Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europa League: F91 huet trotz Néierlag impressionnéiert
Kultur Neiegkeeten

Europa League: F91 huet trotz Néierlag impressionnéiert

Den AC Milan, deen sech zu gudder Lescht mat engem

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!
Kultur Neiegkeeten

Cannabis gëtt a Kanada legaliséiert. Mee kee weess, wien d’Steiere kritt!

Nodeems se sech a Kanada eens gi sinn de Cannabis

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart
Kultur Neiegkeeten

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart

Wa Staats- a Regierungscheffe vun esou groussen Natiounen, wéi d‘USA

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?

Imago ass d‘VoD-Plattform vun der ekologescher Transitioun

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?

Schwaarzen Hannergrond, iwwersiichtlechen Design, hei ass et den Inhalt op deen et ukënnt. Zudeem ass d‘Demarche esou däitlech wéi koherent: eng Plattform op där een Zougrëff zu Documentairen erhält, sech Serien an Emissiounen, mee och Kuerzfilmer ukucke kann, déi d‘ekologesch Transitioun behandelen. Dat ass IMAGO.

An dat alles ass méiglech ouni Reklammen an am Respekt vun den Autorerechter. Kléngt Verréckt ass et wahrscheinlech och. Jiddefalls huet sech dës franséisch Start-up eppes derbäi geduecht, wéi si kuerz virun de Feierdeeg „online gaangen ass“ a sech als de Netflix vun der ekologescher Transitioun virgestallt huet. Et soll déi éischt TV-Chaîne sinn déi vun a fir d‘Bierger gemaach ass.

Sënn an Zweck vun IMAGO? D‘Vulgariséiere vun den ekologeschen Asätz an Erausfuerderungen, iwwert d‘Benotze vu de Supporten déi haut jidderengem zougänglech sinn. Déi traditionell Tëlee, an déi iwwerméisseg kommerziell ausgeriichte Plattformen, kënnen do net mathalen, woubäi och d‘Sujete ganz oft net de wirtschaftleche Verflichtunge vun esou Entreprisen entspriechen.

Et ass wuel eng frankophon Video-Plattform, mee si beschränkt sech net eleng op den Hexagon, a sollt besonnesch bei deene Mënschen, déi sech fir eng besser Ëmwelt, fir eng nohalteg Zukunft a géint de Klimawandel asetzen, gutt ukommen. Hei erhält Zougank – och wann et nach d‘Beta-Versioun ass – zum Inhalt vun der ekologescher Transitioun, de konkreten Alternativen déi et gëtt.

E Schratt nom aneren

Natur an Ëmwelt sinn den zentralen Dréi- an Angelpunkt vun IMAGO, wat sech schonn eleng doduerch berechtegt, datt et op deenen anere grousse Plattformen engersäits net ganz einfach ass Inhalter vu gudder Qualitéit ze fannen, an anersäits vill engagéiert Videasten et net einfach hunn, sech hirem Zilpublikum virzestellen. IMAGO wëll dës béid Lager zesummeféieren.

Hei gëtt dann och eng kloer Linn gefuer: den Inhalt vun IMAGO ass ganz däitlech der ekologescher Transitioun, de Kritik vum virherrschende Wirtschaftsmodell an den Alternativen zu dësem Modell gewidmet. Dofir ass d‘Plattform gratis, et brauch ee keen Abonnement, d‘Code sinn optimiséiert an „Open Source“, fir datt och aner Plattformen dëse Code benotze kënnen.

Geleet oder organiséiert, jee no Siichtweis, gëtt IMAGO vun zwee Benevollen. Hinnen ass d‘Iddi zu dëser Plattform komm, wéi si virun dräi Joer mam Jonathan Attias, de Realisateur vum Dokumentarfilm „des clics de conscience“ a senger Liewensgefäertin, Caroline Perez, um Projet „Les gens qui sèment“ engem Web-Magazin, geschafft hunn. Hei hu si vill Videaste kennegeléiert.

Ënnert hinnen, därer déi sech grad eng Audienz opgebaut hunn, an därer déi et schwéier haten hir Wierker a Produktioune bekannt ze maachen. An domatter war d‘Entscheedung getraff, elo huet de Gedanken och nach missen ëmgesat ginn. E Projet deen sech nëmmen duerch d‘Zesummenaarbecht mat ville Frënn a Videaste realiséiere gelooss huet, an optimistesch Zukunftsperspektiven opweist.

Wat nach an der Leitung hänkt

Tëscht Oktober an Dezember hunn eng 50 Persounen d‘Applikatioun ausprobéiert, a vill Feedback geliwwert, firwat nach viru Chrëschtdag d‘Beta-Versioun vum Site konnt fräigeschalt ginn. Déi nächst Schrëtt bezéien sech op d‘Entwécklung vun der Plattform, déi zousätzlech Funktionalitéiten erhale soll. Dozou gehéiert e Faktencheck, deen a Kooperatioun mat „Captain Fact“ realiséiert gëtt.

Well des Projet en „associativen“ ass, envisagéieren d‘Grënner vun IMAGO, Hackathons ze organiséieren, an sech esou d‘Ënnerstëtzung vun „Entwéckler“ ze sécheren, déi kontinuéierlech derzou bäidroe sollen, d‘Plattform ze verbesseren. Op länger Siicht soll sech de Site automatesch mat Algorithme, an der Community (wéi Wikipedia) selwer geréieren.

Laangfristeg soll den Inhalt dann op „Wetube“ iwwerdroe ginn. Streaming-Plattformen déi ekologesch entwéckelt goufen, duerch d‘Benotze vu sougenannte „Peer-to-Peer“ Déngschter, bidden dozou vill Usätz. Interessant an nennenswäert, de Fait datt eng Rei Kreateuren esou iwwerzeegt sinn, datt si schonn de Wiessel vollzunn hunn. Et wäerten der nach vill nokommen.

Ähnlech Sujeten Captain Fact, ekologesch Transitioun, Frankräich, IMAGO, Video on Demand, Wetube
Nächsten Artikel Virrechten Artikel