Search

You may also like

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz
International Neiegkeeten

Neit Loyersgesetz: Investitiounsschutz amplaz Locatairesschutz

Dat vum Wunnengsbauminister Henri Kox iwwerschafft Loyersgesetz ass kee grousse

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
International Neiegkeeten

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

Rekord-Clean-Up: 103 Tonnen an 48 Deeg aus dem Pazifik gefëscht
International Neiegkeeten

Rekord-Clean-Up: 103 Tonnen an 48 Deeg aus dem Pazifik gefëscht

No iwwert annerhallwem Mount um Pazifik huet d’Ekipp vum Ocean

Asiatesch Äiszäit erlieft politesche Klimawandel

China an Taiwan dréinen sech aus Prinzip déi kal Schëller zou, elo erhëtzen sech awer d‘Gemidder

Asiatesch Äiszäit erlieft politesche Klimawandel

Taiwan, ass eng Insel déi dat kommunistescht China fir sech beusprocht, firwat Peking mat allen Natiounen déi et gewot un d‘Republik China unzëerkennen, just déi noutwennegst diplomatesch Bezéiungen ënnerhält. D‘USA, déi en eppes anert Gewiicht hunn, zielen zu den Ausnamen, sinn allerdéngs och ëmmer nees drun interesséiert, Ueleg an d‘Feier ze géissen, wann et sech ergëtt.

Esou schonn am August 2019, wou sech Taipeh a Washington ee Waffendeal an Héicht vun 7,2 Milliarden US-Dollar vergënnt haten. Heibäi war ënnert aneren ëm d‘Acquisitioun vu 66 F16-Kampfjets gaangen. Den Deal gouf sengerzäit vum gréissten Diplomat aller Zäiten, Donald Trump, als Zeeche vum „Vertrauen tëscht den Natiounen“ an der regionaler Stabilitéit presentéiert.

Zu Peking waren se „not amused“, dat besonnesch nodeems de Pressespriecher vum taiwanesche Präsidium, Joseph Wu, erkläert huet, datt dëst Geschäft derzou géif bäidroen, datt de Fridden an der Taiwan-Strooss geséchert an d‘Demokratie op der Insel erhale bleift. Taipeh huet mat dësem Deal Verdeedegungsbereetschaft annoncéiert an op déi reell existent chinesesch Bedreeung reagéiert.

Richteg ass, datt China iwwert déi lescht Joren, seng maritim Presenz am südchinesesche Mier ëmmer weider ausgebaut a verstäerkt huet. Och am Himmel weist déi chinesesch Arméi, wien de Loftraum beherrscht. Chinesesch Kampffliger dréngen dann och ëmmer méi déif an déi taiwanesch Loftraumiwwerwaachungszon. Bedreelech Virfäll huet et bis ewell zum Gléck nach keng ginn.

D‘Zäit fir ee Konflikt wier gënschteg

Well Peking et also offensichtlech op d‘Insel ofgesinn huet – wat laang net esou einfach ze maachen ass wéi dat mat Hong Kong gelaf ass – muss Taipeh oprëschten. No de Fliger am leschte Joer, huet d‘Regierung vun Taiwan, elo vun den USA Rakéiten an aner Waffesystemer kaf. Nees ee Geschäft dat dem US-President am Wahlkampf entgéint kënnt, a gläichzäiteg den Dissens oprecht erhält.

Fir ze streide brauch bekanntlech ëmmer ee puer Dommer, an esou feelt et och dem Xi Jinping net u Kreativitéit, wann et drëms geet de Kontrahent erauszefuerderen. Rezent huet dat kommunistesch China grouss Manöver organiséiert an dat alles iwwert d‘Staatstëlee ausgestraalt. Op dat schonn de Versuch vun Aschüchterung ass oder een nach an der Phas vun der Ofschreckung war?

Gewosst ass jo, datt Volleksrepublik China d‘Insel Taiwan als eng oftrënneg Provënz betruecht, also quasi als chineseschen Territoire, deen et gëllt nees an dat eigentlecht Staatsgebitt anzeglidderen. Dat gesinn d‘Bierger op der demokratesch regéierter Insel wuel eppes anescht, an den Ëmgang mat Hong Kong, mécht jo och däitlech, datt d‘Bierger vun Taiwan näischt derbäi ze gewannen hätten.

Territorial Integritéit hierstellen

Peking geet et kloer drëms déi territorial Integritéit nees hierzestellen: den Tibet ass besat, d‘Uigure vun der Provënz Xinjiang goufen nees op Linn bruecht an Hong Kong ënnerläit elo och der Partei a jidderee schéngt dat esou och elo unerkannt ze hunn. Et geet jo och ëm „Business“. Eigentlech feelt zum „Panda-Gléck“ elo nach den Uschloss vun Taiwan, deen sech awer net esou liicht maache léist.

Taipeh ass net Deel vun de Vereenten Natiounen, well dat vu Peking net erwënscht ass. Dat awer verhënnert net, datt Taiwan onofhängeg ass a seng Autonomie noutfalls (mat der frëndlecher awer mat Käschte verbonnen, Ënnerstëtzung vun den USA) militäresch verdeedege wäert. Datt d‘Insel, op déi aktuell ronn 1.500 Kuerz- a Mëttelstreckerakéiten ausgeriicht sinn, am Fall vun enger bewaffenter Ausenanersetzung näischt ze radetten hätt, déi Analys huet och Washington virleien.

Interessant ass dann och de Constat, datt obwuel d‘Insulaner ëmmer scho mat der chinesescher Bedreeung liewen, si sech ëmmer méi op eng Invasioun virbereeden. Si sinn nämlech der Meenung, datt wann de „Westen“ scho vun enger méiglecher „Iwwernam“ – och oder grad mat militäresche Mëttel – schwätzen, et just d‘Fro vum Zäitpunkt ass, wéini Volleksarméi zu Taiwan amarschéiert.

mat indymedia/tpe/lax

Illustratioun: Taiwan… dat anert China, wou d‘Bierger sech un eng vun den USA geséchert, dofir awer käschtespilleg Demokratie klameren. Och Lëtzebuerg huet Taiwan ni offiziell unerkannt, an och Geschäftsbezéiunge ginn éischter am „stëllen“ ënnerhalen. © Kon Karampelas / unsplash

Related topics China, Taiwan, Territorial Uspréch, USA, Waffendeal
Next post Previous post