Search

You may also like

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!
International Neiegkeeten

BnL: 19.200 digital Jugendbicher si bäikomm!

D’Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg huet méi ewéi 19.200 Jugendbicher an däitscher,

Mir sinn dach all bësse futti?!
International Neiegkeeten

Mir sinn dach all bësse futti?!

No neie Statistike vun Eurostat ass all 4.Persoun, ab dem

12 Doudeger bei Äerdbiewen a China
International Neiegkeeten

12 Doudeger bei Äerdbiewen a China

Bei engem schwéieren Äerdbiewen an der Provënz Sichuan huet et,

Ass den US-President e Rassist?

Laut enger Resolutioun vun den Demokraten am US-Kongress schéngt et erwisen

Ass den US-President e Rassist?

Dem Donald Trump seng via Twitter an der Welt verbreeten „rassistesch a misogyn Äusserungen“ vum leschte Weekend, ware geziilt géint Frae vun der Demokratescher Partei geriicht ginn, deenen hir „friemlännesch“ Wuerzelen dem US-President am Wahlkampf entgéint kommen.

US-President

Hie stéiert sech dann och séier wéineg dorunner, datt d‘Medien an d‘Noriichtesendungen de Sujet weiderhin ufeieren. Wann net „Fox-News“ oder zumindest „Breitbaart“ drop steet, handelt et sech ëm d‘Lige-Press, an dat wichtegst bei engem Wahlkampf ass schliisslech, sech am Zentrum vun der Aktualitéit opzehalen. De Motto, och eng schlecht Reklamm, bleift eng Reklamm…

US-President

Déi vun den Demokraten am US-Kongress agereechte Resolutioun, mat där déi Deputéiert opgeruff ginn d‘Äusserunge vum US-President schaarf ze veruerteelen, ass mat 240 géint 187 Stëmmen zwar ugeholl ginn, mee nëmme véier Republikaner hunn se matgestëmmt. Dat léisst wäit blécken.

De Klatzkapp léisst net labber

Virum Vott gouf et den obligaten Debat. Dee sollt sech als „Hëtzeg“ erweisen. Esou huet d‘Cheffin vun den Demokraten am Kongress, Nancy Pelosi, de President schaarf veruerteelt: „D‘Äusserungen aus dem Wäissen Haus sinn inakzeptabel an eekleg – a se si rassistesch. Fir dës geféierlech Wierder vum President dierf et keng Plaz ginn“. Et hätt een erwaart, datt dës Wierder Wierkung hunn.

US-President

Mee aus de Reie vun de Republikaner ass wéineg ze erwaarden. Datt sech dann awer nach véier republikanesch Deputéiert mat enger Kritik aus der Deckung gewot hunn an dem US-President seng Äusserunge veruerteelt hunn… Et war allerdéngs keen aus der Parteileedung dorënner.

US-President

Dofir huet sech de Milliardär dann nees zu Wuert gemellt an dat fir den Nol nach eppes weider anzeschloen. Et wieren déi véier demokratesch Deputéiert mat Migratiounshannergrond déi hei den Opstand géife prouwen an dozou mengt hien: „Ech mengen déi haassen eist Land“. A wëll Kritik ëmmer dann, wann se net inzisiv ass, net genuch Opmierksamkeet op sech zitt gëtt nogeluecht.

Schwanzgesteierte Rassismus oder berechente Populismus

Et ass irrelevant op et der latenter Misogynie vum Donald „grab the pussy“ Trump geschëlt ass, oder et wierklech just ëm de Wahlkampf geet. De véier Fraen ze ënnerstellen, datt si sech net „patriotesch“ verhalen, just well dem Trump seng Awanderungspolitik net wëllen, ass scho krass.

US-President

Hie sot beispillsweis: „Ech hunn hei eng Lëscht mat Aussoe vun den Deputéierten. Déi si schlecht, esou fierchterlech, datt ech se eigentlech guer net liese wëll“. Huet hien och net, dofir ass et vill ze vill Text. Seng Beroderin Kellyanne Conway awer, an déi mengt: „Déi 4 Frae representéieren en däischtert Element an dësem Land, si hu kee Respekt virun eiser Arméi, net virun de Veteranen an onser humanitärer Hëllef. Firwat ass deem esou?“ Esou ee Message ass awer scho grenzwäerteg.

US-President

A während bei de Republikaner – zumindest no baussen – de Ball eppes méi flaach gehale gëtt wéi et dat vun hinne gewinnt ass, hu sech d‘Demokraten – ne liichte Reiwereien an de lescht Wochen – nees zesummefonnt. Wéi wäit hinnen dem Klatzkapp seng Äusserungen entgéint kommen, a voir…

mat indymedia/was

Illustratioun: Vytalis/Pixabay

Related topics Donald Trump, Populismus, Rassismus, US-President, US-Wahlkampf
Next post Previous post