Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Fernanda Strange an der Brasserie K116!
Neiegkeeten Stories

D’Fernanda Strange an der Brasserie K116!

Och am September kann d’Brasserie K116 nees musikalesch iwwerzeegen. Dës Kéier

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst
Neiegkeeten Stories

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst

Ganzer 25 Joer engagéiert sech schonn eis Arméi bei militäreschen

Jugend-Chômage: Et muss elo gehandelt ginn
Neiegkeeten Stories

Jugend-Chômage: Et muss elo gehandelt ginn

Datt déi sanitär Kris, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, net

Mat engem IQ vun 143 duerch d‘Kandheet

Wann d’Asperger-Syndrom mat enger héijer Intelligenz zesummen trëfft

Mat engem IQ vun 143 duerch d‘Kandheet

„Pappa, wéi ass et eigentlech nom Urknall zu der Entstehung vun de Planéiten an zum Ursprong vum Waasser komm?“ Kuerz nodeems de Papp em Noé gutt Nuecht gesot huet an en grad Dier zou klensche wollt, koum des Fro wéi aus dem Näischt. Säin Papp ass allerdéngs mëttlerweil schonn drun gewinnt, dass nach kuerz virum schlofe goen esou komplizéiert Froen op hien duer kommen.

Den Noé ass 11 Joer al, spillt gäre mat klenge Lego-Stécker a léisst senger Kreativitéit fräie Laf am Videospill „Mindcraft“. Zesumme mat sengen 3 Geschwëster, dem Leona (7), dem Lex (5) an dem Taya (9), a sengen Elteren, dem Mandy (34) an dem Charel (32), mécht hie reegelméisseg Camping-Vakanze mat der Familljen-Roulotte.

Des Vakanze mussen allerdéngs am viraus detailléiert geplangt sinn, esou dass den Noé och ëmmer ganz genau weess, wou et higeet. Den Noé huet nämlech Asperger.

Den Asperger-Syndrom ass eng liicht Form vun Autismus, déi heefeg mat enger héijer Intelligenz zesummen trëfft. Betraffe Kanner entwéckelen sech am Ufank meeschtens onopfälleg, d’Sproochentwécklung verleeft awer ganz normal. Mënsche mat dem Asperger-Syndrom sinn heefeg motoresch ongeschéckt, weise grouss Problemer am sozialen Ëmgang op an evitéieren de Kontakt zu anere Mënschen. Sie widmen sech oft ausgepräägte Speziell-Interessen.

Des Symptomer treffen och alleguer, mol méi mol manner ausgepräägt, op de klengen Noé zou. Mat engem IQ vun 143 widmet hien sech ganz bestëmmten Interessen, wéi zum Beispill der Mathe an den Naturwëssenschaften. Schonn am Alter vu 6 Joer wousst hien, dass en well Astrophysiker bei der NASA ginn, an dat huet sech och bis haut nach net geännert.

Asperger-Syndrom

Den Noé, seng dräi Geschwëster an Elteren genéissen d’Vakanzen um Camping. Och hei wëll den Noé iwwert all Detail bescheet wëssen – Foto: Mandy Ludig

„Den Noé ass net anescht, mee en ass eenzegaarteg“

Nodeems sengen Elteren ëmmer méi opgefall ass, dass hire Jong sech aneschters entwéckelt wéi seng Geschwëster an nodeems och mat der Zäit ëmmer méi Schwieregkeeten an der Schoul opgetaucht sinn, hunn seng Elteren sech dozou entscheet, eng Diagnose bei der Fondation Autisme Luxembourg (FAL) unzefroen an hie soumat op den Autismus-Spektrum ze testen. „Ech soen net gär, dass den Noé aneschters ass, mee en war eben den Noé, en war eenzegaarteg. Als Kand war hien extrem brav a konnt sech 3 Stonne laang mat der selwechter Spillsaach beschäftegen.“, sou seng Mamm.

Wou d’Famill dunn bei der FAL Diagnose Asperger fir den Noé krut, waren si frou, dass si ab elo en kloren Numm fir säin „anescht sinn“ haten a konnten him esou och geziilt hëllefen, besser duerch den Alldag ze kommen.

Fir den Noé allerdéngs war Diagnose eng Erausfuerderung. Vue dass hien alles bis an de klengsten Detail a Fro stellt, huet hien sech selwer a Fro gestallt. D’Tatsaach, dass hien elo wierklech „aneschters“ ass wéi seng Kollegen, war net einfach fir hien an huet him Kappzerbrieches gemaach. Dofir huet säi Papp sech op d’Sich no bekannte Leit mat Asperger gemaach – mat Erfolleg. Nieft dem Albert Einstein an dem Stephen Hawking ass beispillsweis och de Fussballer Lionel Messi Asperger.

Zudeem huet den Noé no senger Diagnose vill Kannerbicher iwwert Autismus gelies. Ënnert Anerem huet him d’Kannerbuchrei „Der Schattenspringer“ immens vill dobäi gehollef, fir d’Asperger Syndrom besser ze verstoen. Dëse Comic roden seng Elteren allen Kanner un, déi grad eng Diagnose Autismus kruten.

Am Moment ass dat klengt Genie awer domat beschäftegt, Bicher vum Astrophysiker Stephen Hawking ze liesen.

„Den Noé an de Cooper sinn een Team“

Wéi seng Mamm eis beschreift, ass den Noé an der Schoul de rouegsten a fält guer net op: „Seng Proffe soen eis ëmmer, wann all Schüler esou wier wéi hien, wier de Schoulalldag richteg angenehm. Fir hien ass d’Schoul och méi wichteg wéi alles aneres. Scho mat 3 Joer wollt hien ufänke mat liesen, an en ass en Ass an der Mathe.“

Zemools an der Schoul huet seng Diagnose, déi en dat lescht Joer bei der FAL krut, konkret Virdeeler. D’Proffen hunn nämlech bei dëser Diagnose bestëmmte Virschrëften, un déi si sech och hale mussen. Wann him eng Situatioun ze vill gëtt, dierf hien de Klassesall fir e puer Minutte verloossen an sech zréck zéien. Zudeem muss hien och beim Sportunterrecht net matmaachen, well ze vill Kanner op enger Plaz beienee sinn, an hien dat ze vill duerchernee mécht. „Si hunn lescht Kéier an der Ethik Thema Gefiller behandelt a kruten eng Hausaufgab, ze schreiwen, wéi si sech an enger hypothetescher Situatioun fille géingen. Em Noé war dëst allerdéngs net méiglech, sech an eng Situatioun eranzeversetzen, an der en sech momentan net befënnt. Dofir krut hien eng aner Hausaufgab.“, sou d’Mandy.

Fir besser duerch den Alldag ze kommen, huet den Noé awer e ganz bestëmmte Begleeder. Säin Hond, en Jack Russell deen op den Numm Cooper lauschtert, begleet hien Dag an Nuecht. Vun Ufank un haten déi zwee eng ganz staark Bindung zoueneen, sou dass de Cooper mëttlerweil zu 100% dem Noé seng Emotiounen erëmspigelt: „Och wann en vun der Definitioun hier keen ausgebilten TherapieHond ass, sou ass en dach de gréissten Halt fir den Noé. En gëtt him Kraaft an hëlleft him, mat senge Schwieregkeeten, déi d’Asperger-Syndrom mat sech bréngt, besser eens ze ginn. Si sinn een Team.“

Asperger-Syndrom

Den Noé an de Cooper – eng super Ekipp! Foto: Mandy Ludig

Der klenger Famill ass et wichteg, vill zesummen ze ënnerhuelen an en ausgepräägt Familljeliewen ze hunn. Nieft hire gemeinsame Camping-Vakanzen hunn si reegelméisseg Familljenowender.

Vue dass den Noé sech allerdéngs gäre mol zréck zitt, fir seng Rou ze hunn, léisst seng Famill him dee Fräiraum, deen hie brauch. Och seng kleng Geschwëster wësse mëttlerweil, dass si him mussen seng Rou loosse wann en well eleng sinn an dass hien op si duer kennt, wann en mat hinnen zesumme spille well. Oft spillt en gäre mat senger Schwëster, dem Taya, zesumme Mindcraft.

„Dat si Froen, déi sech ee studéierte Physiker stellt“

Wéi seng Eltere mir beschreiwen, ass et net ëmmer einfach, en Bouf ze hunn deen esou intelligent ass. Hien stellt oft ganz präzis a komplizéiert Froen, déi si him net beäntwere kennen: „Et gi souguer Deeg, do weess ech moies schonn, dass owes eng Fro op mech duerkënnt, déi mir eng Woch laang Kappzerbrieches maache wäert. Dann gesinn ech moies schonn a sengem Bléck dass hien un eppes um iwwerleeën ass an da weess ech schonn dass iergendwann am Laf vum Dag eng Fro komme wäert, déi mir net méi aus dem Kapp goen wäert. Éischtens, well ech se em net ka beäntweren an zweetens, well ech mech da selwer froen, wéi hien dorop kennt, sech iwwert esoueppes Gedanken ze maachen. Déi Gedanken-Weeër déi hie mécht sinn einfach net sengem Alter entspriechend, dat sinn héchstens Froen, déi sech ee studéierte Physiker stellt“, esou de Charel.

Dass also grad an der Kommunikatioun mam Noé wou een am meeschte mierkt, dass hien „aneschters“ ass. „Déi ganz spezifesch, detailléiert Froen an déi präzis Äntwerten déi hie brauch. An och dass en kee Sarkasmus versteet. Dat fält eis eigentlech am meeschten am Alldag mam Noé op. Mä fir de Recht, vergiesse mir scho mol ëfters, dass hien iwwerhaapt Asperger ass. Mir kennen hie jo och just esou.“, sou d’Mandy.

Als Asperger seet den Noé riicht eraus, wat en denkt. Dëst kann och mol dozou féieren, dass hien seng Klassekomeroden ongewollt beleidegt: „Ech hunn de Mamme vum Noé senge Klassekomerode Bescheed gesot, dass hien Asperger ass. Hien weess net, wéini hien eppes seet wat net ubruecht ass. Esou wëssen si wéinstens, dass hien dat net béis gemengt huet“, erkläert d’Mandy.

„Eis feelt den Austausch hei zu Lëtzebuerg“

Wat der Famill allerdéngs nach feelt, ass den Austausch mat anere Familljen: „Mir wënschen eis, dass all Eltere vu Kanner mat Autismus méi oppe fir dat Thema ginn. Mir sinn der Meenung, dass mir Eltere mat autistesche Kanner mussen zesummenhalen, well grad do ass den Austausch wichteg.“

Heivir huet em Noé seng Mamm esouguer en klenge Facebook-Grupp mam Numm „Autisten zu Lëtzebuerg“ gegrënnt: „Ech hunn dëse Grupp gemaach well mir den Austausch zu Lëtzebuerg feelt. Vill Elteren trauen sech allerdéngs net, oppen iwwert dat Thema ze schwätzen. Mee mir hunn geléiert, dass et dat bescht fir den Noé ass, wann mir oppe fir dat Thema sinn.”

Fir de géigesäitegen Austausch vu betraffene Familljen ze stäerken an och fir aus dem Tabu-Thema Autismus en oppent Gespréichsthema ze maachen, schafft de Service Kommunikatioun vun der Fondation Autisme Luxembourg (FAL) un engem neiem Blog fir op hirer Websäit www.fal.lu. Hei dierfen sech Betraffener an och hier Famillje frei äusseren an dat schreiwen, wat hinne wichteg ass.

En Artikel vum Jodie Schmit – Fondation Autisme Luxembourg (FAL)
Opmaacherbild: Mandy Ludig


Weider Artikelen am Zesummenhang mat der Fondation Autisme Luxembourg:

Ähnlech Sujeten Asperger-Syndrom, Autismus, Famill, Fondation Autisme Luxembourg, Froen, Héichintelligent, IQ, Noé, Schoul, Stéierung, Stephen Hawking, Wëssen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel