Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iechternach: Feierlaun beim Séi.
Neiegkeeten Stories

Iechternach: Feierlaun beim Séi.

Fir déi mëttlerweil 35. Kéier, konnt een och erëm leschte

Aweiung vum Zukunftsbësch: 101 Beem vum a fir d’Liewen
Neiegkeeten Stories

Aweiung vum Zukunftsbësch: 101 Beem vum a fir d’Liewen

Leschte Samschdeg sollt ee freedege Moie bereet halen: Ronn 100

Galerie: American Roadrunners Lëtzebuerg
Neiegkeeten Stories

Galerie: American Roadrunners Lëtzebuerg

All Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu WEIDER ARTIKEL ZUM THEMAE

Asperger ass net gläich Asperger!

Asperger ass net gläich Asperger!

„Du bass Asperger? Da bass de jo e Genie!“ oder „du gesäis dach guer net esou aus, wéi een deen Autismus huet!“ sinn nëmmen 2 Aussoe vu villen, déi sech asperger-autistesch Persounen ëfters eemol unhéiere mussen.

D‘Asperger Syndrom gehéiert zum Autismus-Spektrum. Autismus, eng neurologesch Entwécklungsstéierung, ass kee seelenen Handicap. Et gëtt geschätzt, dass ongeféier 1 vun 100 Persounen dovu betraff ass. Dat bedeit, dass et eleng hei zu Lëtzebuerg, méi wéi 6000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung, a verschiddener dovu mam Asperger-Syndrom, gëtt.

Mä, wéi d’Wuert et scho seet, ass et ee Spektrum. Dat bedeit, dass Autismus een Handicap ass, deen sech bei all Persoun méi oder manner staark weise kann an dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn. An trotzdeem gëtt an de Medien oft just ee Bild vun Autismus gewisen: nämlech Leit, déi héichintelligent sinn an eegenaarteg, charakterlech Opfällegkeeten hunn.

Asperger

Sou ass et dozou komm, dass sech dat Bild vum bekannte Film „Rainman“ an de Käpp vun de Leit befestegt huet an dass déi mannste wierklech wëssen, wat Autismus da lo genee ass.

Mä, wéi eng Viruerteeler, déi et iwwert d’Asperger Syndrom ginn, entspriechen dann elo der Wourecht? Fir e méi reaalt Bild iwwert d’Thema ze kréien, hunn ech mech mam Sam, eng erwuesse Persoun mat Asperger, getraff. Hien huet mir aus senger subjektiver Siicht erkläert, wat hien iwwert dës eenzel Viruerteeler denkt a wéi eng Auswierkungen den Autismus op säi Liewen huet.

Wéi géifs du, als betraffe Persoun, d’Asperger Syndrom beschreiwen?

An der grousser Majoritéit wierkt sech d’Asperger Syndrom virun allem op d’Sozialliewen aus. Dat bedeit, dass mir oft Schwieregkeeten dobäi hunn, déi nonverbal Kommunikatioun richteg ze deiten, Bindungen zu anere Leit opzebauen, souwéi eis an enger sozialer Aktivitéit ze integréieren.

Aner Problemer, déi d’Asperger Syndrom mat sech bréngt, kënnen zum Beispill sinn: eng séier Reizüberflutung, an eng doduerch méi schnell Ermiddung, Organisatiounsschwieregkeeten, Imaginatiounsschwieregkeeten a Koordinatiounsschwieregkeeten.

Dëst kléngt natierlech elo op den éischte Bléck alles negativ. Mä d’Asperger Syndrom huet ganz wuel och seng positiv Säiten: Mir hunn oft e bessert Gediechtnes wéi déi neurotypesch, also Leit ouni Autismus, Majoritéit. Zudeem hu mir en Ae fir Detail. An ech géif och nach soen, dass mir asperger-autistesch Leit oft ganz guttmiddeg, respektvoll a feinfühleg Persoune sinn.

Géifs du soen, dass Leit mam Asperger Syndrom bewosst sozial Kontakter vermeiden?

Dat ass wierklech eppes, wat een oft héiert. Falsch ass, dass asperger-autistesch Leit guer kee soziale Kontakt wëllen. Richteg dogéint ass awer, dass mir méi Zäit fir eis a fir eis ze regeneréiere brauchen. Aus dësem Grond vermeide mir a gewëssene Situatiounen oft de Kontakt zu anere Leit well et eis dee Moment ze vill ustrengt oder mir och einfach mol ze midd si fir sozialen Aktivitéiten nozegoen. Obwuel mir dat villäicht gäre maache wéilte mee et dee Moment einfach net maache kënnen. Wichteg awer ze erwänen ass, dass all Persoun mat Autismus en ënnerschiddlecht staark Bedierfnes fir sozial Kontakter huet.

Mä, Empathie empfannen an sech a säi Géigeniwwer eraversetzen, dat geet guer net, oder..?

Et ass definitiv net richteg, dass mir keng Empathie hunn, och wann dat ganz oft esou gezielt gëtt. Ech géif souguer soen, dass vill Leit aus eiser Communautéit méi empathesch sinn, wéi neurotypesch Leit, well mir d’Emotioune vun eise Matmënsche méi staark opsauge kënnen. Oft kënnt et just net esou eriwwer, well mir et éischtens net esou staark un eis erun loosse wëlle fir eis selwer ze schützen an zweetens oft net richteg wëssen, wéi mir am beschten an der jeeweileger Situatioun reagéiere sollen.

Ass et dann elo wouer, dass all Leit mam Asperger Syndrom héich intelligent, esou wéi de “Sheldon Cooper” aus “Big Bang Theory”, sinn?

De Problem ass, dass oft e Lien tëschent dem Asperger an dem sougenannte “Savant” Syndrom, bei deem ee wierklech eng speziell Gabe a besonnesch Fäegkeeten huet, gemaach gëtt. Beim Asperger Syndrom ass dat allerdéngs net de Fall. De Problem ass och, dass et ganz oft a Filmer an a Serien, wéi ebe beispillsweis bei Big Bang Theory, esou duergestallt gëtt, wéi wann Asperger-autistesch Persounen all héichintelligent wieren. Och wann et der zwar wuel ginn, déi eng Héichbegabung hunn, sou ass dach laang net all Persoun mat Asperger héichintelligent. Ech géif souguer soen, dass just déi mannste betraffe Persoune wierklech héich intelligent sinn.

Wéi ass et dann domat, dass Leit mam Asperger Syndrom, kee richtegt Gespréich féiere kënnen?

Dëst hänkt vun der Persoun, awer virun allem och vun der Situatioun of. Et stëmmt awer, dass mir oft wärend dem Gespréich mat de Gedanken enzwousch anescht sinn a mir eis villäicht net sou laang op d’Gespréichsthema konzentréiere kënnen. Hei hänkt et awer och ganz vill vum jeeweilege Gespréichspartner of, an ob een déi aner Persoun scho kennt, oder nach net. Sinn ech mat der Persoun op enger Wellelängt? Kënnt dës Persoun op mech duer an huet si Verständnis géigeniwwer menger Situatioun? Grad wann ee mat enger Persoun schwätzt, déi kee Verständnis huet, fält et engem oft méi schwéier, e richtegt Gespréich ze féieren.

Op awer elo eng asperger-autistesch Persoun vu sech aus e Gespréich ufänkt, hänkt ganz vun der Persoun of. Ech selwer hunn normalerweis kee Problem domat, e Gespréich unzefänken, kann awer do elo wierklech just fir mech schwätzen.

Dann ass et och richteg, dass mir Schwieregkeeten domat hunn, Small Talk ze féieren.

Sech dem Ëmfeld an der Situatioun upassen, ass och net ëmmer sou ganz einfach, oder?

Et ass richteg, dass et eis méi schwéier fält, eis a gewëssene Situatioune richteg unzepassen an dat ze maachen, wat vun eis erwaart gëtt. Mä och hei hänkt et rëm vill vun der jeeweileger Persoun souwéi och vun der Situatioun of. Wann ee vun der anerer Säit Verständnis entgéintbruecht kritt, an een sech selwer wuel fillt, fält et engem automatesch méi einfach sech unzepassen.

Eppes, wat ee ganz oft héiert: Autismus ass eng Krankheet.

Dëst ass einfach falsch. Autismus ass eng neurodivers Verhalensform, a keng Krankheet. Eng Krankheet kritt ee eréischt am Laf vum Liewen an ass och heelbar. Autismus ass eng neurologesch Entwécklungsstéierung, mat der een op d’Welt kënnt. Et huet een et vun Ufank un an et bleift bis zum Liewensenn. Et ass net heelbar, well et keng Krankheet ass, an et gëtt do och näischt, wat muss geheelt ginn, an et ass och net ustiechend.

Krus du schonn eemol gesot, dass du guer net esou ausgesäis, wéi ee mat Autismus?

Ech krut tatsächlech schonn eemol gesot, dass ech vill ze “normal” ausgesinn, fir Autismus ze hunn. D’Fro, déi ech mir da stellen, ass: Wat erwaarden sech d’Leit, wéi Autismus soll ausgesinn? Sécher ass, dass et keen optescht Bild vun Autismus gëtt. Zemools asperger-autistesche Persoune gesäit een et oft net un, dass si Autismus hunn.

En Interview vun der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg. Merci un d’Jodie Schmit.

Ähnlech Sujeten Asperger-Syndrom, Autismus, FAL, Fondatioun Autismus Lëtzebuerg, Gespréich, Intelligenz, Interview, Jodie Schmit, Reizüberflutung, Schwieregkeeten, sozial Kontakter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel