg: wéi gi mir an der Bezéiung mat sexuelle Bedierfnesser ëm? Treffe mer e Kompromëss? Maache mer eis Bezéiung op, ka sech den_déi net-asexuell Partner_in also “vu baussent” der Bezéiung sexuell Befriddegung huelen?

Romantik kann an dëse Bezéiungen eng grouss Roll spillen

An da léiere mir an eiser Gesellschaft, a Medien asw., datt sexuell Intimitéit, datt sexuell Unzéiung den héchsten Ausdrock vun Zouneigung ass. Dat asexuellt Geständnes, datt een den_d’Partner_in net sexuell begiert an/oder keng sexuell Intimitéit wënscht, ka vum_vun der Partner_in als eng Aart Zréckweisung oder Mangel u Léift interpretéiert ginn. Do ass och bei den asexuelle Partner_innen Verständnes gefrot.

Zu gudder Lescht: mir liewe jo net nëmmen an enger zimlech sexualiséierter Gesellschaft, mir liewen an enger Gesellschaft, an där rape culture wäit verbreet ass. D’Virstellung, datt ee Mënschen, déi keen Interesse u Sex hunn, einfach emol „verféiere” oder, schlëmmer, „huele” kéint, ëm se ze iwwerzeegen, datt se et eigentlech dach wëllen, fënnt een jo an enger Villzuel vu Filmer, Bicher a Lidder. Dat ass problematesch fir all Mënschen, net nëmmen Asexueller. Vill asexuell Mënschen, Fraen a Männer, hunn dës Erfahrung awer gemaacht, grad och a Reaktioun op hier Asexualitéit.

Ronderëm d’Asexualitéit ranke sech vill Mythen, sou wéi dat nach bei der Homosexualitéit de Fall war. Gäre gëtt ënnerstallt, et wier Onentschlossenheet oder just eng Phas. En Zeeche fir feelend Kenntnesser oder Akzeptanz?

Sexualitéit entwéckelt sech, mee dat mécht se net nëmmen a Richtung Heterosexualitéit

D’Virstellung, datt Homosexualitéit, awer virun allem och Bisexualitéit eng „Phas” sinn oder eppes mat „Ausprobéieren an Erfahrung sammelen” an der Jugend ze dinn hätt, ass jo leider ëmmer nach wäit verbreet. All Orientéierungen, déi net hetero sinn, mussen anscheinend fir d’éischt mol eng Bewährungsprouf duerchlafen, déi undaueren, bis ee Mëtt Zwanzeg ass. An eréischt dann „däerf” ee vu sech soen, datt ee schwul, lesbesch, bi- oder pansexuell ass, ouni datt een engem mam „Phasenargument” kënnt. Natierlech kënnt et vir, datt jonk Mënschen hier sexuell Orientéierung ausprobéieren – ech perséinlech gleewe jo, datt di meescht Jugendlech eng heterosexuell Phas duerchmaachen. A Sexualitéit entwéckelt sech, mee dat mécht se net nëmmen a Richtung Heterosexualitéit. A verschiddener wëssen ebe scho fréi, wou a mat wiem se sech wuelfillen.

Bei Asexualitéit sinn d’Reaktiounen net anescht, et gëllt ee gären als Spéitbléier, als schei, als usprochsvoll, karriärorientéiert asw. Dat muss net onbedéngt ofwäertend gemengt sinn: Fir di meescht Mënschen ass Sexualitéit normal, richteg an en Zeeche vu Räift. Eng Persoun, di seet, si kéint domat näischt ufänken, erschéngt fir d’éischt emol trouschtbedierfteg, an „dat kann sech nach alles änneren” ass sou eng Aart Trouscht: Keng Panik, däin aktuellen Zoustand, dee jo nëmmen onerdréiglech ka sinn, ass nëmmen temporär. Wat bei deene meeschten Asexuellen awer ukënnt (an aneren sexuelle Mannerheeten och), ass: „Ech kennen deng Identitéit besser wéi s du selwer, wat s du iwwert deng Sexualitéit aussees, ass net richteg”. D’Kommunikatioun geschitt also op op mannst zwee Niveauen, déi guer net mateneen a Kontakt kommen.

Ech denken, datt dat weder eppes mat mangelndem Wëssen oder Akzeptanz ze dinn huet, oder villäicht éischter: mat béidem. Am Phasenargument weist sech engersäits eng Onkenntnes doriwwer, wat Asexualitéit iwwerhaapt ass, bzw., datt et näischt ass, wourënner Asexueller noutwennegerweis leiden. Et weist sech awer och e Mangel un Akzeptanz vun der Ausso vun deem, deen engem géintiwwer ass, iwwert sech selwer. Dat ass awer eppes, wat vill marginaliséiert Gruppe kennen. Opklärung hëlleft do sécherlech, awer och Wëssen iwwert d’Villfalt vun der Normalitéit bzw. Wéi Normalitéit op verschidde Weisen erlieft ka ginn.

Firwat sollt ee sech fir Asexualitéit interesséieren?

Mol ofgesinn dovunner, datt et jo ni verkéiert ass, sech fir déi Saachen ausserhalb vum eegenen Tellerrand ze interesséieren, hunn ech schonn e puer mol an Diskussiounen oder op Schoulungen, déi ech ginn hunn, erlieft, datt bei den net-asexuelle Gespréichspartner_innen eng Aart Aha-Moment koum, e Moment, dem se wouer geholl hunn, wéi vill d’Gesellschaft op Sexualitéit gepoolt gëtt, a wéi onsënneg dat a verschiddene Fäll och fir Net-Asexueller ka sinn. Et kéint also en Angebot sinn, d’Welt mat aneren An wouer ze huelen. Dat ass jo am Grond ni e Verloscht.

Wat ech och schonn ëfters erlieft a vun aneren héieren hunn: a ville Fäll kënnt, wann ee Mënschen eppes iwwert Asexualitéit erzielt, d’Reaktioun: “Ech mengen, mäi/meng iergendee Familljemember ass och asexuell…!” Et kéinten also méi Leit asexuell sinn, wéi een ursprénglech gemengt huet. Natierlech ginn et net all ze vill Asexueller, mee et ginn der, an et gëtt definitiv d’Wahrscheinlechkeet, datt vill Leit Mënschen an hirem Ëmfeld hunn, déi asexuell sinn oder op um asexuellen Spektrum existéieren.

Fillen Asexueller sech bei der LGBT-Berichterstattung a Protester representéiert?

Dat ass schwéier ze soen, well dat empfannen Asexueller ganz ënnerschiddlech: e puer identifizéieren sech guer net mat LGBTIQ+-Themaitken a fille sech folgerichteg guer net do representéiert, fannen dat awer och net weider problematesch.

Anerer empfannen sech als Deel vun der LGBTIQ+-Gemeng, huelen z.b. mam asexuelle Fändel u Paraden deel. Hei gëtt et dann erëm ënnerschiddlech Erfahrungen, déi och domat zesummen hänken, wéi oppen déi jeeweileg Communautéite sinn: An den USA schéngt e am Moment zimlech Kämpf  dorëm ze ginn, op Asexuell „queer” an domatter LGBTIQ+ sinn, e puer (LGBTIQ-Mënschen) fannen, datt sougenannte „cishet aces”, also Cisgeschlechtlech, heterosexuelle Asexuelle definitiv net queer sinn an domat an der Communautéit näischt verluer hätten. Vill anerer gesinn dat guer net esou, a grad Asexueller froe sech oft, firwat se als heterosexuell bezeechent ginn, obwuel se asexuell sinn.

Ech hu vill grousst Interesse säitens der LGBTIQ+-Gemeng erlieft, Asexualitéit als Thema opzegräifen

Ech hunn d’Erfarung gemaacht, datt des Debatt an Europa bei wäitem net esou krass ass. Ech hu vill grousst Interesse säitens der LGBTIQ+-Gemeng erlieft, Asexualitéit als Thema opzegräifen, sech ze informéieren an dobäi ëmmer och asexuell Mënsche mat an ze bannen. D’Oppenheet ass also do, op béide Säiten, an dat ass e wichtege Schrëtt, domat sech Asexueller an der Berichterstattung an an de Pride-Parades representéiert fille kënnen – falls se dat wëllen.

Firwat gëtt Asexualitéit, wéi och Pansexualitéit an aner sexuell Orientéierunge, deels dout geschwigen?

Ech hunn d’Gefill, datt sech hei ganz vill deet. An Däitschland enthale zb. d’Befroungen vun der Antidiskriminiéierungsstell vum Bond mëttlerweil bei der sexueller Orientéierung d’Äntwertméiglechkeet „asexuell”. Et kommen ëmmer méi Artikel eraus, déi, jo, heiansdo räisserech sinn, awer ëmmer méi och Akzeptanz fërderen. An den Ënnerhalungsmedie fanne sech nach net all ze vill asexuell Gestalte, mee viru kuerzem gouf an der Netflix-Animatiounsserie Bojack Horseman enthüllt, datt eng vun den Haaptfiguren, Todd Chavez, asexuell ass.

Natierlech ass et wichteg, datt Asexualitéit ganz vill méi als Deel vun der Normalitéit wouer geholl gëtt – virun allem fir asexuell Mënschen. Mee wa mer mol vun de Medie schwätzen: Ech denken, et kéint Filmer, Serie a Bicher ganz gutt doen, ze entdecken, datt ee spannend a réierend Geschichten erziele kann, ouni, datt een onbedéngt eng Sexzeen abaue muss.

Bei der Pansexualitéit ass dat villäicht erëm eppes anescht: hei gëtt jo och direkt d’Virstellung vun der Zweegeschlechtlechkeet eraus gefuerdert. Do hänkt nach eng ganz aner Problematik dran. Genau sou wéi d’Virstellung, datt een op méi als ee Geschlecht „stoe” kann: pan- a bisexuelle Mënsche gëllen dann oft als promisque oder „ondecidéiert”, bzw. Eng aktuell Partner_innenschaft gëtt als „Entscheedung” fir déi Hetero- oder Homosäit interpretéiert.

An der LGBT-Communautéit gëtt dem Coming-Out e grousst Gewiicht ginn. Wéi gesäit dat bei der Asexualitéit aus? Wéi eng Folge kann esou ee Coming-Out hunn?

Dat gesäit bei der Asexualitéit genau sou aus, och an alle Schattéierunge: datt de Coming-Out e Prozess ass, bei där ee sech selwer, also d’Eegendefinéierung, ufänkt, déi ënnerschiddlech Gruppe mat abezitt, bei deene sech geoutet gëtt oder och net, an och déi méiglech Folgen – vun  Ënnerstëtzung iwwer Gläichgëltegkeet bis hin zur Ofleenung oder Entwäertung – kënne ganz ähnlech sinn.

Ech weess net, wéi et an anere Communautéiten ausgesäit, mee vill Asexuel si ganz sensibel, wann et dorëmmer geet, d’Recht sech virzebehalen, sech net outen ze wëllen. Et ginn jo ëmmer Mënschen, asexuell, homosexuell, bisexuell asw., déi sech aus verschiddene Grënn net oute wëllen, z.B. Well se et als potenziell geféierlech empfannen. Ech hunn den Androck, datt dëst an asexuelle Communautéiten vill respektéiert gëtt, an datt vill Onlinegruppen, zb. op Facebook, dowéinst Wäert doropper leeën, geschützte Reim bereet ze stellen. Ech si selwer Moderatorin an enger Grupp, déi explizit och fir net-geoutet Asexueller eng Plaz bitt, an dowéinst och am Numm net direkt als asexuell Grupp ze erkennen ass.

Doduerch, datt Asexualitéit nach relativ onbekannt ass, kann et sinn, datt einfach nach méi Nofroe kommen

Wéi gesot, d’Folgen vun engem Coming-Out si bei Asexuelle vermuttlech net vill anescht wéi bei Schwule, Lesben, Bi-, Pansexuellen oder Transpersounen. Doduerch, datt Asexualitéit nach relativ onbekannt ass, kann et sinn, datt einfach nach méi Nofroe kommen: Wat ass dat? Heescht  dat, datt – an da kënnt iergendeng ganz intim Fro-? Kann dat net iergendeppes hormonelles/psycheches/etc. Sinn? Donieft gëtt et dat üblecht  Geschwätz vu Phasen, dem_der Richteger, oder och d’Befirchtung, et misst een eleng stierwen oder kéint den Eltere keng Enkelkanner schenken. Awer och Unerkennung an Ënnerstëtzung, natierlech.

Ähnlech Sujeten Asexualitéit, Gesellschaft, Léift, LGBT, Sexualitéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel